Editorial vun eiser Newsletter vum 18.04.2020

Léif Komerodin,
Léiwe Komerod,

De Corona-Virus huet eis all fest am Grëff. Obwuel et éischt encourageant Zeeche gëtt (manner nei Infektiounen an e Gesondheetssystem deen di aktuell Belaaschtunge packt well déi néideg Moyen’en op d’Been gestallt goufen) sou si mer awer nach net um Enn ukomm. Ville platzt dëser Deeg de Gedoldsfuedem, dat ass verständlech mee och geféierlech. Et heescht grad elo weider oppassen, een op deen aneren, doheem bleiwe wann et nëmme méiglech ass an, och wann et ëmmer méi haart ass, gëllt et eis sozial Kontakter ze evitéieren. Mäi Message un Iech ass haut, datt keen eleng ass, a wa mer och physesch getrennt sinn, sou bleiwen an hale mir nawell #zesummen! E grousse Merci un all d’Sektiounen déi eisem Opruff nokomm sinn, sech telefonesch bei eise vulnerabele Memberen ze mellen. Ech sinn iwwerzeegt, dass dat Ville gutt gedoen huet.

Déi sanitär Kris ass nach net iwwerstanen an eng ekonomesch Kris steet haut scho virun der Dir. Dësen Erausfuerderunge wäert sech eis Partei stellen a wéi scho sou dacks gesot wäerte mir kee fale loossen an dofir suergen dass déi Schwächst an eiser Gesellschaft geschützt ginn! Doriwwer eraus stelle sech eis haut awer och nach aner Froen: Ass dës Kris net och d’Geleeënheet fir eng Partie méi grondsätzlech Saachen ze diskutéieren? Ass elo net dee richtegen Ament fir op d’mannst en Deel vun eisem System a Fro ze stellen? Där frenetescher Course no ëmmer méi Profit, mat allem wat dorunner hänkt, virun allem der Ausbeutung vun de schaffende Leit mee och dem Verbëtze vun eise Ressourcen an dem Verknaschte vun eiser Ëmwelt, musse mir eppes entgéint setzen. Do si mir Sozialisten als alleréischt gefuerdert. Eis Ofhängegkeet vu globaliséierte Mäert kréie mer den Ablack all Dag virun An gefouert, dofir mussen eng ganz Rëtsch Saachen nees heiheem produzéiert ginn. Lokal, regional Produite musse nei bewäert ginn, dat gëllt souwuel bei der Liewensmëttelproduktioun ewéi an der Industrie.

Den europäesche Gedanke krut an dëser Kris och e Knécks, do gëtt et näischt schéin ze rieden. A grad mir als begeeschtert Europäer mussen hëllefen, d’Eenheet vun Europa ze versuergen. Dofir brauche mer eigentlech méi europäesch Integratioun a net manner. Mir gesi jo haut, dass do wou Europa d’Kompetenz huet, wéi zB an der Wirtschaft, do klappt et eenegermoossen, anescht ass et an all de Beräicher wou d’Nationalstaaten eleng zoustänneg sinn, do spillt net een Orchester mee elauter Solisten. De Schengenraum, mat déi gréissten europäesch Errongenschaft fir d’Bierger, duerf net zerschloe ginn.

Bei all dëse Froen si mir Sozialiste gutt opgestallt fir Äntwerten ze ginn, eis Grondwäerter vu Solidaritéit, Gerechtegkeet, Fräiheet a Sécherheet wäerten eis dobäi leeden. All Member ass dozou opgeruff hei eng Hand mat unzepaken.

Bleift gesond a bis geschwënn!

Mat léiwe Gréiss,
Yves Cruchten

Facebook
Twitter