« Eng fortschrëttlech Familljepolitik beschränkt sech net op d’Ausbezuele vu Suen »

Um Dënschdegmëtten huet d’Chamber d’Neiregelung vun de Familljenzoulage gestëmmt. Zentrale Punkt vun dëser Reform ass d’Vereenheetleche vun der Kannergeldsätz. D’Riednerin vun der LSAP, d’Taina Bofferding, huet an hirer Interventioun erkläert firwat mat dem neie System net gespuert gëtt a firwat, mat der Ofschafung vun der « Allocation d’éducation » kenger Famill de Choix a Bezuch vun der Organisatioun vun hirem privaten a beruffleche Liewen ewech geholl gëtt.

Hei d’Interventioun vum Taina Bofferding fir nozeliesen (woubäi dat geschwatent Wuert zielt):


 

Här President,

Där Damen an Där Hären,

Als éischt wëll ech de Rapporter, de Gilles Baum luewe fir säi verständleche mëndlechen a schrëftleche Rapport. Déi eenzel Changementer huet den Här Baum erkläert, esou dass ech a menger Interventioun fir d‘LSAP just op déi Elementer aginn déi eis besonnesch um Häerze leien an déi méi kontrovers diskutéiert ginn.

Kannergeld an och all déi aner Familljeprestatiounen goufen agefouert als finanziell Bäihëllef, déi d’Famillje bei der Betreiung an der Erzéiung vun hire Kanner ënnerstëtze soll.

D’Kannergeld garantéiert nach laang kee Luxusliewen. Mär wëssen, dass et vill Sue kascht, e Kand grouss ze zéien. Dobäi wëllen a musse mär hëllefen.

Esou wéi am Regierungsprogramm festgehalen, gëtt de Fonctionnement, d’Organisatioun an d’Finanzéierung vun der Kannergeldkeess nei geregelt.

Bei dëser Reform steet awer och de politesche Wëllen am Virdergrond ee Kand wéi dat anert ze behandelen.

Taina Bofferding_Panorama_rs

D’Vereenheetlechung vun der Kannergeldsäz läit engem aliichtende Prinzip zegrond, dass an Zukunft all Kand gläich behandelt gëtt. Dat zweet, drëtt oder véiert Kand kann a soll dem Staat net méi wäert sinn, ewéi dat éischt.

LSAP hat an hirem Wahlprogramm festgehalen, dass mär dofir suergen, dass all d’Kanner zukünfteg gläichbehandelt ginn an d’Kannergeld esou ausgeriicht soll ginn, dass fir all Kand de selwechte Montant ausbezuelt gëtt.

Mat dëser Reform elo ginn d’Kannergeld an de Kannerboni zesummegeluecht an et gëtt sech beim Montant vun 265€ un deem orientéiert, dat aktuell bei engem Kand ausbezuelt gëtt an souguer liicht no uewen opgeronnt.

Wichteg fir meng Partei ass e rouegen Iwwergang, eng Transitiounsphase wou garantéiert gëtt dat bestoend Kannergeld vun de Familljen net weider ze veränneren. Dofir soll déi Neiregelung nëmme fir déi neigebuere Kanner respektiv fir déi Kanner déi elo an de System era kommen, zielen.

Wëll déi Transitiounsphase esou einfach wéi méiglech gehale soll gi, wäerten esouguer verschidde Famillje duerch d’Afréierung vun de Montant während e puer Joer finanziell besser ewech komme wéi aktuell.

D’Argument dass dës Reform just zum Ziel hätt op d’Käschte vun de Kanner ze spueren, ass falsch.

Ënnert dem Stréch wäert de Staat manner Kannergeld ausbezuelen. Et gi manner Geldleeschtungen, dofir gëtt awer méi a Sachleeschtungen investéiert, déi de Familljen ze gutt kommen. Et gëtt also op aner Plaze kompenséiert.

Ech denken do konkret un:

  • Investitiounen an der Kannerbetreiung, esou wuel an der Quantitéit wéi och an der Qualitéit
  • Fréikandförderung an déi bilingual Betreiung
  • net ze vergiessen déi finanziell Entlaaschtung duerch déi ugekënnegt Steierreform
  • an ech denken och u Moossnahmen déi et den Eltere méi einfach maache fir Famill a Beruff openeen ofzestëmmen, wéi d’Reform vum Congé parental, Congé pour raisons familiales, Congés spéciaux

D’Familljepolitik ass mëttlerweil Aufgab vun enger ganzer Regierung, ressortiwwergräifend, an domadder sinn e puer Ministere gefuerdert, de Biergerinnen a Bierger de beschte Kader fir d’Grënnung vun enger Famill unzebidden an de Kanner déi beschtméiglech Zukunftschancen ze ginn.

Verschidde Reforme schleefen, dat muss och d’Regierung zur Kenntnis huelen. Trotzdem sollen déi verschidde Reformen déi elo ustinn, net als Eenzelmesuren erausgepickt mä als e Ganzt betruecht ginn.

Familljepolitik ass nämlech méi wéi d’Ausbezuele vum Kannergeld. Bewosst gi Sachleeschtungen ausgeblend, wëll dat vereinfacht de polemeschen Diskurs fir kënnen de Regierungsparteie virzegeheien si géifen net genuch an d’Kanner investéieren an um Bockel vun de Famillje spueren.

Iwwerraschen deet et mech elo net, dass de Riedner vun der CSV-Fraktioun just Montante vun der Allocation familiale betruecht an domadder de Majoritéitsparteie virwerft Erspuernisser um Bockel vun de Familljen ze maachen.

Méi erstaunt sinn ech awer driwwer, wann esou gemaach gëtt wéi wann et mat enger CSV keng Aspuerunge géif ginn.

Dobäi war et dach hire Fraktiounschef, deen Ugangs November an enger Radiosemissioun, also nach net all ze laang hir, op d’Fro wat CSV anescht géing maachen, geäntwert huet, dass si natierlech aner Spuermoossname virgeschloen hätten, sécher net d’Allocation d’éducation ofgeschaafen, mä si hätten Aspuerungen op d’Schëllere vu sämtleche Famillje verdeelt.

Dozou muss ech awer soen, datt dat awer eng eesäiteg Mesure wär, wa pauschal bei alle Prestatioune géif gekierzt ginn ouni Géigeleeschtung.

Dat erënnert staark doru wéi en CSV-Minister, dat war zu senger Zäit de Luc Frieden, bei der Budgetsvirlag fir 2013 proposéiert hat d‘Kannergeld pauschal ëm 10% ze kierzen, wéi och de Congé parental d’office vu 6 op 4 Méint ze reduzéieren, och deemools ouni Géigeleeschtungen.

Här President,

Mat dëser Reform hei gëtt bei KENGEM Kand an och bei kenger Famill de roude Stëft ugesat. Beim Kannergeld verléieren déi aktuell Beneficiairen näischt – 1. Punkt.

  1. Punkt ass, dass eng Parti Monant’en an d’Luucht ginn, wéi d’Majoratiounen d’âges oder d‘Allocation spéciale supplémentaire, déi de Staat nach zousätzlech u Kanner mat enger Behënnerung ausbezillt.

Och wäerten d’Montant’e vun der Allocation Rentrée scolaire anescht berechent ginn.

Dës Allocatioun ass wichteg, wëll de Schoulufank ass fir d’Famill eng zousätzlech Depense an hirem Budget. Do wëlle mär och d’Famillje weiderhin ënnerstëtzen.

Dass awer bei der Berechnung vun der finanzieller Ënnerstëtzung de „Groupe familial“ gekuckt gëtt, entbiert eigentlech aller Logik.

D’Bicher, Hefter, Stëfter an de Schoulsak gi fir e Kand net méi deier wann nach Gesëschter am Stot sinn. Firwat gi fir e 8-järegt Kand ouni Gesëchter 113,15€ ausbezuelt a fir e glächaltregt Kand, dat nach Gesëschter vun 1 an 3 Joer huet, déi selwer nach net an d’Schoul ginn, firwat kritt dat 323,34€? Firwat mécht de Staat hei eng Differenz? Mat sozialer Gerechtegkeet huet dat jiddefalls näischt ze doen.

Déi proposéiert Montant’e si fir eis méi kloer. Och hei gëtt sech um Betrag, dee fir 1 Kand ausbezuelt gëtt, orientéiert an no uewen adaptéiert. Bei de Kanner ab 12 Joer ass et nach vill méi signifikativ, do leet de Staat bei déi aktuell 115€ nach emol 73€ dobäi.

An der Debatt zur Lag vun der Natioun hat ech schonns betount, dass d’LSAP fir eng méi staark a selektiv Ënnerstëtzung bei de Schoulbicher fir Famillje mat Kanner, déi am Lycée sinn, antrëtt. Deene finanziell méi schwaache Menage soll méi gezielt ënner d’Ärm gegraff ginn.

Eng Piste kéint sinn, esou eng Hëllef un d’Allocation de vie chère ze bannen. Mär sinn der Meenung, dass dës konkret Iddi iwwerpréift soll gi fir ze kucken ob esou eng Koppelung méiglech wär.

En 3. Punkt firwat den neie System vum Kannergeld keng schéi verpaakte Spuermesure ass, besteet an der Entschlossenheet d’Kannergeld net méi op onbestëmmten Zäit anzefréieren, mä periodesch Adaptatiounen ze maachen.

Mär sinn dofir besonnesch frou, dass sech zesumme mat de Gewerkschaften op e Mechanismus gëeenegt ginn ass fir d’Familljeprestatiounen, an awer och fir d’Chèques-service ze analyséieren un d‘Entwécklung vum Salaire médian unzepassen.

D’Regierung huet et sech mat dësem neie Modell net einfach gemaach, de Berechnungsmodus ass zimlech komplex.

D’LSAP fënnt et gutt, datt et all Kéier’s eng Decisioun driwwer wäert gi wéi d’Gelder verdeelt an optimal agesat wäerte ginn. Dëse Mechanismus geet u sech méi wäit wéi d’Indexreeglung.

Och wa laangfristeg gesi manner Geldleeschtunge beim Kannergeld ausbezuelt ginn, esou gëtt weiderhin an d’Kanner, an hir Familljen investéiert – an dat ass e weidere wichtege Punkt.

Meng Partei setzt op eng héichwäerteg fréikandlech Bildung fir all d’Kanner. Eng gutt Bildung ass eng wichteg Viraussetzung fir de Kanner eng gesellschaftlech Participatioun an eegestänneg Liewensgestaltung ze erméiglechen.

An do steet déi ëffentlech Hand a besonnescher Verantwortung fir déi bescht Konditioune fir d’Eruwuesse vun deene Klenge vum Liewensufank un ze schafen.

An deem Kontext wëll ech drop hiweisen, datt déi Suen déi deemools bei der Desindexéierung vum Kannergeld fräi gi sinn, net einfach agespuert goufen, mä investéiert.

An de leschte Jore gouf massiv an d’Betreiungsstrukturen investéiert fir de Familljen eng héichwäerteg a flächendeckend Kannerbetreiung ze offréieren.

Här President,

Mat der Individualiséierung vun de Rechter vum Kand, nom Prinzip all Kand ass dat selwecht wäert, gesäit den neie System NET méi vir, datt d‘Kannergeld exponentiell zur Unzuel vun de Kanner am Stot an d’Luet geet.

Ech schwätzen hei konkret vum Ewechfale vum „Groupe familial“. Deem gëtt entgéint gesat, dass all weidert Kand am Stot och méi Depense fir d’Eltere bedeit.

Nun, eng Parti Etudë relativéieren dat a weisen drop hin datt d’Kannerausgabe pro Kapp an engem Menage mat engem Kand am héchste sinn.

D’Kritiker leien net falsch wa se drop hiweisen, dass bis elo keng Etude d’Situatioun hei am Land erfaasst. Am Exposé des motifs vum PL gëtt op verschidden Etuden aus dem Ausland Referenz geholl.

Ech hu mär déi ugekuckt an do geet dorausser ervir, dass déi direkt Käschte fir e Kand sech ëm 500€ pro Mount belaafen. De Montant berechent sech fir en Eenzelkand. Si méi Kanner am Menage, verréngeren sech proportional gesinn Depensen, wëll vill Saachen net duebel musse kaf ginn.

Beim Eenzelkand ginn et an der Reegel méi Depense fir Eischtuschaffungen, wéi zB bei der Bebeausstattung, enger Kannerkutsch, Kleeder an ähnlechem, déi gewéinlech an engem Méikannerhaushalt fir dat zweet oder drëtt Kand erneit genotzt ginn.

Et huet sech erausgestallt, dass d’Charge fir all weidert Kand ëmsou méi niddreg ginn, wa méi Kanner am Menage liewen.

Et gouf festgehalen, dass tëschent dem Alter vun der Kanner an der Héicht vun de Charge fir de private Konsum eng enk Relatioun besteet  an dofir ginn et jo och déi Majoritation d’âge beim Kannergeld.

Och wann dës Etuden net d’Situatioun hei am Land analyséiert hunn, esou weisen déi Studien aus Däitschland an Éisträich awer op allgemeng Tendenzen hin.

Elo kann een natierlech soen, et ass mär egal wat Etuden ausweisen, ech weess wat ech un Depensen hunn a wéi vill um Enn des Mounts am Porte-Monnie nach iwwreg ass. An dat ass och net an all Famill gläich, bei deem engem ass dat Lach am Porte-Monnie méi grouss wéi bei deem aneren.

Och wann deen ee méi Geldleeschtunge kéint gebrauchen, ginn d’Familljen awer duerch vill Sachleeschtungen ëmsou méi finanziell entlaascht. Et ass zum Virdeel fir d’Kanner a Sachleeschtungen z’investéieren.

Pauschal Kannergelderhéijunge fir all Familljen, also och fir déi räich, sinn net de Garant fir méi Gerechtegkeet. Dass Elengerzéier a kannerräich Familljen engem méi groussen Aarmutsrisiko ausgesat sinn, ass eng Tatsaach an deem muss d’Politik Rechnung droen.

Fir eis als LSAP ass wichteg, dass déi Menagen déi a prekäre Situatioune si weiderhi vun der ëffentlecher Hand ënnerstëtzt ginn. Noutwenneg sinn dofir Efforten, déi all politesch Niveaue matabezéien.

Mä einfach elo d’Kannergeld massiv an d’Luucht ze hiewen, erschéngt eis net gëeegent, déi sozial Schieflag ze behiewen, an der sech Familljen hei am Land befannen.

Déi schonns méi akommensstaark Menage géifen nach méi begënschtegt ginn. An am ënneren Akommesberäich dogéint géif d’Erhéijung net duergoe fir d’Situatioun vun de Kanner spierbar ze verbesseren.

Am internationale Vergläich ass Lëtzebuerg, och no der Reform, nach ëmmer dat Land mam héchste Betrag u Kannergeld.

Allerdéngs läit eis Aarmutsrisikoquote net ganz hannen.

De skandinavesche Länner geléngt et trotz engem méi klengem Montant u Kannergeld däitlech besser Kanneraarmut ze verhënneren. Dat ass e weesentleche Punkt – si setze méi op Sach- wéi op Geldleeschtungen.

Fir d‘LSAP beschränkt sech dohir eng fortschrëttlech Familljepolitik, déi och d’Lutte géint Kanneraarmut zu Aufgab huet, net just op d’Ausbezuele vu Suen, mä besteet eben aus engem Mix mat Sachleeschtungen, mat Mesuren déi allgemeng d’Konditioune fir d’Famillje verbesseren.

Kanneraarmut bekämpfen heescht d’Liewensbedingunge vun de Famillje verbesseren an dofir ze suergen datt d’Elteren net an d’Aarmut ofdriften.

Éier ech zu mengem Schluss kommen, nach eng Remarque zu deem berühmte „Choix“, deen an all Debatt ronderëm d’Familljepolitik ëmmer nees optaucht.

D’Meenunge ginn hei auserneen, wat eigentlech awer net verwonnerlech ass, wëll hei stinn sech d‘Parteien déi un engem traditiounsgebonnenen a konservativen Ideal festhalen an déi Parteien déi eng méi modern an zäitgeméiss Familljepolitik ustriewen, géigeniwwer.

Och wann déi gréissten Oppositiounspartei ëmmer nees widderhëlt, dass déi Fraen, déi doheem bei hire Kanner bleiwen „alles ewech“ geholl kréien – gëtt hir Ausso domadder net méi richteg.

Mat der Ofschafung vun der Allocation d’éducation ass dach kenger Famill de Choix ewech geholl ginn. D’Allocation de maternité an d‘Allocation d’éducation waren dach keng Instrumenter fir Wahlfräiheet an Autonomie ze garantéieren. àDär wëllt eis dach hei net verklickeren, datt déi 485€ pro Mount a just bis d’Kand 2 Joer hat, dass ee mat deem Montant eng Famill ernähren an een sech e Logement konnt leeschten?

àDat ass de Leit Sand an d’Ae gestreet!

Dee Choix vun deem d’CSV ëmmer schwätzt ass kee wierkleche Choix. Et war an et bleift e Choix deen sech just déi finanziell gutt situéiert Famillje kënne leeschten, wëll dem enge säi Salaire muss fir d‘ganz Famill duer goen.

An déi Saach vum Choix fonktionnéiert awer och nëmmen esou laang wéi d‘Ënnerstëtzung vum anere Partner ginn ass, respektiv esou laang d’Koppel zesummen ass.

Mär wëssen, dass eng Ënnerbriechung vun enger Carrière duerch Decisioun sech jorelaang exklusiv ëm Kanner an Haushalt ze këmmen, en negativen Impakt op déi finanziell Ofsécherung, an dee meeschte Fäll vun der Mamm huet, sief dat wat Chancen ugeet duerno erëm Aarbecht ze fannen oder wat Pensioun betrëfft, besonnesch wann zB eng Scheedung d’Liewesplanung duerchkräizt.

àA genau déi doe Problemer gi gären an der Diskussioun ausgeblend. Doriwwer wëll kee schwätzen, wëll et ass net schéin, et ass net bequem an et demontéiert d’Bild vum fräiwëllege Choix.

Och war fréier dee Choix net vill anescht wéi haut. Déi Fraen déi net schaffe gaange si fir sech ëm d’Kanner an de Stot ze këmmeren, hu vum Staat ni méi kritt. Dës Familljenorganisatioun hat ëmmer zur Konsequenz, dass d’Fra sech vum Mann wirtschaftlech ofhängeg gemaach huet.

àDofir sollen déi Stëmmen, déi elo behaapten et géif kee Choix méi ginn emol konkret soe wat si dann am Endeffekt fuerderen!

Wa mär déi Iddi nämlech weiderféieren, da ginn et eigentlech just 2 Äntwerten do dorobber:

Déi eng wär eng Aart Betreiungsgeld anzeféieren, dat de Staat fir „d’Net-Benotze“ vun enger ëffentlecher Betreiuungsstruktur géif ausbezuelen, wéi zb dat ëmstriddent Erzéiungsgeld an Däitschland, dat als „Herdprämie“ bezeechent a spéider a verschiddene Bundeslänner esouguer ofgeschaaft gouf.

Déi zweet Alternative wär eng Paie fir Mammen a Pappen anzeféieren, déi aus dem Beruffsliewen erausklamme fir sech doheem exklusiv ëm d’Erzéiung vun de Kanner ze këmmeren. Dat misst da schonns eppes wéi de Mindestloun sinn, wëll d’Allocatioun d’éducatioun gouf jo just ausbezuelt bis d’Kand 2 Joer hat an de Montant emol net 500€ de Mount definitiv ze geréng ass fir iwwert Ronnen ze kommen. àWann dat gefuerdert gëtt, da soll dat kloer gesot ginn!

D’Fro stellt sech nämlech direkt hannendrun, ob mär esou staatlech Subventionéierungen aféiere wëllen?

  • Wëlle mär eng eegestänneg Existenzsécherung erschwéieren an d’Fraen an déi finanziell Ofhängegkeet vum Partner oder vum Staat féieren?
  • a si doduerch spéider engem Aarmutsrisiko aussetzen a mat Hongerrenten ofspeisen?
  • Wëlle mär wierklech Elteren dofir bezuele wa si hirt Kand net an eng Maison-Relais ginn? Hinnen eng Prime dofir gi wa si eng ëffentlech Déngschtleeschtung net an Usproch huelen?
  • an domadder grad Kanner aus bildungsferne Milieu’en déi beschtméiglech Bildungschancë verweigeren?
  • Wëlle mär wierklech dass een sech tëschent Famill a Beruff muss decidéieren –obwuel mär wëssen datt vill Elteren guer net méi wëllen, dat eent opgi fir dat anert kënnen ze hunn?

D’Liewenswierklechkeet vun de Familljen huet sech verännert. Den ale Modell, wou de Mann d’Suen heem bréngt, d’Fra sech ëm Haushalt a Kanner këmmert, a vläit nach eppes Klenges niewelaanscht verdéngt, dat entsprécht gréisstendeels net méi de Wënsch vun den haitegen Elteren.

Mär hu bei de Frae vun 15 bis 64 Joer en Taux d‘emploi deen 2012 bei 59% loung, zum Vergläich 1983 waren et 38,6%.

àMär maachen also hei NET eng Politik déi just e geréngen Deel vun den Elteren uschwätzt.

Dofir wär et wichteg den ideologesche Brëll auszedoen an der Realitéit an d’Aen ze kucken.

An och soll opgehale ginn d’Fraen ze bevormunden an ze suggeréieren, dass si dach am Endeffekt net berufflech aktiv wëlle sinn. Schaffen goen gëtt duergestallt wéi wann et eng desagreabel Flicht wär.

Vill Frae gi gäre schaffen. Et erméiglecht hinnen an der Balance ze bleiwen fir hir Kanner optimal op hirem Wee ze begleeden. Hinnen kënnen e Virbild ze sinn – selbststänneg sinn an ze weisen datt Fra a Mann sech op Aenhéicht begéinen.

Fir meng Partei steet fest, dass et de Famillje fräi steet hirt Familljeliewen esou ze organiséiere wéi si et fir richteg empfannen.

Iwwregens subventionéiert de Staat haut déi familiär Kannerbetreiung. Dat gëtt ëmmer nees an den Debatte vergiess.

Ech schwätzen hei konkret vun den „droits dérivés“, wou zb bestueten an net beruffstäteg Mamme bei der Kranken-, a Fleegeversécherung gratis matverséchert sinn, oder Pension de survie wou d’Käschte ganz vun der CNAP gedroe ginn, oder Splittingeffekt vun der Steierklass 2.

An déi Systemer si jo net spurlos laanscht eis gezunn. „droits dérivés“ an der Sozialversécherung an am Steiersystem gi vum Staat bezuelt. à?Et ass also falsch ze behaapten, dass de Staat dee Familljemodell net géif ënnerstëtzen.

Fir eis verdéngen Erzéihungsleeschtunge vun Eltere grousse Respekt an Unerkennung. Mär wëllen awer net suggeréiere, datt nëmmen Elteren déi hir Kanner doheem betreien, hir Kanner erzéien. Dat ass nämlech net de Fall.

Vill Familljen haut verlaange vun der Politik Ënnerstëtzung fir Famill a Beruff besser ze vereenegen. Mär setzen eis dofir an, dass d’Konditioune verbessert gi fir d’Familljen, fir dass d’Partner sech kënnen zesummen a gutt ëm d’Kanner, de Stot an och Beruff këmmeren.

Ofschléissend wëll ech hei bei der Reform vum Kannergeld ervirhiewen, dass d’LSAP et begréisst, dass all d’Kanner gläichbehandelt ginn.

An Zukunft kritt all Kand dee selwechte Betrag, wëll all Kand dat selwecht wäert ass.

Kengem gëtt eppes ewech geholl. Weider hale mär drop, dass d’Kannergeld an déi anere Familljeprestatiounen den Elteren hëllefe sollen, d’Käschte fir hir Kanner méi einfach ze bewältegen – ouni selbstverständlech weider Investissementer a Sachleeschtungen net ze vergiessen an d’Vereinbarkeet vu Famill a Beruff ze verbesseren.

Wéi gesot eng fortschrëttlech Familljepolitik beschränkt sech net op d’Verdeele vu Geldleeschtungen, mä besteet aus engem Mix mat Sachleeschtungen, mat Mesuren déi allgemeng d’Konditioune fir d’Famillje verbesseren.

An domadder ginn ech den Accord vun der sozialistescher Fraktioun.

Merci

 

 

Facebook
Twitter