Fakten iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch?! Den Yves Cruchten freet no!

Säit kuerzem gëtt an de Medien a speziell op de sozialer Netzwierker eng zum Deel vehement Diskussioun gefouert iwwert d’Wichtegkeet, déi der Lëtzebuerger Sprooch esougutt am offiziellen ewéi am alldeegleche Gebrauch bäigemooss gëtt bzw. sollt ginn. Dobäi muss ee feststellen, dass vill Aussoen sech doduercher auszeechnen, dass isoléiert Situatioune verallgemengert ginn oder dass se onprezis, jo esouguer falsch sinn.

Opgrond vun der Wichtegkeet a vun der Komplexitéit vum Thema ass e Minimum vun Objektivitéit, déi op noweislesche Fakte berout awer onëmgänglech. Aus dësem Grond wëll den LSAP-Deputéierten elo a véier parlamentaresche Froen Detailer iwwert de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch gewuer ginn.

Esou freet hien den Unterrechtsminister e.a. op wéi enge Klasse Lëtzebuergesch geléiert gëtt an ob d’Offer soll ausgebaut ginn. Un d’Gesondheetsministesch geet e.a. d’Fro wéi et statistesch mam Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch am Gesondheets- a Fleegesecteur ausgesäit a wéi eng Efforten an dësem Zesummenhang gemaach goufen a ginn. Detailer iwwert e.a. de Gebrauch bzw. déi néideg Sproochekenntnisser an den Administratioune freet den Yves Cruchten beim Minister fir den ëffentlechen Déngscht no an d’Ministere fir Kultur a Fuerschung freet hien, wéi d’Regierung d’Lëtzebuerger Sprooch an dësen zwee Beräicher ënnerstëtzt.

Hei d’Froen an der Integralitéit:

QP Langue luxembourgeoise Culture Recherche CruchtenY

QP Langue luxembourgeoise Enseignement CruchtenY

QP Langue luxembourgeoise Fonction Publique CruchtenY

QP Langue luxembourgeoise Santé CruchtenY

Facebook
Twitter