Interview mam Taina BOFFERDING

Am Kader vun eiser 3. Newsletter hunn mir mat eiser Inneministesch Taina BOFFERDING iwwert hir Aufgaben an och iwwert hir Andréck am Zesummenhang mat aktueller Kris geschwat.

  • Wéi eng Roll huet de MINT an dëser Kris gespillt?

Als Inneministesch hunn ech, zesumme mat de MataarbechterInne vum MINT, dofir gesuergt, dass d’Gemengen hir Roll, hir Verantwortung, och an esou enger Kris ausübe kënnen. Esou hunn ech z.B. mat enger vu mengen éischten Decisiounen dofir gesuergt, dass d’Gemengeréit handlungsfäeg bleiwen, andeems mir de “vote par procuration” agefouert, oder och Sëtzunge per Videokonferenz erlabt hunn.

Mir hunn kuerzfristeg missten eng ganz Rei esou pragmatesch Léisunge fannen, dat am Sënn vun eise Gemengen a BiergerInnen.

  • Wéi huet de Management vun der sanitärer Kris um Ministère ausgesinn?

Um MINT ware mir iwwert 3 Kanäl mat de Gemengen a Kontakt: als éischt iwwert eisen offiziellen Informatiounskanal vun de “Circulaires”, iwwert dee mir de Gemengen Decisioune vun der Regierung matdeelen, déi fir si wichteg ze wësse sinn. Hei hu mir och ëmmer nees pro-aktiv mat anere Ministèrë zesumme gekuckt, dass d’Gemengen déi Guidance kréien, déi si brauchen, z.B. sanitär Recommandatioune wéi si sech organiséiere sollen, elo wou lues a lues nees méi Saachen erlaabt sinn.

Donieft hu mir ganz enk mam SYVICOL zesummegeschafft, deen als Vertriedung vun alle Gemengen eise natierleche Partner ass, wou op Aenhéicht diskutéieren a si abannen. Um Ufank vun der Kris hu mir z.B. ofgemaach, dass de SYVICOL d’Vernetzung vun de Gemengen ënnert enee sollt organiséieren an de Relais vun de wichtegste Froen un eis maachen. Leider stellen eng Rei vun Oppositiounspolitiker dës Form vun enger u sech gudder Zesummenaarbecht elo esou duer, wéi wann de SYVICOL alles, an de MINT näischt geschafft hätt. Ech fannen et net immens konstruktiv, heimat Oppositiounspolitik ze bedreiwen, huelen dat awer zur Kenntnis.

Schliisslech ware mir och am direkte Kontakt mat hinnen. Um MINT hate mir eng permanent Helpline ageriicht, per Telefon a per Mail, wou d’Gemengen sech zu all Moment mëlle konnte fir bei hire konkrete Froe gehollef ze kréien. Ech selwer hunn déi 102 Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren ugeruff, wëll ech vun hinne wollt héieren, wéi et bei hinne leeft, an och matzehuelen, wou fir si déi gréissten Erausfuerderunge leien a wat mir verbessere kënnen. Dëst ware ganz gutt Gespréicher.

  • Wéi eng Lektiounen zitts du fir d’Gemengen aus dëser Kris?

Dës Kris ass fir jiddereen, och fir d’Gemengen, e ganz schwierege Moment. Mee si seet eis awer och vill doriwwer, wéi eng modern Gemeng fonctionéiere sollt an och kann, sief dat d’Aarbechtsweise fir d’Politik a fir d’MataarbechterInne – Stéchwuert: Télétravail, a vereinfacht Prozeduren online fir d’Bevëlkerung… Dës Lektioune wëll ech als Chance ergräifen a se mathuelen an eis Reform vum Gemengegesetz. Dat wëll ech awer mat de Gemengen zesumme maachen, dofir plange mir scho fläisseg un engem Event… ganz no eisem Motto: “mateneen fir eng modern Gemeng”.

Facebook
Twitter