Léierschwieregkeeten : „De Staat huet d’Obligatioun fir all Kand eng Educatioun ze garantéieren.”

Internationale Studien no hunn 5 bis 10 Prozent vun der Schoulpopulatioun Léierschwieregkeeten, och hei zu Lëtzebuerg. D’Schwieregkeete vun dësen “Dys-Kanner” kënnen sech op verschiddenen Niveaue weisen: Um Niveau vun der Motorik, vun der Sprooch , der Vue, dem Héieren. Schwieregkeete kënnen awer och emotionaler Aart sinn oder am Verhale leien oder et kann eng Schwieregkeet oder e Retard an der kognitiver an der geeschteger Entwécklung sinn.

Um Dënschdegmëtten huet sech d’Chamber mam Thema „Léierschwieregkeeten“ am Kader vun enger Interpellatioun auserneegesat. Spriecher fir d’LSAP war de Georges Engel.

Hei dem Suessemer Député-Maire seng integral Ried fir nozeliesen (woubäi dat geschwatent Wuert zielt):

 


 

IMG_3265

Interpellatioun zum Sujet : “Troubles de l’apprentissage” (G. Engel)

Dës Interpellatioun ass d’Opportunitéit fir iwwer dee wichtegen Sujet ze schwätzen. Net ëmmer dat neidescht Verständnes kritt hunn, wat se gebraucht hunn (du kanns jo mol net 1+1 zesummen zielen, du kanns jo mol net d’Buchstawen richteg uneneen réien…)

– Bis 1994 goufen Kanner mat enger Behënnerung an speziellen Schoulen educéiert. Mat der Aféierung vum SREA ( den démolechen Service ré-éducatif ambulatoire) kruten d’Kanner mat speziellen Förderbedarf  d’Méiglechkeet an der Regelschoul integréiert ze bleiwen a  mat enger ambulanter  Ënnerstëtzung um Unterrecht hiren Moyene no deelzehuelen.

– Mam néien Schoulgesetz vum 2009 kënnt den inklusiven Usatz an eis Grond- a Sekondärsschoul.

– Sougenannten “Dys”-Kanner, Kanner mat Léierschwieregkeeten, maachen internationale Studien no 5 bis 10 Prozent vun der Schoulpopulatioun aus, och hei zu Lëtzebuerg.

– Ënnert Schüler à besoins éducatifs spécifiques, also Schüler mat sonderpädagogeschem Förderbedarf versteet een di Schüler,  wou di optimal Prise en Charge net méi durch di normal Méiglechkeeten déi d’Schoul huet, garantéiert kann ginn.

– De Schüler kann verschidde Schwieregkeeten hunn: Um Niveau vun der Motorik, vun der Sprooch , der Vue, dem Héieren. Schwierechkeeten kënnen awer och emotionaler Aart sinn oder am Verhalen léien oder et kann eng Schwieregkeet oder e Retard an der kognitiver an der geeschtecher Entwécklung sinn.

– D’Kand kritt eng Ënnerstëtzung an der Schoul ( vun Appui pédagogique durch d’Equipe pédagogique vun der Schoul selwer, iwwert d’EMP bis hin zu der Aschoulung an eng spezialiséiert Schoul).

– Haut ass et de Wonsch vun der Regierung, dass all Kand d’Méiglechkeet huet  a senger Schoul an a sengem sozialen Ëmfeld déi Ënnerstëtzung ze  kréien, fir dass et sengen Méiglechkeeten no léieren kann.

– Ëmmer méi Kanner mat speziellem Förderbedarf  ginn haut  mat hiren Kollegen an hier Schoul. 2014-2015 waren dat 1350 Schüler

  • 58% waren an der Regelschoul integréiert a goufen vun den Equippe multiprofesionnelle ënnerstëtzt
  • 25 % waren an enger classe de cohabitation ( eng Ediffsklass an den Gebailechkeeten vun der Regelschoul )
  • 16%  sinn an den spezialiséiert Schoulen gaangen vun der Education différenciée/Logo

– Dat si ganz oft Kanner, an do hänke natierlech och hier Elteren drun, déi oft mam Échec scolaire ze kämpfen hunn an dat féiert natierlech zu Frustratiounen. Ëmsou méi well déi Kanner genee esou gescheit a begaabt sinn wéi anerer, mee eng Dyslexie hinnen d’Liesen erschwéiert oder eng Dysphasie hinnen d’Schwätzen erschwéiert.

– An der UNESCO-Déclaratioun vu Salamanque (1994) gouf eng integrativ Approche festgehalen, déi doranner besteet, déi betraffen Kanner an de normale Schoulsystem ze integréieren, nom Prinzip “Eng Schoul fir jiddereen”. D’LSAP deelt déi Opfaassung. An eisem Wahlprogramm vun 2013 heescht et : Die LSAP befürwortet die Inklusion von Kindern mit spezifischen Bedürfnissen in den regulären Schulbetrieb!

Inklusive Schulen sollten in Luxemburg die Regel sein, da alle Eltern frei entscheiden können sollten, ob sie ihre Kinder in Regelschul- oder Spezialklassen einschreiben wollen. Die LSAP will beides ermöglichen und fordert genügend Ressourcen, um diesen Sonderaufgaben des öffentlichen Bildungsauftrags sowohl in spezialisierten Bildungseinrichtungen als auch in Regelschulen mit dem nötigen Fachpersonal begegnen zu können.

Darüber hinaus setzt sich die LSAP dafür ein,

– dass die Ediff (Education différenciée) reformiert und näher an den Grundschulbetrieb herangeführt wird;

– dass auch in Lyzeen, ähnlich wie in Grundschulen, multiprofessionelle Teams eingesetzt werden, um spezifischen Bedürfnissen der Schüler besser gerecht werden zu können;

– dass allen Lehrerinnen und Lehrern verstärkt Fortbildungskurse angeboten werden, um sie angemessen darauf vorzubereiten, Kinder mit spezifischen Bedürfnissen in den Schulbetrieb zu integrieren.

– Dat ass de Prinzip un deem mir festhalen. E Prinzip deen och déi international Mënscherechtskonventiounen virschreiwen, dorënner d’Konventioun iwwer d’Rechter vum Kand oder déi europäesch Charta vun de Grondrechter.

– De Staat huet eng Obligatioun fir alle Kanner eng Educatioun ze garantéieren, onofhängeg och vun hirer sozialer Situatioun an am Respekt vum Choix vun den Elteren, déi selwer décidéieren solle kënnen, wat fir eng pädagogesch Betreiung déi bescht ass fir hier Kanner, wann dës spezifesch Besoinen hunn. D’Schoul muss an alle Fäll, och an dësen, d’Méiglechkeet bidden fir den Ascenceur social ze erlaben.

– Dofir huet d’Regierung dëse Prinzip an hirem Koalitiounsprogramm ageschriwwen. D’Inklusioun soll d’Regel sinn, mee et soll och méiglech sinn d’Kanner mat spezifeschen Besoinen an enger spezialiséierter Schoul ënnerzebréngen. Mir begréissen dofir de Wëllen vun der Regierung fir d’Education différenciée ze reforméieren andeems se déi Servicer méi no un d’Schoul erubréngt.

– Dofir machen ech hei och en Appel un d’Regierung fir deen Text sou séier wéi méiglech ze déposéieren sou wéi de Minister dat an enger Äntwert vun Abrëll 2016 op  eng QP vum C. Hemmen sot. A sou wéi säin Engagement fir des Cause kennen mecht hien dat och.

Folgend Schoulen existéieren an dëse Beräicher

– De Centre de Logopédie beschoult Kanner mat Héier- a Sproochschwierechkeeten zënter 1965. D’Education différenciée besteet zënter 1973 an deckt verschidden Beräicher of.

– IDV (Institut pour déficient visuel)

– IEAP ( Institut pour enfants  autistiques et psychotiques)

– IMC ( Institut pour infirm moteur cérébraux)

-CiS (Centre d’intégration scolaire)

CED (Centres d’éducation différenciée et Centre de propédeutique professionnelle ( 4 bis 18 Joer))

– Enn Januar dëst Joer war zu Lëtzebuerg den éischten internationalen Forum iwwer “Troubles de l’apprentissage”. Dat Evénement ass zu Recht vill positiv kommentéiert ginn an huet d’Problematik an de Virdergrond gesat.

– D’Conclusiounen déi mir aus all deem zéien ass, dass een op 3 Axen muss schaffen :

1) De Phenomen erkennen an doriwwer informéieren.

2) Déi bescht Moossnamen identifizéieren (Beispill Ausland) an hei am Land ëmsetzen.

3) A finalement den Dialog mat all den Acteuren förderen.

Ad 1) – Fir d’alleréischt ass et wichteg, dass déi betraffen Kanner NET “stigmatiséiert” ginn. Stellt iech vir wéi frustrant et muss sinn fir d’Kanner, déi intellektuell op engem Niveau mat deenen aneren sinn, mee wéinst enger “Dys” an der Schoul échouéieren. Wann dann och nach keen matkritt, dass de Problem eng “Dys” ass, dann ass dat dramatesch fir d’Kand.

– Et ass primordial fir alles drun ze setzen, esou Léierschwieregkéeten esou fréi wéi méiglech z’identifizéieren. Do sinn virun allem d’Elteren an d’Schoulmeechteren gefuerdert. Elteren mussen d’Moyenen kréien, eng Hëllef, fir eppes wéi en “prédiagnostic” ze machen. Am Ausland ginn et Beispiller vun “Programmer” fir de Computer a Form vun engem Questionnaire deen d’Elteren ausfëllen sollen. Et ass dofir wichteg, e Kader ze schafen fir esou fréi wéi méiglech d“Dys”-en bei Kanner ze diagnostizéieren fir eventuell Troublen festzestellen an déi Informatiounen dann mat Spezialisten deelen ze kënnen (Belsch).

– Da mussen och d’Enseignanten déi néideg Formatioun kréien fir “Dys”-Problemer z’erkennen.

– Allgemeng muss op d’Problematik an der Gesellschaft sensibiliséiert ginn.

– Domat get verhënnert, dass déi Betraffen als “faul” oder “domm” stigmatiséiert ginn, wou dat jo absolut net de Fall ass. Wat de Problem éischter erkannt gëtt, wat et och méi einfach ass dorunner ze schaffen fir dem Kand ze hëllefen mat sengen “Dys”-Problemer ze liewen.

Ad 2) – Mir begréissen als LSAP, dass de Fondamental an deem Sënn ugepasst ginn ass, andeems ënnert anerem mat Cyclen geschafft gëtt, déi e méi flexibelen Apprentissage fir déi Betraffen garantéieren an och d ‘Méiglechkeet zäitlech méi flexibel de Kanner d’Sachen bäizebréngen, a net wéi an der Vergaangenheet, dass Kanner déi net direkt esouwäit waren, redoubléiert hunn, wat zu nach méi groussen Frustratiounen gefouert huet.

– Och begréisse mer d’Approche dass mat Kompetenzen geschafft gëtt. Virun allem bei “Dys”-Kanner ass et wichteg ze kucken wat d’Kand kann a net just stoen ze bleiwen bei deem wat et villäicht net kann. Dat gëllt speziell fir e Schoulsystem wéi eisen an deem esouvill Sprochen geléiert ginn. Mir mussen oppassen, dass dat net zu enger “Hürd” fir déi betraffen gëtt.

– Haut gëtt et och d’Méiglechkeet mam Gesetz iwwer de Fondamental fir op multiprofessionnell Equippen an de Schoulen zeréckzegräifen. Also Educateuren, Psychologen, Logopeden, etc. déi eng spezifesch Betreiung maachen. Mir mussen déi Equipen ausbauen, och am Secondaire, an hinnen weider déi finanziell Ressourcen déi se brauchen zur Verfügung stellen.

– Natierlech ass et wichteg, dass Kanner zum Beispill vum Centre de Logopédie opgefaangen ginn, mee d’Regel soll sinn, dass se an de normale Schoulsystem gehéieren. D’LSAP ass dofir fir méi “ambulatoire” Equippen um Terrain, déi d ‘Integratioun an der “normaler Schoul” favoriséieren.

Ad 3) – Et ass wichteg, dass all d’Acteuren um Terrain, öffentlech a privat, zesumme schaffen fir déi bescht méiglech Léisungen ze fannen an zesumen och déi wichteg Sensibiliséierungsaarbescht ze machen.

– E Merci an deem Kontext un all d’Acteuren um Terrain ; Edu. Différenciée, Centre de Logopédie, Office national de l’Enfance (déi Ortophonisten zur Verfügung stellen),mais och privat Associatiounen wéi Dyspel, Fairness asbl, d’Caritas,

Wat sollt eiser Meenung no also nach geschéien:

D’Servicer vun der Ediff (Schoulen an EMPs Equipe multi) sollen an Kompetenzzentren gebündelt ginn. Dodurcher können Ressourcen méi efficace agesaat ginn a sinn méi no um Terrain a méi no bei der Schoul. Wat also och am Sënn vum Regierungsprogramm ass.

Well ëmmer méi Schüler méi laang an der Grondschoul intégréiert bleiwen, ginn dës Schüler och op dem inklusiven Wee wéider an de Lycée. Dofir  soll och d’Equipe multi am Enseignement secondaire verstärkt ginn.

Déi finanziell an personell Moyenen fir e gutt Fonctionnement  sollen garantéiert ginn.

De Minister huet 2 weider Kompetenzzentren ugekönnecht, welch et ënnert däer Form nach net ginn.

1)Kompetenzzentrum am Bereich Lernen. Héi sollen virun allem Schüler mat Léierschwierechkeeten geholleft kréien an am

2)Bereich Verhaalensopfällechkeeten.  Hei ginn et schon lokal Projeten vun Gemengen.

Um Niveau vum Kand brauche mer eng individuell Prise en charge

Dat kann eng Adaptatioun vum Unterricht sinn, déi de Léierschwierechkeeten vum Kand gerecht ginn, iwert Appui pédagogique an der Klass bis hin zu enger Assistance en classe  vun der Equip multi oder der Aschoulung an eng Ediffsklass, eng Ediff, déi Partie intégrante vum Schoulsystem ass.  Et sinn och d’Elteren déi entscheeden  ënnert welcher Form hiert Kand beschoult gëtt. D’CIS  (Commission d’inclusion scolaire) beroden si dobäi.

An den Equip multi sinn professionnel Mataarbechter aus dem Centre de logopédie, der Ediff an aus der Regelschoul,  fir de Kanner op denen verschiddenen Niveauen  Hëllef unzebidden.

Kanner hun e speziellen Léierplang , de PPCI ( Plan de prise en charge individualisé) an deem d’Schwéierpunkten, un deenen d’Kand schafft, festgehaale ginn. Et gëtt festgehaalen op e Schüler lernzielgléich oder lernzieldifferent par rapport zum Regelschoulunterricht schafft. Dat soll wieder gefördert ginn.

Héi laafen Bestriewungen aus dem Dokument PPCI vun der Grondschoul an dem PEI  ( plan éducatif  individualisé) vun der Ediff  ee gemeinsamt Dokument fir de Schüler ze verfaasen déi den Integratiounslehrer aus der Ediff zesummen mam Grondschoullehrer erschaffen. Kompetenzen sollen also gebündelt ginn an d’Zusummenaarbescht gefärdert, dat alles am Sënn vum Kand.

Am Lycee kann de Schüler  d’aménagements raisonnables ufroen. Des Mesuren ginn vun der CAR (commission des aménagements raisonnables) accordéiert am Fall wou de Schüler den normalen Schoulprogramm suivéieren kann , mee opgrond vun senger Behënnerung Aschränkungen an der Vue, beim Héieren oder motorescher Art huet ( Zb daerfen um Pc schreiwen, code braille)

Wat plangt Regierung wieder:

– Reforme vun de bestehenden Strukturen aus der Education différenciée an dem Centre de Logopédie an e Kompetenzsystem mat verschiddenen Kompetenzzentren, wou di bestehend Ressourcen gebündelt ginn,

-Aféierung vu wéi scho gesot 2 wéideren Kompetenzzentren am Bereich Lernschwierechkeeten a Verhaalensschwierechkeeten,

– Opstocken vum Personal an denen verschiddenen Kompetenzzentren (ënnert anerem och  150 Schoulmeeschteren mat Zousatzformatioun  fir Kompetenzzentrum Lernen a Verhaalen, déi dann awer net am Contingent dierften agerechent ginn, mee als zousätzlecht Personal fir eben bei „Troubles d’apprentissage“ mat hirer spezifescher Kompetenz sollen hëllefen)

– Ausbildung  vun spezialisiertem Personal ( Dsycalculie, Dysphasie, Dyslexie)

Doranner wëlle mer als LSAP si ënnerstëtzen.

Merci

Facebook
Twitter