LSAP-Summerinterview (1): Claudia Dall’Agnol

Vakanzenzäit ass Bilanszäit. An eisem Summerinterview kucken eis Deputéiert während der parlamentarescher Summerpaus  kuerz zeréck an awer och no vir. An si erkläre wéi si am beschten an der Vakanz ofschalten.  Als éischt an der Rei: d’Claudia Dall’Agnol.

 

  1. Wann Dir misst, d’LSAP-DP-„déi gréng“-Koalitioun an engem Wuert beschreiwen, wéi ee Wuert wier dat?

Kollegialitéit

  1. Wat war fir Iech, de politeschen Héichpunkt vun der leschter Chambersessioun?

Debat Policereform

  1. Wat huet Iech (ganz allgemeng) an der Lëtzebuerger Politik an deene leschten 10 bis 12 Méint besonnesch markéiert? Wat am besonnesch positiven, wat am besonnesch negative Sënn?

+ Dat mer et fäerdeg bruecht hunn ouni vill Diskussiounen di sëllech Flüchtlingen zu Lëtzebuerg wëllkomm ze heeschen
–  Dat trotz allem di rietspopulistesch Tendenzen och zu Lëtzebuerg u Buedem wannen

  1. Wat si fir Iech perséinlech déi politesch Prioritéiten an deene nach gutt zwee Joer vun dëser Legislaturperiod?

Dat mer déi iwwerfälleg Policereform séier an dreschen Dicher kréien an domat en modern an effikasst Organ zur Verfügung hunn

  1. Summervakanz oblige: Wat bedeit fir Iech Vakanz? Kënnt oder musst Dir ofschalten? Wa jo, wéi geléngt Iech dat am Beschten?

Wat bedeit Vakanz: dolce far niente
Wei geléngt mer dat am Beschten : reesen

Facebook
Twitter