Nei Konventioune mat de Kierchen: « E weidere Punkt vum LSAP-Wahlprogramm ass ëmgesat! »

Nodeems am Februar dëst Joer dat neit Gesetz zur Finanzéierung vun de Kierchefabricken ugeholl an déi lescht Woch d’Aféierung vun engem neutrale Wäerterunterrecht am Secondaire gesetzlech beschloss gouf, huet d’Chamber haut e weidere Schrëtt a Richtung Trennung vu Kierch a Staat gemaach.

D’Deputéiert hunn an hirer Sëtzung vun haut d’Neiregelung vun de Konventiounen tëscht dem Staat an de Glawensgemeinschafte gutt geheescht. E weidere Punkt vum LSAP-Wahlprogramm ass domadder ëmgesat.