Hausse des Prix

Här Präsident,

 

sou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weiderzeleeden.

Dëser Deeg huet d’ENOVOS un di lëtzebuergesch Stéit a Betriber, also hir Clienten, eng Informatioun verschéckt, laut där hir Avance fir hire Gasverbrauch fir d’Méint Mäerz, Abrëll, Mee a Juni nei fixéiert ginn. Deemno géifen d’Avance verduebelt, jo an eenzele Fäll esouguer verdräifacht, ginn.

Dat heescht, datt si beispillsweis de Mount net méi 150 Euro, mee 300 Euro sollten am Viraus bezuelen, fir hinnen et, sou d’Argumentatioun vum Energieversuerger, ze erspueren, massiv mussen nozebezuelen, dat opgrond vun der aktueller Energiepräisentwécklung.

Déi Upassung ass souwuel am Verglach zu den Ofschlossrechnunge vun 2019, der Ofrechnung vun 2020 awer och de Schätzunge vun 2021 enorm – virun allem fir Stéit mat engem klengen a bescheidene mëttleren Akommes.

Dobäi handelt et sech wéi ernimmt ëm Avancen a net Rechnunge fir effektiv Präisser an effektive Konsum.

  • Ech géif dofir gär vum Här Minister an der Regierung wëssen, ob dës Virgoensweis vum Energieversuerger, an deem eise Staat an aner parastaatlech Partner, als Haaptaktionäre staark engagéiert sinn, opgrond vun der aktueller Situatioun vertrietbar, respektiv normal, ass?
  • Ass dës Demarche net méi wéi kontraproduktiv opgrond vun där besuergneserreegender Situatioun, déi vill Stéit iwwerfuerdere wäert, an och déi envisagéiert Hëllefsmoossname vum Staat riskéiert ze ënnergruewen?
  • Ass d’Regierung net der Meenung, datt sech dësen Energieversuerger, an där schonn ugespaanter Situatioun sollt virun sou engem Schnellschoss mat sengen Aktionären ofstëmmen dat ëmsou méi well di geopolitesch Lag ganz volatil ass?
  • War d’Regierung, respektiv hir Vertrieder, iwwert dës Fuerderungen informéiert?
  • Wat réit d’Regierung deene Stéit a Betriber mat bescheidenem Akommes, déi vun dëser Fuerderung definitiv iwwerfuerdert sinn?
  • Op wat fir enger Basis goufen di Fuerderunge vun ENOVOS festgeluecht, a wien huet dës Schätzungen a Berechnungen gemaach?
  • Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, falls dës Fuerderunge sollten ëmgesat ginn, fir deene betraffene Stéit, virun allem deene mat ganz niddregem Akommes, eng finanziell Katastroph ze erspueren?
  • Kreéiert dës Demarche net zousätzlechen Drock fir schnell an effikass Hëllefen?

 

Mat déiwem Respekt,

Mars Di Bartolomeo
Deputéierten

Facebook
Twitter