“Marche de l’égalité” (Samschdeg 8. Juli, 14h, Esch, Gemengeplaz): GAY MAT DER LSAP

Fräiheet, Gläichheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit si wesentlech Viraussetzunge fir e friddlecht Zesummeliewen an enger Gesellschaft, déi hir Kraaft an hire Räichtum aus der Diversitéit bezitt.

GAYMAT 2017 ass fir eis e kloert Bekenntnis zu dëse Wäerter, zu deene mir als LSAP mat Nodrock stinn grad esou wéi zum Kampf géint all Forme vun Diskriminéierung.

D’BESTIEDNIS VU GLÄICHGESCHLECHTLECHE KOPPELEN AN DEN ZOUGANG ZUR ADOPTIOUN SINN DE BESCHTE BEWEIS FIR ENG FORTSCHRËTTLECH GESELLSCHAFTSPOLITIK, DÉI OP GLÄICHHEET AN TOLERANZ SETZT!

D’LSAP war hei säit Joren déi dreiwend politesch Kraaft; si huet hir Verantwortung an der Regierung an am Parlament iwwerholl an domat wesentlech zu dësem gesellschaftleche Fortschrëtt bäigedroen.

D’LSAP wäert sech och weiderhi fir d’Intressie vun transidenten an intersexuelle Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen asetzen.

Facebook
Twitter