LSAP-Summerinterview (7): Taina Bofferding

 

7. Deel aus eiser Serie mat LSAP-Summerinterviewen: D’LSAP-Süddeputéiert Taina Bofferding iwwert Laizismus, Polemik a Solidaritéit.

 

1. Wann Dir misst, d’LSAP-DP-déi gréng-Koalitioun an engem Wuert beschreiwen, wéi ee Wuert wier dat?

Fortschrëtt

2. Wat war fir Iech de politeschen Héichpunkt vun der leschter Chambersessioun?

E politesch spannenden a fir eis Partei wichtegen Dossier ass „Trennung Kierch(en) a Staat“. Mat enger Rëtsch Modifikatiounen beweege mär eis méi a Richtung laïzistesche Staat a laïzistesch Schoul – dofir engagéieren ech mech nach ëmmer. An et huet eng Regierung ouni CSV gebraucht fir datt dëst endlech keen Tabu méi ass.

3. Wat huet Iech (ganz allgemeng) an der Lëtzebuerger Politik an deene leschten 10 bis 12 Méint besonnesch markéiert? Wat am besonnesch positiven, wat am besonnesch negative Sënn?

Als ganz positiv hunn ech d’Solidaritéit an der Flüchtlingsfro empfonnt.

Als negativ an och richteg problematesch empfannen ech de polemeschen Diskurs deem sech verschidde Politiker bedénge fir Wielerstëmmen ze ergatteren.

4. Wat si fir Iech perséinlech déi politesch Prioritéiten an deene nach gutt zwee Joer vun dëser Legislaturperiod?

Direkt fir d’Rentrée steet de Congé parental um Programm, eng Reform op déi vill Eltere woarden. An direkt hannendrun d’Reform vun der Fleegeversécherung, woubäi d’Fleeg weider personaliséiert bleiwt an och weiderhin en „Droit inconditionnel“. Jiddfereen huet e Recht op déi selwecht héichwäerteg Leeschtung, egal wéi engem säi Revenu ass, ob ee vill verdéngt oder ob een net vill verdéngt – an daat muss och esou bleiwen.

5. Summervakanz oblige: Wat bedeit fir Iech Vakanz? Kënnt oder musst Dir ofschalten? Wa jo, wéi geléngt Iech dat am Beschten?

En Tapéitewiessel hëlleft mär fir ofzeschalten an d’Batterien nei opzelueden. An dat am Beschte bei Sonn an engem gudde Krimi am Gepäck.

Facebook
Twitter