Interview mam David Viaggi, neie President vum Gemengeforum

Den David Viaggi huet 39 Joer an ass säit 2019 Buergermeeschter zu Biissen.

Säit Juni 2022 ass hien den neie President vum LSAP-Gemengeforum.

 

1. Wat ass de Gemengeforum ?

De Gemengeforum ass de Grupp vun den LSAP-Mandatairen aus de Schäffen- a Gemengeréit aus Majoritéit an Oppositioun; Majorz a Proporz.

 

2. Wéi ass däin politesche Parcours?

2011 hunn ech mech an der Politik lancéiert a sinn als 2. Gewielten an de Schäfferot komm. 2017 sinn ech als 1. Gewielten an der neier Proporzgemeng ervirgaangen.

Meng Prioritéit fir Biissen ass et d’Gemeng modern an lieweg ze gestalten. Den abordabele Wunnraum läit mir besonnesch um Häerz, fir dass déi jonk Generatioune sech och nach muer eng Wunneng kenne leeschten.

D’Servicer vun der Gemeng musse biergerorientéiert an fir jiddereen accessibel sinn.

 

3. Wat ass deng Motivatioun fir d’Presidence vum Gemengeforum ze iwwerhuelen?

De Gemengeforum war fir mech eng Hëllefsstellung als „neie Gemengepolitiker“. Dofir hunn ech och net gezéckt, wéi ech d’Méiglechkeet krut d’Presidence vun dësem Forum ze iwwerhuelen. Ech sinn iwwerzeegt, dass ech meng Energie mat alle Participante vum Gemengeforum kann deelen an d’Reuniounen als reell Plus-value fir meng Kolleegen an de Gemenge ka gestalten.

D’LSAP war ëmmer staark an de Gemengen, well mir hei no bäi de Leit sinn – dat ass och nach ëmmer esou. Elo gëllt et d’Walen ze preparéieren, e Programm opzestellen a Leit opzebauen – dobäi wëll ech mam Gemengeforum hëllefen.

 

4. Wéi eng Sujet’en /Prioritéiten huet den Gemengeforum?

D’Aufgabe sinn elo d’Ausschaffe vum Rahmenwahlprogramm fir d´Gemengewalen 2023. Mir kommen awer och dacks mat eiser Inneministesch zesummen fir d’Gesetzesprojeten, déi d’Gemenge betreffen, ze analyséieren an ze diskutéieren. Et ass wichteg, dass an eisem Gremium déi politesch Sujeten aus dem Gemengesecteur thematiséiert ginn.

Facebook
Twitter