„Wat d’Sozialiste méi staark sinn, wat d’Politik besser ass!“

Léif Lieserinnen, Léif Lieser,

Et gëtt der, déi behaapten, déi sozial Gerechtegkeet wier nëmme méi e Randthema, an et géif méi wichteg Theme ginn. Mär Sozialiste soen: et gëtt keng wichteg Problematik op dëser Welt, déi ouni sozial Gerechtegkeet kéint geléist ginn. Dat zielt fir den Honger an der Welt, fir de systemverscholdene Klimawandel a fir d’Erhalung vum Fridden. Mee och vill national a lokal Problemer, wéi zum Beispill d’Wunnengskris, kann een ouni radikal gerecht Mesuren net léisen. De Prinzip vun der Gerechtegkeet ass also net nëmmen e philosopheschen, mee en huet och e ganz pragmateschen Deel a stellt déi politesch DNA vun de Sozialisten duer. Dat weess och déi politesch Konkurrenz aus Majoritéit an Oppositioun, wat eis net ëmmer iwwerall beléift mécht. Mee domat kënne mär gutt liewen.

Mär hunn zu deene verschiddenste Punkte konkret Virschléi, wat ee kéint besser maachen. Mär schreiwe Lieserbréiwer an Artikelen a bedeelegen eis un haarden Diskussiounen an de soziale Medien. Mär entwéckele Programmer, diskutéieren an Aarbechtsgruppen an engagéieren eis a Gewerkschaften. Mär si present mat eisen Iddien, eise Virschléi a Léisungen. Mee – et geet net séier genuch – mär mierken dass mär net esou staark sinn, wéi mär et misste sinn, fir déi néideg Verännerungen nach méi séier ëmzesetzen!

Solle mär dofir de Kapp an de Sand stiechen, an eisem Engagement noginn, eventuell souguer opginn? Dat wier de schwéierste Feeler, dee mär elo kéinte maachen. E géif alles woufir eis Virgänger a mär selwer jorelaang gekämpft hunn, ganz séier erëm futti maachen. Nee mär mussen eis Beméiungen nach verstäerken. De Motto ass esou einfach wéi wouer: Wat d’Sozialisten méi staark sinn, wat d’Politik, an an eisem Fall d‘Regierung, besser ass!

De Budgetsprojet 2021 ass dofir e gutt Beispill. En dréit enger Mindestlounerhéijung op den 1. Januar Rechnung. Och wann dat fir d’Sozialisten normal ass, well mär et als automatesch Upassung un d’Lounentwécklung ugesinn, esou ass et dat nach laang net fir jiddereen, wéi déi fanatesch Géigereaktiounen vu verschiddene Patronatsvertrieder weisen. Géif et déi Erhéijung ouni d’Sozialisten an der Regierung op den 1.1.2021 ginn?

De Budget 2021 gesäit e sozialen Ausgläich bei der geplangter CO2-Steier vir. Fir d’Sozialisten ass et kloer, jo eng Bedingung, dass de Kampf géint de Klimawandel net dierf um Bockel vun deenen ausgedroen ginn, déi schonn am mannsten hunn. D‘Erhéijung vum „crédit d’impôt“ kënnt alle Leit mat manner ewéi 80.000 € Joresakommes zegutt, bis 40.000 € profitéiert e voll vun deene 96 € cash an d’Täsch. Géif et dat ouni d’Sozialisten ginn?

De „chômage partiel“ huet ville Betriber d’Iwwerliewen a ville Salariéen d’Aarbechtsplaz gerett. Och 2021 gëtt massiv op „chômage partiel“ zeréckgegraff. Mee och d’Ausnamereegelung, dass kee manner wéi de Mindestloun am chômage partiel kritt gëtt weider gefouert. Géif et déi Ausnamereegelung ouni d’Sozialisten ginn?

D’Besteierung vun de FIS-Fongen déi mat Wunnengen spekuléieren gëtt ab 2021 (endlech) Wierklechkeet. Genausou gëtt dem Unfug mam „amortissement accéléré“ am Wunnengsberäich – engem onnéidegen Steiercadeau un Investisseuren – eng éischte (wann och bescheiden) Brems ageheit. Géif et dat ouni d’Sozialisten ginn?

Ech schreiwen dës puer einfach a konkret Beispiller am Kontext vum Regierungsbudget 2021 hei nidder, well et ëmmer erëm Leit gëtt, déi eis soen, wat een nach alles besser maache misst. Dat ass och ok esou. Wéi een dat allerdéngs alles ënnerhalb vun der bestoender politescher Konstellatioun fäerdeg bréngt, dat huet bis elo nach keen eis gesot.

Ech fäerten dat läit dodrun, dass et op déi Fro och keng Äntwert gëtt. Mee et gëtt awer eng Léisung: an déi fannt Där am Fettdrock am 3. Abschnitt vun dësem Editorial.

Mat léiwe Gréiss, a bleift gesond

Dan Kersch

Facebook
Twitter