“E Land dat seng Geschicht net kennt, kritt Problemer mat senger Zukunft.” De Franz Fayot à propos vum IHTP.

“…Die Geschichte soll kein Ahnenschrein sein für den nationalen Kult. Sie darf nicht als belehrende Postille verharmlost werden. Sie muß das Buch der unerbittlichen Wirklichkeit bleiben. Allzulange war gerade die Luxemburger Geschichte ein kitschiges Konglomerat von Wahrheit und Märchen, von Verhimmelung und Verteufelung. Sie war erbauliche Kinderfibel, schöngefärbt mit bunten „images d’Epinal”. (…) Falsche Geschichte erzeugt falsche Politik. Die Luxemburger Geschichtsschreiber müssten daher stark ermuntert und gefördert  werden…“

Mat dësem Zitat vum Marcel Engel, Enseignant, kritëschen Auteur an Affer vun den Nazien deen zu Hinzert war, aus engem Artikel am Lëtzebuerger Land… den 30. Juni 1972 (“Die Zeit in der wir leben”) huet de Franz Fayot seng Interventioun am Kader vun der Interpellatioun iwwer d’Fuerschung iwwert d’Zäitgenëssesch Geschicht den 21. Abrëll 2014 an der Chamber.

Den LSAP-Deputéierten huet weider zitéiert, fir d’Wichtegkeet vun der Fuerschung am Beräich vun der zätgenössecher Geschicht ze ënnersträchen:

“Ein Luxemburger Historiker, der den Sturm der Zeit abwehrend, sich in ein elfenbeinernes Gehäuse der Ermesinden- oder Willibrorduszeit zurückzieht, verrät die soziale Verantwortung, die er trägt wie jeder echte Wissenschaftler. Denn er muß, was die geschichtliche Vergangenheit angeht, Propagandalügen und verfälschende Mythen bekämpfen. Diese Verantwortung kann nicht fünfzig Jahre vor der Gegenwart Halt machen. Je näher wir der eigenen Zeit kommen, desto dringender wird die klare Schau. Nichts ist gefährlicher als verzerrte Geschichte. Sie ist ein wirksames Propagandamittel, emotionsgeladen, das politische Leidenschaft erregt. Falsche Geschichte erzeugt falsche Politik.”

 Nofolgend e puer Extraiten aus dem Franz Fayot senger Ried:

“D’Geschicht vun onser Zäit ass näischt abstraktes, wat weit ewech ass. Si wierkt weider. Dofir ass et wichteg, dass se esou objektiv wéi méiglech geschriwwe gëtt. Et ass och noutwenneg, dass se ëmmer erëm complétéiert a kritesch hannerfrot gëtt.  Well et ass och bekannt, dass se gär fir politesch Zwecker instrumentaliséiert gëtt (…) En demokratescht Land huet dofir Interesse un enger ëmfassender an objektiver Geschichtsschreiwung, déi alles opdeckt an näischt am Däischtere léisst.”

“(…) D’Iddi [koum] an de Koalitiounsgespréicher op, en Institut ze schafen, fir d’Zeitgeschicht vum 20. Jorhonnert zu Lëtzeburg systematesch opzeschaffen. Esou eng Démarche ass an der Geschichtsfuerschung näischt Aussergewéinleches oder Absurdes, well ët gëtt ëmmer nach Neies ze entdecken, nei Quellen ze erfaassen an durchzekucken, nei Aarbechten ze maachen.

Et gëtt vereenzelt Historiker op der Uni, déi d’Nécessitéit vun sou engem Institut a Frô stellen. Sie soën: Geschichtsfuerschung, och vun der Zäitgeschicht, gett seit laangem gemaacht an et ass alles erfuerscht. Mais objektiv muss ee feststellen:  Jo, sécher, mais wuel nët esou systematesch an och nët ëmmer, fir besonnesch sensibel Aspekter unzegoen.”

“Ech denken, wat d’20.Jorhonnert zu Lëtzeburg ugeht, un Aspekter wéi z.B.
– wéi den Emgang zu Letzeburg  mat de Judden insgesamt war,
– wéi den Emgang mat de Flüchtlingen aus Nazidaitschland war,
– wéi d‘Intégratioun vu Friemen an d’Letzebuerger Gesellschaft iwwer d’Naturaliséirung geschitt ass,
– wéi  den Nationalismus an der Zwëschekrichszäit ausgesinn huet, asw…”

“(…) dës Majoritéit huet gemengt, ët wär besser, en eegene Kader fir déi Geschicht ze schafen, an dem ëm e Kär vun namhaften Historiker Aarbechten entstoen kënnten, och vu Leit vu baussen, déi vun dem Institut publizéiert géifen. Deen Institut géif eng  wëssenschaftlech Revue éditéieren. E géif Konferenzen organiséieren. E géif an d’zäitgeschichtlëch Debatten öffentlëch agräifen. E géif Informatiounsaarbecht liwweren iwwer déi Aarbechten, déi ënnerwee sinn. E géif als en onofhängegen a kriteschen Zentrum  fir Zeitgeschicht fonctionnéieren, wéi dat ronderëm ons an anere Länner zanter Joerzéngten geschitt. Dat war d’Iddi, an esou ass se an de Koalitiounsprogramm erageschriwwen ginn…”

“Et kann ee sech natierlech (…) Froe stellen, wéi et zum IHTP an dëser Form komm ass a wat deen Institut dann elo gëtt.
Eng Haaptidée vun deem wat am Regierungsprogramm steht war d’Onofhängegkéet vum IHTP.
Aus enger ons nët weider bekannten Ursaach gouf den IHTP ebeemol aus dem Kulturministère an de Fuerschungs- an Héichschoulministère ausgelagert. D’Uni gouf vun der Regierung gefrot, e Centre interdisciplinaire ze schafen, an deen een déi verschidden Ambitiounen vun der Regierung an der Uni zesummebrénge kënnt.
Ouni op de Bien fondé vun där Démarche anzegon, muss ee festhalen, dass domat d’Uni bestëmmt, wat a wéi  en IHTP an Zukunft schafft, wat fir Mëttelen e kritt a wat fir e Stellewert d’Lëtzeburger Zeitgeschicht an enger Universitéit kritt, déi sech international gëtt. Ons Angscht war an ass, dass déi Lëtzeburger Zäitgeschicht ze kuerz kënnt. Nëmmen d’Zukunft kann ons weisen, ob déi Angscht berechtegt ass oder nët.”

“Et kann een och d’Fro stellen, ob d’Formel vum Centre interdisciplinaire hei zu recht gebraucht gët. D’Unisgesetz geseit Centres interdisplinaires fir, fir de Cloisonnement vum Wëssen, deen durch d’Existenz vu klor ofgegrenzten Fakultéiten entsteht, ze iwerbrécken. Et sollen transversal Verbindungen zwëschen ganz verschiddene Wëssenszweiger kënne geschaf gin. An dem elo virgesine Centre interdisciplinaire geet ët ëm een eenzelt Fach, nämlech ëm d’Geschicht, wuel mat e puer Aspekter, mais den interdisciplinaire Charakter ass nët kloer ze gesinn.”

“ (…) et ass eis als LSAP äusserst wichteg, dass dëse Projet e Succès gëtt, an dofir schéngen eis eng Partie Konditiounen onverzichtbar :
– En Direkter matt enger wierklecher Sensibilitéit fir d’lëtzebuerger Zäitgeschicht, och wann dat natierlech kee Lëtzebuerger muss sinn.
– Accès zu den Archiven vun den absorbéierten Centren : et ass gewosst dass d’Geschichtsfuerschung zu Lëtzebuerg oft u mangelndem Zougang zu Archiven scheitert (…). Dat neit Archivgesetz muss eng Rei Lücken an Inkoherenzen behiewen. Dat ass essentiell fir kënnen d’Zäitgeschicht uerdentlech z’erfuerschen.
– (…) Et feelt den Ament un enger Archivkultur zu Lëtzebuerg ! Dat muss sech änneren, wa mer wëllen, dass den IHTP senge Missiounen ka nokommen. Wat geschitt iwweregens mat den Archiven vun de verschiddene Zentren déi elo an den IHTP integréiert ginn ? Wou kommen déi hinn ? (…) Grad esou wichteg ass och eng gutt Zësumenarbecht mat kloer définiéierten Opdeelungen tëscht dem Centre pluridisciplinaire an dem Institut d’Histoire vun der Uni. Mir stellen eis och d’Fro wéi d’Koexistenz mat anere Fuerscher op anere Plaatzen zum Beispill an den nationalen Archiven oder der Nationalbibliothéik fonctionnéiere soll. (…)
– Et muss an eisen Aan och zu Echangen kommen mat auslänneschen Instituter – den IHTP muss sech europäesch an international vernetzen (…)
– Kann eng politësch Relevant Frô nach weider un den IHTP gestallt ginn ? A wéi ?”

“(…) fir eis [ass et] wichteg ze ënnersträichen, dass den Nohuelbedarf an der Zäitgeschicht zu Lëtzebuerg enorm ass.”

“Wat d’Geschichtsproduktioun betrëfft hu mer :
– keng Geschicht vum Zweete Weltkrich
– keng Geschicht vum Eischte Weltkrich
– keng Sozial- a Gesellschaftsgeschicht vum 20. Jorhonnert
– keng Geschicht vum Lëtzebuerger Sozialstaat
– keng Wirtschaftsgeschicht vum 20. Jorhonnert
– keng Rechts- an Demokratiegeschicht vum 20. Jorhonnert
– keng Kulturgeschicht vum 20. Jorhonnert
– keng Migratiounsgeschicht vum 20. Jorhonnert
– kee biografesche Lexikon zum politeschen, wirtschaftlechen a gesellschaftleche Liewen
– keng Publikatioun vun diplomateschen Dokumenter vum 20. Jorhonnert
Eng weider wichteg Erzielung ass déi vun der Finanzplaatz. D’Geschicht vum SREL muss och opgeschafft ginn.”

“Fir d’LSAP ass de Projet IHTP e ganz wichtégen. Et geet dorëm eng wësseschaftlech Opschaffung vun der zäitgenössescher Geschicht weiderzebréngen, aus all deene Grënn déi fir eng Demokratie esou wichtég sinn. Ech hat a menger Ried zum Rapport Artuso d’Expressioun gebraucht: E Land dat seng Geschicht net kennt, kritt Problemer matt senger Zukunft. De Marcel Engel seet et nach méi eloquent: Falsche Geschichte erzeugt falsche Politik.
Aanescht wéi den Interpellant a seng Partei, begréissen mir dass den IHTP elo opgebaut gëtt, trotz aller Bedenken a kritësche Gedanken déi een iwwert d’Art a Weis wéi dat geschitt ass, kann hunn. Et ass e Quantesprong an der lëtzebuerger Fuerschung vun der Zäitgeschicht, deen dëser progressistescher Majoritéit gudd zu Gesiicht steet!
Mir si frouh, dass dës Rees, oder solle mer et éischter Exploratioun nennen, elo lassgeet. Wéi all spannend Exploratioun weess een am Ufank nett genee wou et higeet – dat läit an der Natur vun der Saach. Mais et ass wichteg dass et geschitt!“

Facebook
Twitter