“Etat de la nation”: 5 Débaten, 9 LSAP-Riedner

Eng Neierung beim “Etat de la Nation” 2016 war, dass nieft der uschléissender, genereller Debatt och sektoriell Diskussiounen opgeschlësselt no véier Themeberäicher an der Chamber gefouert goufen. Dës Themeberäicher waren: “Économie a Kompetitivitéit”, “Sozial Kohesioun a Wuelbefannen”, “Nohalteg Entwécklung” an “Institutiounen a Reform vum Stat”.

Allgemengen Débat an Economie

 

D’LSAP-Positiounen am Kontext vun der allgemenger Politik an der Finanz- a Budgetspolitik huet de Fraktiounspresident Alex Bodry duer geluecht (hei seng Interventioun), während de Franz Fayot (hei d’Interventioun) de Volet Finanzplaz, Diversifizéierung vun der Économie a Fuerschung behandelt huet.

Uschléissend huet d’Tess Burton sech mat den Erausfuerderungen vum Handwierk, Commerce, Horesca-Beräich a mam Tourismus auserneen gesat. D’Ost-Deputéiert sot e.a. dat heiten: “Net méi spéit ewéi leschte Mount huet d’Staatssekretärin aus dem Wirtschaftsministère d’Francine Closener de 4. Aktiounsplang fir d’PME’en virgestallt. Eng ganz Rei Fuerderungen aus eisem Walprogramm, ginn mat dësem Plang ëmgesat. Ganzer 99 Mesuren sinn am Aktiounsplang festgehalen, déi an deenen nächste Joeren no a no ëmgesat wäerte ginn an déi de Betriber sollen hëllefen sech weiderzëentwéckelen. Zum Thema Landwiertschaft sot d’Tess Burton: „D’Landwiertschaft ass och e Sekteur, deen et ganz schwéier huet. Des Betrieber mussen engersäits kompetitiv sinn op engem internationale Marché, wou en immense Konkurrenzdrock besteet an anerersäits de Fuerderunge vu ganz ënnerschiddlechen Acteure gerecht ginn. D‘Bauere sinn an engem héije Mooss ofhängeg vun der gemeinsamer Agrarpolitik vun der EU a riichten hier Betriber och deementspriechend aus. Doriwwer eraus gëtt et spezifesch Problemer zu Lëtzebuerg, deenen d’EU-Bäihëllefen nëmmen zum Deel Rechnung droen. A schlussendlech hu mer eng Zivilgesellschaft, déi ganz eege Virstellungen dovun huet, wéi d’Landwiertschaft misst ausgesinn a wat si misst leeschten.“

view video on chd.lu

Sozial Kohesioun a Wuelbefannen

 

Riedner fir d’LSAP am Beräich “Sozial Kohesioun a Wuelbefannen” waren de Georges Engel (Aarbecht, Soziales), d’Cécile Hemmen (Gesondheet, Sport, Chancëgläichheet) an d’Taina Bofferding (Famill).

De Georges Engel huet a senger Ried ënnerstrach, dass d’LSAP fir en Ausbau vun de Leeschtungen an der sozialer Ofsécherung an fir héich Qualitéitsstandarden bei all dëse Leeschtungen steet. Hien huet betount, dass d’LSAP sech och weider fir eng Reduktioun vum Chômage, fir gesond Aarbechtsplazen, gutt Aarbechtsbedingungen an eng regelméisseg Upassung vun der Legislatioun un en Aarbechtsmaart, dee sech stänneg verännert, asetze wäert. A schliisslech, dass d’LSAP d’Schoul konsequent weider reforméieren wëll, ouni se all Joer nei ze schreiwen, fir se un eis Gesellschaft an hir Ufuerderungen ze adaptéieren, dat am Sënn vun méi Chancëgläichheet an der sozialer Gerechtegkeet.

view video on chd.lu

 

D’Cécile Hemmen huet e.a. ënnerstrach: “D’Santé ass e Grondrecht, mir sinn gehalen alles drun ze setzen dass jiddwereen hei am Land dee beschtméiglechen Accès un all gesondheetlech Versuergung soll hunn am Respekt  vum Patient a sengen Rechter. (…) Wa mer eis virun Aen halen das seen 1 € deen an de Sport investéiert gëtt och 1€ ass deen an eis Gesondheet geet, da misst all Effort dru gesat ginn fir der Recommandatioun vun 1 Stonn Bewegung den Dag nozekommen.“ Wieder ass d’sozialistesch Députée-Maire op d‘Gläichstellung vu Mann a Fra, „eng vun de politesche Prioritéiten vun de Sozialisten“, agaangen: „De Frae [wëlle mir] mat Hëllef vun engem sougenannten Quote-Gesetz fir d’Walen eng Hëllefstellung ginn fir de Wee an d’Politik ze fannen , hinnen eng Ouverture bidden fir sech un der Demokratiséierung vun eisem Land ze bedeelegen.“

view video on chd.lu

 

A Saache Familljepolitik huet d’Taina Bofferding e.a. dat heite gesot: „Eng modern Familljepolitik ze gestalten heescht fir d’LSAP an éischter Linn, déi ënnerschiddlech Liewenssituatiounen a Besoin vun de Familljen ze considéréieren. Mär sinn der Meenung, dass et der Politik net zousteet iwwer Familljereformen ze uerteelen, mä se ze respektéieren huet. Familljepolitik däerf sech net ob eng Äntwert beschränken, mä muss jee no Liewenssituatiounen a Liewenslag ënnerschiddlech Äntwerten erméiglechen. Wat mär net méi wëlle subventionéiere si Mesuren déi e réckwäertsgewandten Geschlechter- a Familljebild zementéieren, déi d’Fra an eng ökonomesch Ofhängegkeet vum Partner dreift. Dat Bild entsprécht weder der Liewensrealitéit nach de Liewenswënsch vun de meeschte Familljen.
(…) Dofir ass et fir eis Sozialisten och wichteg, déi verschidde Reformen déi elo ustinn, net als Eenzelmesuren erauszepicken mä als e Ganzt ze betruechten, zu dem d’Richtlinne vun der Chancëgläichheet an der Individualiséierung vun der Rechter vun de Kanner ze Gronn leien. Bei verschiddenen spillt och déi sozial Selektivitéit.“

view video on chd.lu

Nohalteg Entwécklung

 

Mam Sujet “Nohalteg Entwécklung” hunn sech fir d‘sozialistesch Fraktioun de Roger Negri an den Yves Cruchten befaasst.

Den LSAP-Deputéierten Roger Negri sot fir d’Beräicher Mobilitéit an Ëmwelt e.a.: “Als LSAP si mir iwwerzeecht, dass mer onbedingt méi präzis Planungsinstrumenter brauchen, fir ze definéieren: wou mer wunnen, wou mer schaffen, wou mer eis Transport-Trassen leeën, wou mer eis dobaussen erhuele kënne, wou mer eis Natur onbedingt schütze musse, a wou d’Landwirtschaft déi néideg Plaz behält fir d’Liewensmëttelversuergung vun eisem Land ze garantéieren.

(…) Wat Atomenergie ugeet, ënnerstëtze mer d‘Proposë vum Premierminister fir noutfalls mat enger Finanzsprëtz dem Ofschalten vun den Atomreakteren zu Cattenom an zu Tihange op d ‘Spréng ze hëllefen, well grad 30 Joer no Tchernobyl ass et schwéier ze verstoen, dass des geféierlech Energie net ofgeschalt gëtt.

(…) Et ass (…) gutt a richteg, dass des Regierung de Schwéierpunkt op den dringend noutwennegen Ausbau vum Schinnenetz setzt. Dat verhënnert awer net, dass een sech lo scho Gedanke mécht, wéi laangfristeg gekuckt deen een oder aneren Autobunnsabschnitt misst ausgebaut ginn.“

view video on chd.lu

 

Zum Dossier “Logement” sot den Yves Cruchten e.a. dat heiten:

“Zanter dem 1. Januar 2016 gett et d’Loyerssubventioun. Ech erënneren dorunn well ech mech dergéint wieren datt heiansdo gemaach gett ewéi wann dat näischt wier. De Staat hëllt hei 29 Milliounen dovun 21 nei Milliounen a leet se beim Loyer bäi bei denen Stéit déi et am Néidegsten hunn. Dat ass konsequent Aarmutsbekämpfung!

(…) Mir Sozialiste begréissen do datt d’Betreeg déi ee beim Bauspuere ka steierlech ofsetzen grad ewéi d’Scholdzënsen, eropginn oder verduebelt ginn. Dës Mesuren reihen sech an bei déi aner sëlleche Mossnahmen fir d’Fërderen vum Eegenheem…

(…) Am Verglach mam Ausland sti mer mat eisen 2% Sozialwunnengen par rapport zum gesamte Wunnengsbestand ganz schlecht do. Dofier begréissen mir Sozialisten d’Effort’en vun der Regierung fir méi Wunnraum, neie Wunnraum a virun allem soziale Wunnraum z’erschléissen.

(…) Doniewt gëtt d’Regierung iwwert d’Steierreform en Incentive fir Privatleit, hier Terrain’en ze verkafen andeems bis zum Enn vun 2017 d’Plus-value op de Venten just nach zu engem véierel besteiert gett. D’LSAP steet hanner däer Moossnahm an erhofft sech dovunner datt domadder de Marché kann dynamiséiert ginn an d’Offer an d’Luucht geet.

(…) D’Loyeren déi een fir eng Wunneng kritt déi un eng Agence immobilière sociale verlount gett, sollen ëm 50% steierlech exonéréiert ginn. Dat ass an eisen An eng effikass Mesure fir de Manktem u Sozialwunnengen méi kleng ze maachen an et kann een d’Regierung dofier félicitéieren.”

view video on chd.lu

Innepolitik an Trennung vu Kierchen a Stat

 

Den Ofschloss vun den LSAP-Interventiounen zum “Etat de la Nation” vun dësem Joer huet den LSAP-President Claude Haagen mat den Themen Innepolitik an Trennung vu Kierchen a Stat gemaach.

Hien huet e.a. gesot: “Dësen Projet vun der Unificatioun vun Pomjeeswiesen an Protection Civile (…), an dat kann een roueg soen, ass eng kleng Revolutioun fir d’Rettungswiesen insgesamt: net nëmmen kënnt elo och administrativ zesummen waat zesummen gehéiert, mee och déi ugestrieften Partnerschaft tëschent Gemengen a Staat gëtt elo op fest Féiss gestallt, mat gedeelter Responsabilitéit, an och gedeeltem Finanzement vum gesamten Rettungswiesen, an enger eenheetlecher Struktur.

(…) D’LSAP ënnerstëtzt eng Reform vun de Gemengefinanzen. (…) Mir Sozialisten begréissen et, dass den Inneminister deklaréiert huet, dass een op Regierungsniveau een Accord fonnt huet, dass d‘Gemengen duerch Ofschafen vun hirer Bedeelegung un de Schoulmeeschteschgehälter an gläichzäiteg d‘Ofschafen vun der Staatsbedeelegung un de Pensiounskäschten  vun de Gemengen eng Netto Plusvalue vun 90 Milliounen kréien. Als LSAP ass et fir eis kloer, dass mir um Prinzip vun der Gemengenautonomie festhalen a Gemengenautonomie funktionéiert nëmmen wann d’Gemengen iwwert déi néideg Finanzressourcen verfügen fir eng eegestänneg Politik ze gestalten.

(…) Eng modern Gesellschaft, e modernen Staat muss Reliounsfräiheet respektéieren d.h. jiddwerengem säi Recht, eng Relioun auszeüben, an och jiddwerengem säi Recht, sech net un der Ausübung vun enger Religioun bedeelegen ze mussen. Dofir ass d’LSAP fir eng Trennung vun de Kiirchen an dem Staat. D`LSAP steet voll hannert déier Konventioun [iwwert d’Klärung vun de Besëtzverhältnisser tëschent Kierch a Gemeng], a fuerdert dass si och elo séier ëmgesat gëtt, wéi et versprach ginn ass.“

view video on chd.lu
Facebook
Twitter