LSAP-Info Nr. 22 – “Chômage de longue durée”

Den 13. Juli huet d’Chamber mat 60 Stëmmen e Gesetz iwwert d’Bekämpfung vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet gestëmmt. Fir den Aarbechtsminister Nicolas Schmit, deen dëst Gesetz de 7. Juni 2017 deposéiert hat, geet et drëm nei Weeër an der Bekämpfung vum Laangzäitchômage anzeschloen.

“Net de Chômage finanzéieren, mee an d’Aarbecht investéieren“ heescht et. Et sollen nei Aarbechtsplazen am Beräich vun den ëffentlechen a sozialen Déngscht-leeschtungen entstoen, déi de Laangzäitaarbechtslosen e richtegen Emploi mat engem onbefristeten Aarbechtskontrakt solle sécheren. Provisoresch Mesuren, wou Leit net aus dem Chômage oder aus dem RMG an domadder net aus der Prekaritéit erauskommen, ginn ersat duerch richteg Aarbechtsplazen, déi mat deem Geld geschaaft ginn, dat soss géif a Chômageindemnitéiten oder an den RMG fléissen.

Laangzäitchômeure kréien e richtegen Job an doriwwer eraus kréien si och erëm d’Moyenen fir hiert Liewen ze organiséieren. Besonnesch kréien sie hir Dignitéit erëm. 2017 sollen 150 där nei Aarbechtsplaze geschaaft ginn. 2018 sollen et der mindestens 500 ginn. D‘Gemengen esou wéi de Sozialsecteur sin opgefuerdert un dësem innovative Projet deel ze huelen. D’ADEM huet eng speziell Cellule ageriicht wou d’Plaze solle gemellt ginn. Laangzäitchômeuren iwwer 50 Joer gi ganz à charge geholl, bis zu 150% vum Mindestloun. Fir all déi tëscht 30 a 49 Joer gëtt et eng Bäihëllef vun 100% dat éischt Joer, 80% dat zweet Joer a 60% dat drëtt Joer.

D’LSAP begréisst dëst fortschrëttlecht Gesetz dat – an engem Kontext, wou de Chômage allgemeng zréckgeet – dozou wäert bäidroen, och de Laangzäit-chômage ze reduzéieren.

Facebook
Twitter