« Méi fräi Zäit fir eng besser Vereenbarkeet vu Famill a Beruff » – Fräi Tribün vum Georges Engel

Et soll a muss een sech Zäit huelen an eiser Gesellschaft, wou verlangt gëtt, dass alles méi séier, méi performant a méi produktiv ass. Gëschter war d’Zäit och e ganz wichtegt Thema op der Neijoersreceptioun vun der Chambre des salariés.

De leschte Freiden huet d’Regierung de Projet de loi vum LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch ugeholl, deen de Salarié’en zousätzleche Congé zougesteet. Méi fräi Zäit fir déi schaffend Leit war eng vun den zentrale Fuerderungen vun der LSAP am Wahlkampf: et geet hei drëms fir d’Salariéen un de Produktivitéitsgewënner ze bedeelegen, déi ënnert anerem aus der Digitaliséierung entstane sinn a nach wäerten entstoën.

An der Praxis heescht dat, dass de legale Minimum vu Congés-Deeg vu 25 op 26 erop wäert goën ; zousätzlech huet d’Regierung sech drop gëeenegt, dass den Europa-Dag, de 9. Mee, en offizielle Feierdag soll ginn. Dës Mesure bréngen de schaffende Leit méi fräi Zäit an doduercher méi Liewensqualitéit.

Lëtzebuerg wäert domadder dat éischt Land an der EU sinn, wou den 9. Mee en nationale Feierdag ass. Dat ass ee starkt Zeechen fir Europa. D’LSAP an d’Regierung setzen alles drun, dass dëss Bestëmmungen esou séier wéi méigleg a Kraft trieden an d’Salariéen hei am Land nach dëst Joër , nach 2019, kënnen vun dësen neie fräien Deeg profitéieren. D’Chamber wäert deemno ganz séier hier Arbechten un desem Projet ufänken.

Mee domadder wäert d‘LSAP sech net zefridde ginn: an enger Welt, wou déi schaffend Leit ëmmer méi ënner Drock stinn, wou d’Ufuerderunge genau ewéi d’Erwardunge ëmmer weider klammen, wou et keng Ausnahm ass, dass ee ronderem d’Auer muss erreechbar sinn do ass et ëmsou méi wichteg, dass de Legislateur dofir suergt, dass d’Mënschen vun deenen neien Entwécklungen, och profitéieren kënnen an viru méiglechen Abusen geschützt ginn.

Méi fräi Zäit ass awer just en Deel vun enger moderner Arbechts- a Beschäftegungspolitik, wéi d‘LSAP se gesäit: mir sinn der Meenung, dass ee muss oppe sinn géintiwwer den Entwécklungen vun der Gesellschaft an der Arbechtswelt an se, ouni a Panik ze verfalen, positiv begleeden an encadréieren muss, esou dass d’Entreprisen, a besonnech d’Salariéen dovunner profitéiere kënnen.  D’LSAP huet sech matt Succès fir e gesetzlecht Recht op Onerreechbarkeet agesat, an dass elo nom ëffentleche Secteur och am Privatsecteur Zäitspuerkonten agefouert ginn.

Virgesinn ass, dass d’Salariéen kënne bis zu 1.800 Stonnen op esou engem Kont zesummespueren, bei 40 Stonne pro Woch also ee ganzt Joer. Dës ugespuerte Stonnen sollen dann op Wonsch vum Salarié a mam Averständnis vum Employeur als Deel- oder Vollzäit-Congé kënne geholl ginn.  Doderniewt soll och den Télétravail gereegelt an d‘Verhandlungen matt de Sozialpartner iwwert verschidde Mesüren fir eng besser Work-Life-Balance nei lancéiert ginn.

Am Raum steet des weideren e Recht op Deelzäitarbecht verbonnen matt engem Recht fir dono nees zréck a Vollzäit ze goën.  Och wann dës Mesuren oft en Ëmdenken bei de Patronen fuerdert, sinn et um Enn si, déi och dovunner kënne profitéieren. All dëss Mesüren hunn am Fong dat selwecht Ziel: neemlech déi schaffend Leit, hier Gesondheet, hiert Wuehlbefannen an der Vierdergrond stellen. De schaffende Leit, egal ob Aarbechter , Fonctionnaire, Privatbeamten oder soss e Salarié, alle schaffende Leit soll et besser goen . Dofir steet d’LSAP.

 

Hei dem Georges Engel seng Tribune libre fir nozelauschteren.

Facebook
Twitter