Rapporter Claude Haagen: « De Budget 2017 fënnt de richtege Mëttelwee »

„De Budget 2017 an de Pluriannuell fannen de richtege Mëttelwee: D‘Staatsschold gëtt stabiliséiert, gläichzäiteg geet den Invest erop, an d‘Kafkraaft vun de Bierger a Salariéen gëtt duerch d‘Steierreform an eng Partie aner Mesuren gestäerkt.“ Dat sot de Budgetsrapporter Claude Haagen a senger Ried zum Budget 2017 an der Chamber.