Nei Deputéiert: Untrëttsried vum Francine Closener

D’Francine Closener ass um Dënschdeg de Mëtten als nei Deputéiert vereedegt ginn. D’LSAP-Politikerin ass an d’Chamber nogeréckelt, dat nodeems fest stoung, dass de Marc Angel d’Europa-Parlament wiessele géif.

Hei der LSAP-Politikerin hier Untrëttsried:

 


 

Här President,

Virun net grad 25 Joer souz ech eng éischte Kéier als frëschgebake Journalistin do uewen op der Tribün, an hu mir gesot : hei gëtt also d’Politik gemaach, hei ginn di grouss a manner grouss Decisioune fir eist Land geholl, hei gi Gesetzer diskutéiert a gestëmmt.

Zanterhier huet d’Politik mech net méi lass gelooss, ech hu se observéiert a kommentéiert. Viru 6 Joer hunn ech dunn selwer de Schratt an d’Politik gewot, dee mech an d’Regierung gefouert huet,

An haut sinn ech frou an houfreg, fir Member vum Parlament ze ginn, d’Successioun fir de Marc Angel z’iwwerhuelen, deen de Garant ass vun enger kompetenter a sozialer Politik am Europaparlament.

Ech hu mir dee Schratt, fir dëst Mandat unzehuelen, gutt iwwerluecht. Déi Aarbecht, déi ech zanter de leschte Wale gemaach hunn, ass mir nämlech immens wichteg. Et geet drëm, fir Lëtzebuerg an der Welt besser a méi richteg duer ze stellen: wa mir eis net selwer ëm eist Bild no bausse këmmeren, da maachen anerer dat fir eis – an déi hunn bestëmmt net ëmmer d’Intressie vun de Leit zu Lëtzebuerg am Sënn. Déi Aarbecht fir eng koordinéiert a glafwierdeg Promotioun vu Lëtzebuerg a sengem Image de Marque muss weider goen.

Mee ech sinn nu mol e politesche Mënsch. A wéi de Willy Brandt et richteg sot :

« Dee beschte Wee, fir d’Zukunft virauszesoen, ass deen, déi Zukunft selwer ze gestalten. «

Ech kréien elo hei d’Geleeënheet, fir mat ze gestalten, an dat virun allem a Beräicher, déi mir perséinlech um Häerz leien.

Éischtens, an der Educatioun :

Wat kann et méi Wichteges ginn. D‘Investitiounen an d’Bildung vun eise Kanner sinn Investitiounen an eis a virun allem an hier Zukunft. Sécher, et si vill, gutt Reformen di lescht Joren an der Schoul gemaach ginn – mee als Mamm vun 2 Kanner weess ech och, datt um Terrain nach net alles optimal leeft. Et ass d’Aufgab vun der Politik derfir ze suergen, datt d’Léierpersonal déi Moyene kritt, déi néideg sinn, fir gär a gutt Schoul ze halen. Ech schwätzen do vun essentielle Kaderbedéngungen, net vu Privileegien.

Meng 2. Prioritéit ass d’Wirtschaft, ee vun den dräi Piliere vun enger nohalteger Entwécklung. Wéi erhale mer eise Wuelstand a ginn an engems anescht, besser mat eise Ressourcen a mat eiser Ëmwelt ëm ? Wéi begleede mer d’Digitaliséierung mat hirem enormen Impakt op eis Gesellschaft an Aarbechtswelt ? Wéi erhale mir eise soziale Fridden ?  Schwiereg Froen, op déi et keng einfach Äntwerte ginn.

An 3. Thema : d’Gläichstellung vu Fraen an Männer.

Nee, se ass net erreecht, jo, de gliesene Plaffong gëtt et nach, an d’Gewalt doheem, déi zu iwwer 90 Prozent Fraen trefft, dat ass keng Privatsaach, an dat dierf net mat Fatalismus hi geholl ginn, mee de Kampf dogéint muss a mengen Aen eng Prioritéit si fir dëst Haus.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir liewen a schwieregen Zäiten : di grouss Katastrophen aus dem 20. Joerhonnert an hier Ursaachen, schénge vergiess. Op ville Plazen an der Welt, an och hei am Land, gëtt nees dat haart gesot, wat 75 Joer laang tabu war. Nei Feindbiller ginn eru gezillt an einfach Léisungen op schwiereg Problemer versprach. Dat ass ee geféierlecht Spill, op dat mer eis net dierfen aloossen.

Här President,

Mir liewen an enger räicher Gesellschaft –  an dach feelt et Villen un deem Néidegsten.

Mënschewierdegt Wunnen a Liewen, soziale Fridden, Bildung, eng gesond Ëmwelt – dat si keng Privileegie vun Eenzelen, mee all dat muss een Acquis fir jidderee sinn.

Dat ass de roude Fuedem, deen sech duerch meng politesch Aarbecht wäert spanen.

Ech soen Iech Merci

Facebook
Twitter