Editorial vun eiser Newsletter vum 26.05.2020

Corona… an elo…?

Mir si mat enger sanitärer Situatioun konfrontéiert ginn déi ons alleguer an Neiland gedriwwen huet. Angscht an Onsécherheet hätten ons kënnen anhuelen wann do net d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert eis mat roueger Hand duerch d’Kris géif leeden. D’Bierger schenken der Ministesch hiert Vertrauen an deem eleng ass et ze verdanken dass mer elo lues a lues a mat vill Virsiicht verschidden Etappen vum Deconfinement kënnen ugoe.

Mee wéi gesäit eis Welt an eist Liewen nom Corona aus? Méng Äntwert: hoffentlech NET esou hektesch wéi virdrun!

D’Kris huet hier Spueren hannerlooss andeems se elo schonn am gaangen ass nei Weeër ze zeechnen. Iwwer spezifesch Gesetzer a Reglementer si vill Barrière gefall an de leschte Wochen fir de Betriber déi néideg Zäit ze ginn, den administrativen a regulatoreschen Prozeduren nozekommen. Séier an onkomplizéiert sinn Direkthëllefe ugebueden, a mat der Zäit reegelméisseg erop geschrauft ginn.

Getrei eiser politischer Linn hu mer de sozialen Aspekt ni aus den Aen verluer an deemno ass d’Handschrëft vun der LSAP bei ville wichtegen Moossnamen kloer ze erkennen, sief et bei de finanziellen Hëllefen un d’Betriber oder den Independant’en, sief et bei de Servicer vun de Gemengen an net zuläscht bei de séierer an effikasser Organisatioun am medezineschen Beräich. Méi wéi 35 Milliounen Euro Direkthëllefen sinn bis Mëtt Mee fir eise Mëttelstand ausgebezuelt ginn.

Den sozialen Aspekt kënnt virun allem beim Chômage partiel zum Droen, deen fir d’Salariés’en beim Mindestloun bedeit, dass si hir voll Paie behalen a fir vill schaffend Leit am Land d’Garantie ass, hir Kafkraaft ze behalen. Mee de Chômage partiel bedeit och fir d’Betriber, hir Salariés’en mat all hirem Savoir-faire net ze verléieren, an kënnen esou erëm méi einfach hir Aktivitéit relancéieren.

Villes wat bis virun e puer Méint nach ondenkbar war ass op eemol séier méiglech ginn: den Télétravail, den Homeschooling, den Online-Verkaf, d’Solidaritéit vis-à-vis vun eise Matmënschen…

Eiser gemeinsamer Diszipline hu mer et ze verdanken dass mer ganz lues a ganz virsiichteg nees aus dem ‘Bleif doheem’ kënnen erauskommen. D’Betriber huelen hier Aktivitéiten no an no erëm op mat allen Erausfuerderungen déi d’Gestes barrières mat sech bréngen fir net nëmmen d’Client’en mee och dat eegent Personal ze schützen.

An dann ass et u jiddferengem vun eis fir och weiderhin d’Solidaritéit mat de lokale Betriber ze beweisen. Mir hunn et geschätzt dass si do waren fir eis ze zerwéieren an ze beliwweren a mir hunn eis gudd lëtzebuergesch Produkter ënner Ëmstänn nei entdeckt. Dee schéinste MERCI ass elo fir weiderhin en treie Client ze bleiwen.

Ech bleiwen iwwerzeegt dass de Virus, deen onsiichtbare Feind, et jo tatsächlech fäerdeg bruecht huet fir eis op dat Wesentlecht am Liewen zeréckzeféieren, an an deem Sënn wënschen ech eng gemittlech Lecture vun dëser Newsletter an eise Betriber e gudde virsiichtege Start!

 

Cecile HEMMEN

 

Facebook
Twitter