„Exzellenten“ Budget 2017: Investissementer a Rekordhéicht.

Budget2017_Alex Bodry

„Dëst ass en exzellente Budget, den ewéi schonn déi Budgete virdru marquéiert ass, duerch ganz héich ëffentlech Investissementer”. Mat dëse Wierder huet den Alex Bodry den Entworf vum Budget 2017 kommentéiert. Mat 2,4 Milliarde géifen d’Investissementer – ob direkt oder subventionéiert ewéi z.B. am Gemengeberäich – op eng Rekordhéicht klammen. Héich Investissementer an d’Mobilitéit, d’Schoul an am soziale Beräich wieren onheemlech wichteg, wat och erkläre géif, dass d’Regierung dëst Joer wäert op en Emprunt zeréckgräifen, esou den LSAP-Fraktiounschef am Uschloss un d’Budgetspresentatioun den 12. Oktober 2016. Den Alex Bodry huet dorobber higewisen, dass de Sozialbudget bal 45 Prozent vun de Gesamtausgabe vum Staat ausmécht. Esou en héije Prozentsaz, den ee praktesch a kengem anere Land an Europa fënnt, géif et erlaben eis Sozialstandarde ze halen. De Fait, dass de Chômage am zweete Joer hannereneen zeréck gaange wier an dass d’Regierung dovunner ausgeet, dass en nach weider zeréckgeet, géif weisen, esou den LSAP-Politiker, dass dat wirtschaftlecht a sozialt Emfëld däitlech besser wier ewéi 2013, d’Joer vum Regierungswiessel. “Dëst mécht et méiglech Steiererliichterungen ze maachen, déi haaptsächlech den Haushälter wäerten ze gutt kommen, déi also d’Kafkraaft 2017 wäerte stäerken. Eng Handschrëft, déi d’Sozialiste mat era bruet hunn an d’Regierungspolitik”, esou den Alex Bodry.

Budget2017_Claude Haagen

De Budgetsrapporter Claude Haagen huet sengersäits erklärt, dass hien elo déi detailléiert Analys vum Budget wäert an Ugrëff huelen. Dat ganzt ënnert dem Aspekt vum Wuesstem. “Wéi gëtt eise Wuesstem verdeelt, kënnt en bei alle Schichten un”, wiere Froen, déi hien – Stéchwuert Steierreform, Digitaliséierung oder Investitiounen – a sengem Rapport géif ugoen. Wuesstem dierft nämlech kee Selbstzweck sënn, esou den LSAP-President.

Facebook
Twitter