Ginn et Problemer mat de Salairë vun de Chargés de cours?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Fonction publique weiderzeleeden.

D’Chargés de cours sinn zu engem wichtegen Acteur am Fonctionnement vun der ëffentlecher Schoul ginn. Et misst dofir och selbstverständlech sinn, dass hir Salairë konform a wéi virgesinn ausbezuelt ginn. Ëmmer rëm héiert een awer, dass d’Chargéë méintelaang op hir Pai musse waarden.

An deem Zesummenhang wëlle mir dem Här Här Minister fir d’Fonction publique dës Froe stellen:

  • Weess de Minister vun deementspriechende Problemer wat d’Ausbezuele vun de Salairen un d’Chargé de cours ugeet?
    Wann jo, wourunner läit dat? Wéi wëll de Minister deem entgéint wierken?
  • Wéi vill Chargés de cours sinn aktuell am Lëtzebuerger Schoulwiesen aktiv? Well et ganz verschidde Kontrakter fir dës Chargéë ginn, wollte mir de Minister froen, wéi vill Chargéen aktuell ënnert wéi engem Statut agestallt sinn?
  • Fir d’Bezuele vun dëse Chargéë gouf en Avancesystem an d’Liewe geruff. Aus wéi enge Grënn gouf dëse System agefouert a wéi héich sinn déi Avancen? Wëssen d’Leit um Terrain iwwert dëse System Bescheed a wéi oft gëtt deen an Usproch geholl?

Mat déiwem Respekt,

Mars Di Bartolomeo                                                        Francine Closener

Deputéierten                                                                   Deputéiert

 

-> Hei d’Äntwert vum Minister: Question parlementaire – Salaire Chargés de cours

Facebook
Twitter