« Integratioun duerch Educatioun » – Tribune libre vum Joanne Goebbels

« All Kand, dat bei ons scolariséiert gëtt, muss d’Méiglechkeet kréien, an onser Gesellschaft eng Platz ze fannen. Valeur’en ewéi de ‘vivre ensemble’, oder d’Empathie fir all Matmënsch, an d’Acceptanz vum ‘aneren’, musse vun der Schoul vermëttelt ginn. Dat seet d’Joanne Goebbels an hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch). D’Enseignante am Secondaire a Kandidatin op der LSAP-Zentrumslëscht fir d’Chamberswahle vun dësem Oktober plädéiert dofir och fir eng éierlech a fundéiert Diskussioun iwwert d’Sproochen an der Schoul an um Aarbechtsmaart. Hei hir fräi Tribün fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

An engem Land, wou et äis allgemeng nach ni esou gutt gaangen ass wéi ewell, geet d’Schéier tëscht Aarm a Räich awer ëmmer méi wäit ausernaner. Zemools Kanner aus monoparentalle Familljen, awer och d’Kanner mat auslänneschen Originne sinn duerch d’Ausgrenzung a Gefor.

Eng bedréckend Feststellung, di keen kann kal loossen! An äis Gesellschaft muss do déi néideg Solidaritéit beweisen.

Net nëmmen an engem Wahljoer, mee Dagdeeglech, bis dass déi Zuel vu Kanner déi vum Aarmutsrisiko bedreet sinn, sou no ewéi méiglech bei Null ass.

D’Politik muss deene Kanner an hire Famillje prioritär ënnert d’Äerm gräifen.

Eng vun deene wichtegste Mesuren déi de Staat kann ënnerhuelen, ass weiderhi massiv an d’Educatioun an an d’Formatioun z’investéieren. All Kand muss duerch eise Schoulsystem eng Chance an äiser Gesellschaft kréien, sech weider z’entwéckelen. A kee Kand däerf dobäi op der Streck bleiwen.

Duerfir ass et wichteg, dass an de Schoulen, d’sozio-edukativ Ekippen all néideg Moyen’en kréien, fir vu klengem un d’Entwécklung vun all Kand an de beschtméiglechste Konditioune’n  ze begleeden.

Duerfir brauch ee genügend Personal: Enseignant’en, Educateur’en, Psychologen, Assistants sociaux’en an aner wichteg Beruffer, déi ons Kanner an eise Schoulen optimal encadréiere sollen. Fir dat wäerten d’Sozialiste suergen.

D’Schoul dierf op kee Fall ënner Spuermoossname leiden. Am Géigendeel, bei enger wuessender Populatioun, wou all Joer nees nei Kanner an eise Schoule Fouss faasse mussen, ass et immens wichteg, weiderhin eng pro-aktiv Educatiounspolitik ze féieren. Et däerf ni op Käschte vun der nächster Generatioun gespuert ginn. Dat ass den Engagement vun de Sozialisten.

Natierlech werft d’Schoul nach vill aner wichteg Froen op, zum Beispill déi noutwendeg Integratioun vu Kanner aus ville verschiddene Länner.

All Kand, dat bei ons scolariséiert gëtt, muss d’Méiglechkeet kréien, an onser Gesellschaft eng Platz ze fannen.  Valeur’en ewéi de “vivre ensemble”, oder d’Empathie fir all Matmënsch, an d’Acceptanz vum “aneren”, musse vun der Schoul vermëttelt ginn. Da kann e Land ewéi Lëtzebuerg weiderhin zesummewuessen.

Mier hunn d’Chance an engem Land ze liewen, wou d’Sproochen e wichtege Bestanddeel vun äiser Identitéit sinn. An dat Matenaner vun verschiddene Sprooche muss weiderhin seng Wichtegkeet behalen.  Lëtzebuerg ass kleng, an d’Ausland ass grouss. Dofir brauche mir net nëmme Lëtzebuergesch, mee och aner Sproochen ewéi Däitsch, Franséisch an Englesch, fir mat méiglechst ville Leit direkt ze schwätzen. Vill Lëtzebuerger hunn auslännesch Wuerzelen, schwätzen nach Italienesch, Portugisesch oder eng aner Sprooch. Dat ass eng Beräicherung fir d’Land an erkläert zum Deel onsen héije Liewensstandard.

 Dofir brauche mir ganz séier eng éierlech a fundéiert Diskussioun iwwert d’Sproochen an der Schoul an um Aarbechtsmaart.

Ech als Kandidatin fir d’Landeswahlen a meng Partei d’LSAP wäerten eis asetzen, dass déi nächst Regierung Courage huet, dat brenzlecht Thema vun de Sproochen an eise Schoulen unzepaken! Ons Gesellschaft braucht Lëtzebuergesch, mee virun allem Villsproochegkeet.

 


 

« Integratioun duerch Educatioun » – Audio

 

Facebook
Twitter