Mënscherechter am Sport

Här Präsident,

Sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

Iwwer 6500 Aarbechter si beim Bau vun de Stadie fir d’Fussballweltmeeschterschaft déi am Wanter 2022 am Katar stattfanne soll schonn wéinst de katastrophalen Aarbechtsbedingungen ëm d’Liewe komm, wéi aus engem rezente Bericht vun der Zeitung The Guardian ervirgeet. Et ass e Land, wou d’Mënscherechter mëssuecht ginn, a wou d’Opfaassung dozou och eng Aner ass wéi am Grand-Duché. Wärend den däitsche Fussballverband (DFB) am Joer 2019 beschloss huet keng Matcher a Länner ze bestreide wou beispillsweis Fraen a Männer net gläichgestallt sinn an hire Präsident Fritz Keller erkläert huet: „(…) (dass) wir keine Auswahlmannschaften mehr zu Spielen in Ländern antreten lassen, in denen Frauen nicht gleichberechtigt und frei von Diskriminierung Zugang zu Fußballstadien oder anderen Sportstätten gewährt wird.“, seet de Präsident vun der FLF, Paul Philipp: “(…) wat elo vu politescher Säit ass ass net eise Problem, ech kucken dat sportlecht (…)”.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Sportminister dës Froe stellen:

– Wéi steet déi Lëtzebuerger Regierung zu dëser Problematik?
– Ginn et Virgabe vu Regierungssäit, wou, géint wien an ënnert wéi enge Bedingungen déi Lëtzebuerger Faarwen dierfen am Ausland representéiert ginn?
– Lëtzebuerg soll am Kader vun der WM-Qualifikatioun de 24. Mäerz 2021 zu Wien an de 7. September 2021 heiheem géint de Katar spillen. Wëll d’Regierung vun där Geleeënheet profitéiere fir en Zeechen ze setzen, oder d’Situatioun vun de Mënscherechter am/mam Katar ze thematiséieren?
– Gëtt, wann Lëtzebuerger Sportlerinnen am Ausland untrieden, d’Situatioun op der Plaz analyséiert? Den DFB steet hei zum Beispill mat Amnesty International am Kontakt fir déi jeeweileg Situatioun aschätzen ze kënnen. Ginn et Reegelen ënnert wéi enge Konditioune Lëtzebuerger Sportlerinnen am Ausland dierfen hirem Sport nogoen? Konditiounen zum Schutz vun eise nationale Sportlerinnen, awer och Konditiounen, déi der Bevëlkerung an dem respektive Land Rechnung droen?

Mat déiwem Respekt,

Cécile Hemmen
Deputéiert

 

-> Hei d’Äntwert vum Minister:

Question parlementaire – Coupe du monde Qatar

Facebook
Twitter