“Tiers payant fir jiddereen!” – Tribune libre vum Taina Bofferding.

An hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch)  befaasst sech d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding mat der méiglecher Aféierung vum “Tiers payant généralisé” a mat de Virdeeler, déi esou e System, wou de Patient d’Suen net méi muss virstrecken, wann hie bei den Dokter geet, hätt.

Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

“Tiers payant” fir jiddereen!

 

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

Wär et net eng super Saach, wann Där an Zukunft bei der Visite bei Ärem Dokter, nach just e kléngen Deel vun Ärer Dokteschrechnung bezuelt an d’CNS direkt ee groussen Deel iwwerhëlt?

Also wann Dir keng Sue misst virstrecken an net méi misst op de Remboursement vun der CNS waarden?

Genau dowéinst gouf eng Petitioun gestart, fir d’Aféiere vum “Tiers payant généralisé”.

Iwwer 7.000 Leit hunn dës Petitioun ënnerschriwwen an dowéinst war kierzlech en interessanten Echange mat de Petitionnairen an der Chamber.

Ech gesinn eng Rëtsch Virdeeler fir de generaliséierten “Tiers payant” anzeféieren.

Meng Partei, d’LSAP, engagéiert sech dofir, datt jiddereen en Zougang zu noutwennegen an héichwäertege Consultatiounen a Behandlungen huet. D.h. fir eis datt keen Assuré wéinst finanziellen Ursaache vu Consultatioun oder Traitement ausgeschloss däerf ginn. Dofir empfanne mär de generaliséierten “Tiers Payant” als soziale Fortschrëtt.

4 kloer Virdeeler gesi mär hei fir de Patient, deen am Mëttelpunkt vun eisen Iwwerleeunge steet:

  1. De Patient brauch beim Dokter keng Sue méi virzestrecken
  2. Hien muss keng Rechnung méi der CNS eraschécken
  3. De Patient brauch net méi op Sue vun der CNS ze waarden
  4. Mam generaliséierten “Tiers payant”, schafe mär och nach d’Stigmatiséiere vun den aarme Menagen of, déi finanziell net sou gutt do stinn: Si bréichten deemno net méi op den “tiers payant social” zeréckzegräifen, wat zwar eng gutt a wichteg Hëllef duerstellt, mä net fir all Betraffenen ëmmer e ganz liichte Schrëtt ass, fir dës Aide um Sozialamt unzefroen.

Mam generaliséierten “Tiers payant” géif keng Differenz méi gemaach ginn – d’Leit wären all gläich gestallt. E ganz wichtege Punkt fir d’Selbstvertrauen an d’Würd vun de betraffene Persounen.

Nieft dem Argument vu méi Bequemlechkeet an der Vereinfachung vun der administrativer Prozedure, däerfe mär net vergiessen, datt fir vill Leit Dokteschrechnungen eng enorm finanziell Erausfuerderung kënne sinn.

Dat geet esouwäit, dass verschidde Leit, obwuel se krank sinn a medezinesch Hëllef bräichten, sech 2x iwwerleeën ob si elo wierklech bei e Spezialist solle goen, an dat nëmme wëll d’Sue knapp sinn.

Besonnesch bei laangwieregen a schwéieren Erkrankungen, wou d’Traitementer opwänneg an deier sinn, wäert de generaliséierten “Tiers payant” sécherlech eng grouss finanziell Entlaaschtung fir Patienten an hir Famillje bréngen.

Iwwer d’Konditioune vun enger Aféierung vum generaliséierten “Tiers payant” a méiglech Problemer, soll oppen a sachlech mat den Dokteren diskutéiert ginn.

Déi proklaméiert Risike vun

  • Entmëndegung vum Patient
  • Spueren um Réck vum Patient
  • an och d’Aschränkung vun der Behandlungsfräiheet kënne mär net novollzéien.

Den “Tiers payant” ass en administrativen Oflaf a näischt Neies:

Bei de Apdikten; Laboen a neierdéngs och bei de Kinéen hu mär gutt Erfarunge gemaach.

D’Ëmstellung ass am Ufank vläicht e bëssen opwänneg, mä hei konnt een sech eens ginn.

Wann et also bei deenen enge klappt firwat sollt et dann net och bei deenen aneren klappen?

Fir all Problem gëtt et och ëmmer eng Léisung.

Fir de generaliséierten “Tiers payant” ginn et praktesch nëmme Virdeeler, dofir kommt mär packen et un a suerge – och an dësem Beräich – fir de soziale Fortschrëtt!

 

 

Facebook
Twitter