Étienne Schneider: « Oppene Bréif zu 20 Joer Kyoto-Accord a wat draus gouf »

« 20 Joer nom Kyoto-Accord muss ee festhalen, dass et wuel ëmmer erëm Réckschléi ginn huet, dass eng Rei wichteg Länner sech vun Zäit zu Zäit désolidariséiert hunn. Mee och ouni déi Länner sinn d’Gesamtemissioune vu klimaschiedleche Gasen an der industrialiséierter Welt ee gutt Stéck zeréck gaangen. Dovun ofgesinn huet de Kyoto-Accord a seng Nofolger dozou gefouert, dass an de leschten 20 Joer immens vill innovéiert gouf am Beräich vun den erneierbaren Energien, der Energieeffizienz, a.s.w. »: An engem oppene Bréif zitt de Vize-Premier a Wirtschaftsminister Étienne Schneider e Bilan vum Kyoto-Accord, den den 11. Dezember 1997 ënnerschriwwe gouf.