Pressekonferenz zur Rentrée parlementaire 2017/2018: « Fir eis Säit heescht et: Mission accomplie! »

Op der Rentrées-Pressekonferenz vun der LSAP-Fraktioun huet den Alex Bodry – ee Joer virun de Chamberswahlen – e positive Tëschebilan vun der Regierungsaarbecht gezunn an de Fonctionnement vu Rout-blo-gréng als „quasi optimal“ gelueft.

Wichteg Projeten an der léschter Chambersessioun si fir d’LSAP d’Reform vun der Uni, d’Reform vu Justizwiesen an d’Reform vum Familljerecht. Op der sozialistescher Agenda fir déi nächst Méint stinn, ewéi den LSAP-Fraktiounschef betount huet, och den Ofschloss vun den Aarbechten un der neier Verfassung, d’Reform vum RMG-Gesetz an d’Reforme ronderëm d’Sécherheet ewéi z.B. Ännerungen um Code pénal oder d’Policereform.

Ausserdeem soll mat der Ofschafung vun de Kierchefabricken déi lescht Etapp vun der Trennung vu Kierchen a Staat ofgeschloss ginn. Ganz uewen op der Prioritéitelëscht vun der LSAP stinn dann awer d’Themaen Digitaliséierung, Mobilitéit a Logement, dräi Sujeten, déi och am Wahlprogramm vun der LSAP d’nächst Joer eng zentral Roll dierfte spillen.

Wat d‘Logementsproblematik ubelaangt, esou huet den Alex Bodry gefuerdert, dass keen Instrument a priori sollt ausgeschloss ginn. Weder déi „douce“ Instrumenter, gemengt si Subventiounen, nach déi ë bësse méi dirigistesch, also d’Plans sectoriels. Als lescht Léisung misst d’Expropriatioun net nëmmen theoretesch och eng Méiglechkeet bleiwen.

 

De Reportage op rtl.lu: « D’Schwaarzmolerei vun der CSV ass net gerechtfäerdegt »

Facebook
Twitter