Étienne Schneider: “Oppene Bréif zu 20 Joer Kyoto-Accord a wat draus gouf”

Oppene Bréif zu 20 Joer Kyoto-Accord a wat draus gouf

Den 11. Dezember 1997 hunn sech 150 Natiounen zu Kyoto während 2 Wochen zesumme gesat fir den éischten internationalen Accord auszehandelen fir klimaschiedlech Gasemissiounen ze reduzéieren an fir esou d’Äerderwiermung anzedämmen.

Deemools, grad ewéi bei dem rezente Paräisser Accord, souzen d’USA mat um Dësch, mee de President George W. Bush huet schlussendlech dem Drock vun der Pëtrol’s- a Gaslobby noginn andeems hien 2001 decidéiert huet fir de Kyoto-Accord net ze ratifizéieren, d.h. en net ëmzesetzen.

Fir déi aner Länner ass den Accord dunn am Februar 2005 a Kraaft getrueden.

Wéi dunn 2012 déi éischt Phase vum Kyoto-Accord op en Enn goung, ass zu Doha decidéiert gi fir den Accord bis 2020 ze verlängeren. Allerdéngs hunn deemools nëmmen nach 88 Natiounen den Doha-Accord akzeptéiert.

No jorelaangen Diskussioune fir een neien internationalen Accord zum Klimaschutz ze fannen, dee sollt vu méiglechst ville Länner akzeptéiert ginn, ass dunn endlech virun 2 Joer de Paräisser-Accord ënnerschriwwe ginn. Zil ass et fir d’Äerderwiermung an dësem Joerhonnert ob 2 Grad Celsius, besser nach ob just 1,5 Grad ze limitéieren, an dat am Verglach zur virindustrieller Zäit.
Zu Paräis sinn och eng ganz Rei Mesuren a finanziell Ënnerstëtzungen decidéiert gi fir den Entwécklungslänner ze hëllefen hir Ziler ze erreechen.

170 Länner hunn dësen Accord an der Tëschenzäit ratifizéiert, och wann d’USA ënnert hirem aktuelle President erëm decidéiert hunn awer net matzemaachen.
Wat huet Kyoto bruecht?

20 Joer nom Kyoto-Accord muss ee festhalen, dass et wuel ëmmer erëm Réckschléi ginn huet, dass eng Rei wichteg Länner sech vun Zäit zu Zäit désolidariséiert hunn. Mee och ouni déi Länner sinn d’Gesamtemissioune vu klimaschiedleche Gasen an der industrialiséierter Welt ee gutt Stéck zeréck gaangen. Dovun ofgesinn huet de Kyoto-Accord a seng Nofolger dozou gefouert, dass an de leschten 20 Joer immens vill innovéiert gouf am Beräich vun den erneierbaren Energien, der Energieeffizienz, a.s.w. Méi wichteg ass sécherlech, dass d’Bierger sech bewosst gi sinn ewéi wichteg de Klimaschutz ass, an och ëmmer méi deementspriechend handelen.

D’Bierger wäerten et och sinn, déi den Drock op déi Regierunge wäerten erhéijen, déi bis dato nach net op de Wee vu méi Klimaschutz gaange sinn.
Wéi geet et an der EU weider?

Am Kader vun den Diskussiounen zur Schafung vun enger Energie Unioun an Europa gëtt den Ament zu Bréissel de Moossnamepak vun der Europäescher Kommissioun « Une énergie propre pour tous les Européens » verhandelt. Europa wëll hei eng Virreiderroll bei enger engagéierter Energie- a Klimapolitik iwwerhuelen, a gläichzäiteg dobäi eng Moderniséierung vun der EU-Wirtschaft, zousätzlech Beschäftegung an och nohaltege Wuesstem an Europa schafen.

Sou huet sech Europa als Zil gesat, d’CO2-Emissioune bis 2030 ëm mindestens 40% ze reduzéiren am Verglach zu 1990. Weider Ziler sinn fir am Joer 2030 en Undeel vu mindestens 27% erneierbar Energien am Energiemix ze hunn, a fir bis 2030 d‘Energieeffizienz ëm mindestens 27% ze verbesseren.

Ech hu mech als Wirtschaftsminister, a menger Zoustännegkeet fir den Energieberäich, iwwert déi lescht Méint fir héich Ambitiounen am Beräich Klima, erneierbaren Energien an Energieeffizienz zu Bréissel agesat. Mir mussen an Europa eng verantwortungsvoll Energie- a Ressourcepolitik bedreiwen, an aus manner Ressourcë méi Liewensqualitéit maachen. Sou hu mer et am Rifkin-Prozess zu Lëtzebuerg ugefaangen, a wäerten dat och konsequent ëmsetzen.

Och wann mir als klengt Land trotz all eisen Effort’en net vill um Weltklima wäerten änneren, esou musse mer trotzdeem eis Responsabilitéiten an deem wichtege Beräich huelen.
Fir eis, fir eist Klima a fir eis zukünfteg Generatiounen!

Dofir stinn ech!

Étienne Schneider
Vizepremier a Wirtschaftsminister

Facebook
Twitter