Ee Comité fir d’Memoire vum zweete Weltkrich.

Méi ewéi 70 Joer nom Enn vum zweete Weltkrich, bleift et indispensabel de Souvenir héich ze halen un dës traureg Period vun der nationaler an internationaler Geschicht, déi zu enger Konsolidéierung vun der nationaler Identitéit an der Affirmatioun vun der Souveränitéit vum Land gefouert huet, heescht am Rapport zum Gesetz fir d’Schafe vun engem „Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale“.

Mat dësem Gesetz, dat d’Chamber a senger Sëtzung vum Donneschdeg Mëtte mat grousser Majoritéit ugeholl huet, ginn all Organisatiounen, déi sech bis elo ëm d’Undenke vun der Resistenz, vun der Zwangsrekrutéierung, den Affer vun der Shoah an d’Affer vum zweete Weltkrich gekëmmert hunn, an engem eenzege Comité zesummegeschloss, de fir déi eenzel Affergruppen all zesumme representativ vis-à-vis vun den ëffentlechen Autoritéiten ass.

D’historesch Fuerschungsaktivitéiten hirersäits ginn an dem rezent op der Uni Lëtzebuerg gegrënnten „Institut d’Histoire du temps présent“ konzentréiert.

An der Logik vun dëser neier Opdeelung gëtt mat dem neie Gesetz d’Commemoratioun vum Souvenir vum zweete Weltkrich op een Datum geluet. Dësen neien nationalen Dag vum Souvenir wäert deemno déi eenzeg offiziell annuell Commemoratioun vum zweete Weltkrich duerstellen.

Rapporter vum neie Gesetz war den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. Hei seng detailléiert Ausféierungen:

Facebook
Twitter