Tribune libre vum Marc Angel: “En Europa fir d’Mënschen.”

A senger fräier Tribüne vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) befaasst sech den LSAP-Deputéierten Marc Angel mam Brexit a senge Konsequenzen fir Groussbritannien an der Zukunft vun der EU. Hei säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

Säit dem britesche Referendum den 23. Juni sti mer alleguerte virun der Fro, wéi et elo wäert weidergoen.

Säit dem Lissabonner Vertrag gett et mam Artikel 50 eng Prozedur fir den Austrëtt ze regelen.

Eréischt wann Groussbritannien des Prozedur aleet, wäerten d’Verhandlunge kenne lassgoen. De Ball léit elo bei den Briten. Den David Cameron huet säi Recktrëtt vir den Hierscht ugekënnegt, an iwwerléisst et sengem Nofolger, d‘Verhandlunge vir den Austrëtt unzefänken.

Fir d‘éischt mussen sech déi britesch Konservativ awer iwwert en Nofolger eens ginn. De Boris Johnson, ëmmerhin häertste Vertrieder vun der Brexit-Campagne, ass elo awer net bereet, Verantwortung ze iwwerhuelen.

All dëst verlängert Period vun der Onsécherheet, an der mir am Moment schwiewen.

Des Onsécherheet schued net nëmmen der Wirtschaft , dem Maart mee virun allem och de Mënschen.

Ech denken do net nëmmen un di bal 7.000 Britten di hei zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, mee och un déi vill europäesch Famillen, di sech iwwer Joren an England eng Zukunft opgebaut hunn an sech elo do net méi wëllkomm fillen. Si all stellen sech Froen, op déi et am Moment nach keng Äntwert gëtt.

De britesche Referendum huet zu engem Resultat gefouert, dat d’Populisten an eng absolut nei Situatioun befördert. Si hunn gewonnen. An elo?

D’Verspriechen, Suen déi op Bréissel gi stattdessen an hire Gesondheetssystem ze stiechen, hu keng 24 Stonnen iwwerlieft. Och d’Versprieche weider Zougang zum Marché unique ze kréien ouni fräie Persouneverkéier erweist sech als grouss Ligen.

Matt am schlëmmsten awer ass den Haass innerhalb vun der Bevëlkerung, deen duerch déi populistesch Parolen geschuer gouf. Wann ee mat auslännerfeindleche Parolen hantéiert, brauch ee sech net ze wonnere wann Rassisten all Hemmschwelle fale loossen. Den trageschen Héichpunkt vun deem Haass war den Doud vun der Labour-Deputéierten Jo Cox.

Mee et geet net duer, mam Fanger op alles ze weisen, wat an Groussbritannien falsch gelaf ass. Mir mussen och ons Europäesch Unioun verbesseren.

Wat ass d’EU?

D’EU si schlussendlech mir alleguerten. D’EU ass dat, wat mir se si loossen – a se ass eben och dat net, wat mir se net si loossen. An deene leschte Joren ass et leider oft esou, dass mer zwar Europawäit Léisunge fuerderen, mee se selten och erreechen.

Firwat ass dat esou? Ganz einfach dowéinst, well dat eng Fro vu politesche Majoritéiten ass. An et gëtt am Conseil, d.h. ënnert den nationale Regierungen, momentan keng Majoritéit vir méi EU, z.b. op wichtegen Themen wéi der Migratioun , dem Grenzschutz, oder och virun allem op der Fro vu enger richteger der Sozialunioun.

Eng Diskussioun iwwert Traitéen unzefänken, bréngt ons net vill weider. Komm mir gi fest dovun aus, dass mer d’EU als wichteg a richteg empfannen – an da streide mer iwwert hiren Inhalt. D’Méiglechkeeten vum Lissabonner Vertrag sinn nach laang net ausgeschöpft.

Mir Sozialisten sinn iwerzeecht, dass mer gemeinsam sozial Mindeststandarde brauchen.

D’Europäesch Sozialdemokraten hunn eng Visioun vun engem sozialen, ökologeschen a fortschrëttlechen Europa. En Europa dat sech op ville Punkte vun dem momentanen Europa ënnerscheed. Mir wäerten dat Europa méi staark vertrieden an der Zukunft. Vir en Europa, dat sech net nëmmen fir e fräien Handel a Mäert interesséiert, mee virun allem ëm déi Mënsche këmmert, déi an dëse Mäert liewen a schaffen.

Fräi Tribune Audio Marc Angel

Facebook
Twitter