Summerbilan vun den LSAP-Regierungsmemberen (1): Etienne Schneider

Am LSAP-Interview kucken déi sozialistescht Deputéiert op déi vergaange Chambersessioun zeréck an no vir op déi zweet Halschent vun der Legislaturperiod. Déi sozialistesch Regierungsmemberen hirersäits kommentéieren am LSAP-Summerbilan op eng ganz perséinlech Aart a Weis hir vergaangen, géigewäerteg oder zukünfteg (net zwangsleefeg politesch) Héichpunkten. Den Ufank mécht de Vizepremier a Minister fir Wirtschaft, bannescht Sécherheet a Verteidegung, Etienne Schneider.

–        Reform vun der Police : „No iwwer engem Joer Diskussioun a Konsultatioun mat de Gewerkschaften hunn d’Texter Enn Juli de Regierungsrot passéiert a ginn elo an der Chamber deposéiert. Dat ass eng wichteg Etapp. Mir respektéieren also den Zäitplang dee mer eis ginn haten. Domadder si mir eisem Ziel, fir d’Police anescht op ze stellen an domadder fir méi Sécherheet fir de Bierger ze kréien nees e grousst Stéck mi no komm. Keen, och keen Oppositiounspolitiker, huet bis haut d’Noutwendegkeet vun der Reform a Fro gestallt un der d’Basis vun der Police konstruktiv mat geschafft huet.“

–       Industriepolitik : „Zanter 15 Joer hate mer dat net méi, datt mer bannent e puer Wochen esouvill nei Betriber respektiv nei Industrie-Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg annoncéiere konnten : 500 Milliounen Euro ginn investéiert a iwwer 450 nei Aarbechtsplaze geschaaft. Dat weist, datt de Grand-Duché nach Atout’en huet fir nei Industrien un ze zéien : seng geografesch Lag matzen an Europa fir den EU-Marché ze beliwweren, een internationaalt Ëmfeld oder di kuerz Wee’er kenne keen anert Land esou einfach vun eis kopéieren. Dësen Invest weist och, datt net e Mindestloun an net Steiertariffer zu Lëtzebuerg esou industriell Investissementer am Wee stinn.“

–          Initiativ SpaceResources.lu : „De Projet krut weltwäit Echo’en an der Press an huet eist Land emol méi als innovative First-Mover an engem Beräich duergestallt, wou Lëtzebuerg mat der SES schonn e Weltleader huet bei deem d’Geschicht viru 35 Joer ähnlech ugefaangen hat. Matt der Initiative wëlle mer de Spacesecteur zu Lëtzebuerg weider entwéckelen an eis Ekonomie weider diversifizéieren. Et geet an enger éischter Phase drëms, fir Rechercheaktivitéiten an di néideg Kompetenzen op Lëtzebuerg ze kréien, déi di néideg Technologien entwéckele fir Ressourcen am Weltraum ze fannen an ze exploitéieren. Zwou grouss amerikanesch Firmen hu sech schonn zu Lëtzebuerg dofir niddergelooss.“

–          Défense/Arméi: “Fir datt eist Land all sengen nationalen an internationalen Engagementer kann nokommen, muss di lëtzebuerger Defense anescht opgestallt ginn. Dofir sinn mir am gaangen eng Iwwerleeung iwwer d’Strukture vun der Defense ze féieren. D’Direction de la Defense, den Etat-major vun der Arméie an den Härebierg mussen enk a professionell zesummeschaffe fir deenen Aufgabe och an Zukunft gerecht ze ginn. ”

 Qualitative Wuesstem: “Grad an dësen Zäite wou d’Economie wiisst, ass et dem Wirtschaftsministère seng Aufgab fir ze kucken, a wéi eng Direktioun mir de weidere Wuesstem vu Lëtzebuerg an den nächste Joren a Joerzéngten orientéiere wëllen. Am Interêt vun den nächste Generatioune musse mir schonn haut d’Weiche stellen, fir eis Croissance laangfristeg a virun allem nohalteg z’erhalen. Fir eise Sozialsystem of ze sécheren an Aarbechtsplazen ze schafen hu mer am Kader vun der Studie mam Jeremy Rifkin di grouss Tendenze gekuckt, op déi Lëtzebuerg an Zukunft setze muss. D’Resultater presentéiere mer am November.“

Facebook
Twitter