“Spillregele fir e gutt Zesummeliewen” – Tribune libre vum Claude Haagen.

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) zum Thema “Spillregele fir e gutt Zesummeliewen” befaasst den LSAP-President an Deputéierten Claude Haagen mat der Reform vun de sougenannte Pecherten, also den “Agents municipaux”, déi an Zukunft eng Rei nei Kompetenze solle kréien fir géint kleng Incivilitéite kënne virzegoen. Domadder sollen d’Police an d’Geriichter entlaascht ginn.

Hei dem LSAP-Parteipresident säi Bäitrag fir nozeliesen a fir nozelauschteren.

 


 

Spillregele fir e gutt Zesummeliewen

 

Knätsch an Zigarettestëmp um Trottoir, Noperen, déi Sonndes de Wuess méien an Owes mat der Buermaschinn schaffen, wann anerer wëlle schlofe goen, Leit, déi hir Poubellen Dag an, Dag aus virun der Dir stoen hunn, sou dass kee méi laanscht kennt mat enger Poussette oder engem Rollator …

A ville Gemenge gëtt et Reglementer, déi kleng Incivilitéite verbidde fir sou e gutt Zesummeliewe vun allen Awunner ze garantéieren. Fakt ass awer, dass net jiddereen sech un des Reglementer hält an sou Verstéiss net bestrooft ginn. Déi meescht hunn sech domat offonnt, dass d’Police net fir all Hondsdreck an der Foussgängerzon kennt. Et huet ee jo och Verständnis dofir, dass et méi schlëmm Verbrieche gëtt, an d’Police net iwwerall ka sinn. A souguer wann d’Police e Protokoll schreift, ass d’Wahrscheinlechkeet grouss, dass de Parquet den Dossier erëm zou mécht, well och eis Geriichter méi dringend Affairen ze behandelen hunn.

Als LSAP begréisse mir dofir, dass den Inneminister Dan Kersch elo e Gesetzprojet ausgeschafft huet, fir déi Situatioun endlech ze verbesseren. Eng Rei vun deene Verstéiss géint d’Gemengereglementer sollen an Zukunft kennen iwwert eng administrativ Strof vun engem Agent municipal sanktionéiert ginn.

Et handelt sech heibäi em e Katalog vu Virschrëften, déi eenzel Gemenge kennen an hiert Reglement ophuelen, wann se dat wëllen. Et handelt sech em kleng Strofen tëschent 25 an 250 Euro, woubäi dee Schëllege mat 25 Euro ewechkënnt, wann en bannent enger Woch bezilt. Et kann natierlech e Recours beim Tribunal administratif géint déi Strof maachen, mä och hei gëtt eng nei Prozedur agefouert, déi schnell kann ofgeschloss ginn a wou keen deieren Affekot muss bezuelt ginn.

D’Gemenge kréien also endlech en Instrument, wat gläichzäiteg wierksam a verhältnisméisseg ass. Si kréien eng Méiglechkeet, dofir ze suergen, dass hir Reglementer besser respektéiert ginn, ouni dass eng deier a komplizéiert Prozedur muss ageleet ginn.

Et gëtt awer keng Gemengepolice geschafen. Och an Zukunft wäerten d’Agents municipaux keng Waff droen oder Leit kenne festhalen. Et ka wuel sinn, dass deen een oder aneren dovu profitéiert, fir sech enger Strof ze entzéien, mä je no Situatioun ass dee Schëllege jo awer bekannt. D’Police bleift och weiderhin fir all déi Fäll zoustänneg, wou d’Agents municipaux kennen agräifen. Si kann also no Bedarf dobäi geruff ginn.

Ech hoffen, dass des Initiativ vum Inneminister, déi gutt virbereet gouf an op Erfahrungen aus vergaangene Joren opbaut, ka schnell ëmgesat ginn.

Et sollt een net ënnerschätzen, wéi staark déi kleng Respektlosegkeeten d’Liewensqualitéit vun den Awunner beaflossen. E Sträit tëscht Nopere ka schnell eskaléieren an d’Gefill, belästegt ze ginn, ouni eppes kennen dogéint ze maachen, schléit séier op d’Gemitt. Wa jiddereen e bësse Récksiicht hëlt an e puer Spillregelen anhält, verbessert sech och dat allgemengt Sécherheetsgefill.


 

Tribune libre Claude Haagen “Agents municipaux” – AUDIO

Facebook
Twitter