Pressehëllefgesetz: Et gëtt Zäit!

D’Reform vum Gesetz fir d’Pressehëllef ass iwwerfälleg an elo, no 7 Joer Aarbecht a ville Reuniounen, endlech op der leschter Linn droite. Déi initial Gesetzesvirlag ass an der parlamentarescher Mediekommissioun iwwer 20 Mol ëmgeännert ginn, virun allem opgrond vun den Avisen vun de Vertrieder vum Secteur an vum Staatsrot. Elo gëtt drop gewaart, dat nach vun den zoustännegen Bréisseler Autoritéiten gréng Luucht fir déi final Versioun kënnt. Dofir hunn mir als Majoritéit eis haut an der Medien-Kommissioun vum Parlament dofir entscheet, d’Vertrieder vum Secteur net anzelueden, sou wéi verschiddener dat gefrot haten. Bei engem Secteur, deen esou ënnerschiddlech ass, wei den Medien-Secteur, ass et normal, dat een net jidderengem zu 100% kann Satisfaktioun ginn.

Ech sinn awer der Meenung dat d’Gesetzesvirlag, sou ewéi se elo ass, gutt ass. Dëst well déi finanziell Hëllef fir d’Zeitungen net méi, wei dat aktuell de Fall ass, vun der Zuel vun de Säiten ofhänke wäert, mee de Critère fir déi staatlech Hëllefen ze kréien, virun allem d’Zuel vun fest agestallte Journalisten gëtt. Dat erlaabt et, fir déi reng online-Medien mat anzebezéien an fërdert d’Qualitéit am Plaz d’Quantitéit.

Déi traditionell Presse ass am Moment an enger seriöer, struktureller Kris, déi duerch d’Pandemie nach eng Kéier verschäerft ginn ass. Dat traditionellt Annonce-Geschäft ass fir vill Zeitungen agebrach. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt dat néit Gesetz elo endlech kënnt a eise Medien an dëser schwiereger Zäit ënnert d’Äerm gräift.

Well den Austausch mat den Professionellen aus dem Secteur awer wichteg bleift, hunn ech haut an der Medien-Kommissioun proposéiert, dat d’Pressehëllefsgesetz awer zimmlech séier soll evaluéiert ginn: an zwar 2 Joer nodeem et a Kraaft getrueden ass. Dann sollen och déi verschidden Acteuren an Beruffsgruppen gehéiert ginn, am Beschten a Form vun engem Hearing. Sollten sech effektiv an der Praxis Schwaachstellen bemierkbar maachen, dann kann a muss een d’Gesetz dann nobesseren. Ech sinn frou, datt des Propositioun och esou an der Kommissioun zeréck behalen ginn ass.

Mee elo ass et wichteg, datt mir d’Gesetz séier stëmmen, fir datt déi verschidden Medienhaiser d’Hëllef kréien; vill vun hinnen sinn ganz einfach dorop ugewisen, fir kënnen weider ze fonctionéieren.

Francine Closener

Deputéiert

Facebook
Twitter