D’Rentrée- eng nei Chance fir d’Schoul, e soziale Lift ze ginn

 

Transcript

COVID huet eis vill geléiert, net zulescht, datt een ganz dankbar gëtt fir eng gewëssen Normalitéit am Alldag, déi ee soss als selbstverständlech empfonnt huet.

Sou geet et och Schoulkanner- a Jugendlechen, Enseignanten an Elteren bei dëser Schoulrentrée. Unterrecht ouni Mask, wéi schéin! An trotzdeem ass et eng Freed mat ugezunnener Handbrems, well mir awer nach net ganz derduerch sinn, well eréischt d’Hallschent vun de Jonken tëscht 12 an 18 geimpft sinn, well nach ëmmer ze vill Erwuessener virun der Vaccinatioun zécken, a well engem d’Erënnerung un de leschte Wanter nach an de Schanke stécht.

Nawell ass d’Situatioun souwäit am Greff, datt d’Bildung an och d’Défien vum Bildungssystem nees an de Virdergrond réckelen. Net vu Mutwell: duerch d’Pandemie ass d’Chancenongerechtegkeet nach méi grouss ginn; grad Kanner aus sozio-ekonomesch schwaache Milieuen kruten nach méi Retard, besonnesch an de Sproochen – a natierlech ginn 2 Woche Summerschool net duer, fir d’Lächer ze stoppen. An deem Sënn begréisst d’LSAP ausdrécklech, datt déi vun eis laang gefuerdert gratis Nohëllef, gehale vu qualifizéiertem Personal, endlech soll kommen.

Fir d’Bildungsschéier nees méi zouzekréien, brauch et awer nach méi… elo, wou d’contenus essentiels definéiert goufen, ass dach déi optimal Geleeënheet, fir d’Programmer ze moderniséieren.

D’Schüler brauchen zäitgeméiss an attraktiv Contenuen, well d’Motivatioun ass de Schlëssel an der Bildung. Wann déi feelt, déi Motivatioun, ass den Echec virprogramméiert. Iwwer 1600 Jonker, déi all Joer mat der Schoul ophalen, dat sinn der vill ze vill. Hei ass eng déifgräifend Analyse néideg, firwat et zu esou Decrochage kënnt.

De Minister Meisch huet eng Schoulflicht bis 18 Joer an de Raum gestalt- mengt hien domat eng Ausbildungsflicht? En Unhiewen vum Pensiounsalter duerch d’hënnescht Dier kënnt jiddefalls mat der LSAP net a Fro.

Wat par conter fir eis eng absolut Prioritéit bleift, ass déi mental Gesondheet vun de Jonken.

Dat ass kee Pandemie-Thema wat sech vum selwen erleedegt, wa mir de Virus am Greff hunn. Ze vill Jonker hate scho viru COVID psychesch Problemer, Depressiounen, Burn-Out- d’Fuerderungen, wéi déi vun Psychologen an der Grondschoul sinn eescht ze huelen. Gepléischters wier dat falscht Signal.

Et gëtt also vill ze dinn, an der Schoul a fir d’Schoul. Et ginn och vill Usätz, fir datt d’Schoul d’Roll vum soziale Lift ka spillen. Dowéinst vun dëser Plaz fir dës Rentrée: Allen Acteure vill Energie an och Courage!

Francine Closener, 

LSAP-Deputéiert

Facebook
Twitter