“Sécherheetspolitik am ëffentleche Raum”- eng “Tribune libre” vum Dan Biancalana

D’Sécherheet am ëffentleche Raum war deslescht ëmmer erëm am Fokus vun de politeschen Diskussiounen. Déi Diskussioune ginn, vun de Betraffenen, mee och op der Place publique, deels ganz emotional gefouert. Dat ass och duerchaus ze verstoen.

D‘Sécherheet ass e Grondbedierfnis vum Mënsch. D’Gefill vu Sécherheet ass fir dat individuellt a gemeinschaftlecht Liewensgefill zentral a fundamental wichteg. D’Caroline Pozmentier sot eemol: “D’Politik ass zwee Risiken ausgesat  dem, sech den Emotiounen ze ënnerwerfen an dem, se komplett aus hirem Denken auszespären.”

Sécherheet ass e wäitgespaante Begrëff a beinhalt eng ganz Rëtsch vu Facetten. Am Alldag erliewen d‘Bierger Sécherheet an Onsécherheet ënner anerem am ëffentleche Raum. Déi Sécherheet verspiert och jiddereen anescht. D‘Leit kënnen zwar objektiv a Sécherheet sinn, mee sech subjektiv awer onsécher spieren. Dat subjektiivt Onsécherheetsgefill ass net ëmmer un reell Risike gebonnen a geet och wäit iwwer d‘Angscht virun der Kriminalitéit eraus.

Berechtegt Suergen eescht huelen an déi objektiv Fakten evaluéieren

Als Politiker an Entscheedungsträger beweege mer eis an dësem Spannungsfeld. Mir mussen déi berechtegt Suergen an Ängschte vun de Bierger eescht huelen. Mee et gëllt och, déi objektiv Realitéit ze bewäerten an eis Sécherheetspolitik op Basis vu Fakten ze definéieren an ze evaluéieren.

Dobäi muss een och soen, dass et eng Erausfuerderung ass, en objektivt Bild vun der Sécherheetssituatioun ze kréien. Statistiken an Zuelen hunn och hir Limitten. Hei zu Lëtzebuerg erlaben eis d‘Kriminalstatistike vun der Police zwar, gewëssen Tendenzen ze zeechnen, déi awer ëmmer mat Virsiicht ze genéisse sinn.

An den Ae vun der LSAP wier et nëtzlech, méi komplett an integréiert Statistiken ze féieren, déi eis nach méi zouverlässeg Erkenntnisser ginn an domat eng méi wëssenschaftlech a fundéiert Basis fir eng entspriechend Sécherheetspolitik am ëffentleche Raum ze gestalten. Gläichzäiteg musse mer probéieren, dat subjektivt Onsécherheetsgefill vun de Bierger gräifbar ze maachen. Mir mussen erausfannen, wat dës Onsécherheetsgefiller ausmaachen a wéi eng Mesuren oder Facteuren zu enger Verbesserung vum Sécherheetsgefill bäidroe kënnen.

Etüden hunn zum Beispill gewisen, dass Vertrauen an d’Institutiounen, mee och an d’Matmënschen, zentral ass. Eng Sécherheetspolitik fir den ëffentleche Raum geet also wäit iwwer d’Kriminalitéitsbekämpfung eraus. Et ass eng gesamtgesellschaftlech Aufgab a muss all déi concernéiert Acteure mat an d’Boot huelen.

Kompetenze vun den Agents municipaux mussen erweidert ginn

Präventiv a repressiv Mesurë mussen sech ergänzen an aneneegräifen. Béid si néideg a komplementar.

D’Police spillt eng wichteg Roll, och wann hiren Interventiounsradius kloer definéiert ass. Dat huet de Minister am Fall vun der Drogeproblematik erkannt a sicht Synergië mat 5 Ministèren a mat der Police zesummen. Léisungsusätz ausschaffen ass wichteg. Als LSAP si mer gespaant op d’Resultater vun dësem Exercice.

Den Asaz vun enger privater Sécherheetsfirma an der Stad, déi duerch hir Presenz zu méi Sécherheet bäidroe soll, gesi mer kritesch. Legal gesinn ass et problematesch an als Mesure huet se kloer Limitten a kann, wann iwwerhaapt, nëmmen e klengen Deel vun enger méi allgemenger Preventiounsstrategie sinn.

Mir begréissen dofir och d’Annonce vun der Inneministesch, dass d’Kompetenze vun den Agents municipaux, och Pecherte genannt, op Gemengenniveau gesetzlech erweidert solle ginn. Si kënnen esou a Saache Präventioun eng wichteg Roll spillen an duerch hir Presenz dat subjektivt Sécherheetsgefill weider verstäerken.

De Platzverweis ass fir d’LSAP just a Kombinatioun mat gläichzäitege Sozialmesueren ze vertrieden  

Repressiv Mesuren hunn natierlech och hir Plaz an dem Gesamtbild. Mee e Fokus op Repressioun an Häert eleng wäert eis net weiderbréngen.

Déi eventuell Aféierung vun engem Platzverweis ass fir d‘LSAP just ze vertrieden, wa mer gläichzäiteg Sozialmesuren a -programmer en place setze, fir deene Leit ze hëllefen, déi hei an deene meeschte Fäll viséiert sinn an oft zu deene Schwächsten an der Gesellschaft zielen. Mir mussen d’Aarmut bekämpfen, a net déi Aarm. Soss gi mer de Risiko an, grad si ze stigmatiséieren.

D‘LSAP plädéiert dofir fir eng Sécherheetspolitik, déi där Komplexitéit Rechnung dréit, déi méi weit geet wéi just den Appell fir méi Recht an Uerdnung, an an där d’Sozialpolitik, d‘Integratiounspolitik an d‘Präventioun ebenbürteg mat der Repressioun sinn. Et geet drëms, eng nohalteg Sécherheetspolitik ze definéieren, a net Politik mat der Sécherheet ze maachen. Well nëmmen sou kënne mer laangfristeg sécher am ëffentleche Raum zesummeliewen.

D’Tribune libre kënnt Dir och hei nolauschteren.

Facebook
Twitter