SREL-Reform: “Mir sollten de Verantwortlechen vum Geheimdéngscht Vertraue schenken.”

Si ass déi direkt Konsequenz vun den Dysfonctionnementer déi 2013 festgestallt goufen an déi dann opgrond vum Rapport vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun zu virgezunne Neiwahle gefouert hunn: Riets ass vun der Reform vum Geheimdéngscht, dem SREL (“Service de renseignement de l’Etat du Luxembourg”), déi um Donneschde Mëtten vun der Chamber gestëmmt gouf.

D’Reform vum SREL gesäit eng verstäerkte Kontroll vum Geheimdéngscht, eng Prezisioun vu senge Missiounen an eng Definitioun vun de Rechter a Flichten vun de Geheimagente vir. Och ginn mat der neier Regelung d’Mëttel an d’Moossnahme beschriwwen, déi dierfen agesat gi bei der Recherche vu Renseignementer, den Zougang, den Echange a d’Kommunikatioun vun dëse Renseignementer gëtt detailléiert.

Den Alex Bodry ass a senger Ried op d’Geschicht vum SREL agaangen an huet drun erënnert, dass d’LSAP schonn 2004 an der Debatt iwwert d’SREL-Gesetz op divers Schwaachstelle vum SREL-Gesetz higewisen an entspriechend Ännerunge virgeschloen huet. Verschiddener vun dëse Schwaachstelle géifen elo mat dem neie Gesetz behuewen. Virun 12 Joer – kuerz virun de Wahlen – wieren déi Ännerungen net méiglech gewiescht well se vum deemolege Staatsminister Juncker an der CSV ofgelehnt goufen. D’LSAP huet sech dunn schliisslech enthalen. “Munches hätt een sech kéinte erspueren, wann ee méi am Konsens geschafft hätt”, esou den LSAP-Fraktiounschef réckbléckend.

Ewéi seng Virriedner huet den Alex Bodry ënnerstrach, dass Lëtzebuerg vläicht grad haut, nach e Geheimdéngscht brauch fir verschidden Erausfuerderunge fir de Schutz vun der Bevëlkerung kënnen ze garantéiere géint Terrorismus oder aner Forme vu Kriminalitéit ewéi z.B. der Cyberkriminalitéit.

D’Fro wier also net ob ë Geheimdéngscht, mee villméi wéi ee Geheimdéngscht? Mat dem neie Gesetz, dat op de Recommandatioune vun der Enquêtëkommissioun berout, géif probéiert ginn, dës Fro beschtméiglechst ze beäntweren. Déi méi staark parlamentaresch Kontroll an déi méi streng Reglementatioun vun deene verschiddenen Aktiounen huet den Alex Bodry als wichteg Punkte beschriwwen. Positiv ervir gestrach huet den LSAP-Spriecher och d’Karenzzäit déi en Agent zukünfteg respektéiere muss wann hien vum SREL an d’Privatwirtschaft wëll wiesselen.

D’Gesetz géif deemno bal allen Fuerderungen, déi parteiiwwergräifend an der Enquêtëkommissioun formuléiert goufen, Rechnung droen a gläichzäiteg nei Elementer aféiere wéi z.B. den Informanteschutz. Zu dem ëmstriddene Punkt vum sougenannte “Staatstroianer” sot hien, dass een domadder averstane kéint sinn, wëll wann net fir d’Enquête relevant Donnéeë gesammelt géifen, dës direkt missten zerstéiert ginn. Den Text wier an dësem Sënn kloer. Ofschléissend huet den Alex Bodry zu de vill diskutéierten Primmen erkläert, dass am Interêt vun der Saach an de concernéierte Beamten eng propper Léisung fonnt gi wär.

Aus Siicht vun der LSAP wier dat neit Gesetz e modernt Gesetz vum Geheimdéngscht, esou den Alex Bodry. Sécherlech wier et net perfekt an et géif Dysfonctionnementer net ganz ausschléisse mee et géif de Risk heifir méi kléng maachen. De SREL-Skandal hätt op alle Fall e Schock ausgeléist, “vläicht en heilsame Schock”. « Mir sollten dem SREL a senger Direktioun Vertraue gi fir dass si déi Missiounen, déi de Legislateur mam neien Text méi genau festleet, kënnen erfëllen », esou den Alex Bodry.

Facebook
Twitter