“Échanges transfrontaliers socialistes”: Den Alex Bodry trëfft de Mathieu Klein.

Am Kader vun de regelméissege grenziwwergräifenden Echangen tëscht sozialistesche Politiker huet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry a senger Funktioun als President vun der SaarLorLux-Internationale haut de Mathieu Klein, sozialistesche President vum “Conseil départemental de Meurthe-et-Moselle” fir eng Entrevue empfaangen.

Am Mëttelpunkt vun dësem Austausch stoung d’politesch Aktualitéit, e.a. d’Relance vum europäesche Projet nom Brexit. Déi zwee Politiker hunn d’Iddi zeréck behale fir am Hierscht zu Nanzeg eng Konferenz iwwert Immigratioun a Friemefeindlechkeet ze organiséieren. De Statut an d’Fërderung vum Trilinguismus ass e weidere Schwéierpunkt vun der politescher Zesummenaarbecht.

Facebook
Twitter