Gëtt d’Schoul weider a Semester organiséiert? (Réponse disponible)

Téléchargez la réponse en cliquant ici.

___________________

Här Präsident,

Sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Direkt nom éischte Lockdown am Fréijoer 2020 gouf decidéiert, d’Schouljoer 2019/2020 net méi an Trimester, mee a Semester ze organiséieren. Dëst sollt den Drock aus der Schoul huelen, e. a. d’Zuel vu Prüfunge reduzéieren; vill méi sollten d’Léierréckstänn opgeschafft ginn, déi wärend dem Homeschooling entstane sinn.
Och d’Schouljoer 2020/2021 ass fir sämtlech Klassen am Enseignement Secondaire a Semester organiséiert ginn.

An deem Zesummenhang well ech dem Här Educatiounsminister dës Froe stellen:

  • Wéi ee Bilan zitt de Minister vun der Schoulorganisatioun a Semesteren? Wéi ass de Feedback vun de Vertrieder vu Léierpersonal, Schüler an Elteren?
  • Gëtt och d’Schouljoer 2021/2022 a Semester ofgehalen? Wa jo, gëllt dat da just fir den Enseignement Secondaire oder och fir den Enseignement Fondamental? Wat bedeit dat konkret fir déi concernéiert Acteuren?
  • Envisagéiert de Minister, laangfristeg ganz op eng Organisatioun a Semesteren ze wiesselen? Wa jo, wat wieren d’Avantagë fir de Schoulunterrecht?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener
Deputéiert

Facebook
Twitter