« E Rettungsreef a Krisenzäit » – Tribune libre vum JSL-President Georges Sold

Wann mer vu Gambia schwätzen, dann ass et oft schlecht gemengt.

Dobäi wier dat richtegt Gambia warscheinlech frou, wann et och nëmmen d’Hallschent vun eisem Luxus hätt. Grad a schwieregen Zäite sollte mer sou éierlech sinn, wéi nëmme méiglech: Mat Gambia, huet eis Regierung ofgesi vun de Fuerwe wéineg ze dinn. Och wann genau wéi donidden dat gréngt um Fändel fir d’Natur steet, an dat Blot, doriwwer fir de Gambia-Floss, bei eis villäicht fir de Goss, och wann dat rout fir d’Sonn mat all sengen Hoffnunge fir eng besser Zukunft stoe kann: Mat esou Fantasië schreiwe mer villäicht e flotten Horoskop. Mat der Realitéit huet et awer näischt ze dinn.

Dofir elo konkret. Wech vu Gambia, zréck op Lëtzebuerg: wat mëscht eis Politik?

D’LSAP war maassgeeblech um Hiewel, fir de Mindestloun dëst Joer ëm nach e Krack ze erhéijen. D‘Patronat war dogéint, mee d’Sozialisten hunn sech fir déi Leit, déi am mannste verdéngen, duerchgesat! De Robin Hood huet gewonnen! Esou einfach ass et leider net. Lo, wou de Mindestloun fir jiddereen em 2,8 % geklommen ass, kréien déi Onqualifizéiert 60 Euro méi, déi Qualifizéiert awer gutt 72 Euro méi. D’Mindestpensioun klëmmt em 16 Euro, d’Maximalpensioun ëm 73 Euro. Kuerz gesot: Déi Leit mat manner Sue kréie manner Sue bäi, wéi déijéineg mat méi Suen. Dat ass déi berüümte Schéier tëscht aarm a räich, déi méi grouss gëtt.

Also ass d’Mindestlounerhéijung schlecht? Net wierklech, well um Enn huet jo trotzdeem jiddwereen ë bësse méi an der Täsch. Ausser de Patron. Hei versicht d’DP mat der Finanzsprëtz d’Käschte vun der Mindestlounerhéijung fir d’Patronat ze decken. Well et gëtt gefaart, dass Betriber hier Employéen net méi bezuele kënnen an dowéinst virun d’Dier setzen. Grad elo! an der Corona Kris ass dës Gefor natierlech eescht ze huelen. Trotzdeem gëllt: Sou richteg mat d’Zuelen ze beleeë léisst sech dëst Angscht net. Well mir schwätzen hei vum « Worst Case Szenario », souwuel fir de Betrib, wéi och fir d’Employéen. Amplaz seng Leit erauszegeheien, kann de Patron se och einfach manner laang schaffe loossen, fir Lounkäschten ze spueren. Domat klëmmt 2021 zwar de Stonneloun, um Enn vum Mount huet een awer net onbedéngt méi an der Täsch, well ee jo manner laang geschafft huet.

Huet een domat méi Zäit fir sech an d’Familljeliewen? Dat ka sinn, mä dëst kann och méi deier ginn, wann duerch d’Erhéijung vum Mindestloun Präisser vu verschiddene Secteure klammen. En Däiwelskrees? Nee. Et ass vill méi en Balance-Akt, wou d’Nodeeler an d‘Virdeeler géintenee mussen ausgespillt ginn. Fakt ass nu mol, dass och zu Lëtzebuerg vill Leit un der Aarmutsgrenz liewen an domat Gefor lafen, vun der Gesellschaft ausgeschloss ze ginn. Vill Leit sinn op all Cent vum Mindestloun ugewisen a grad fir si ass d’Erhéijung vum Mindestloun e Rettungsreef. Et ass e wichtegt Instrument fir d’Leit nees an dat Dréchent ze kréien.

Mee wann d’Wellen héisch sinn, an d’Schëff schwéier wackelt, soll een och net ze vill vun dem Rettungsreef erwaarden. An da kennt de Moment wou een zweefach éierlech muss sinn: De Reef geet net ëmmer duer, mee wéinstens hu mer een.

 

D’Tribune libre kënnt Dir och hei nolauschteren…

Facebook
Twitter