“Digital sciences” – Wéi eng Perspektive fir dëst Fach?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Zanter der Rentrée 2021-2022 gëtt an engem Pilotprojet an 18 Lycéeën zu Lëtzebuerg d’Fach “digital sciences” enseignéiert. Am Kader vun der Strategie “einfach digital” soll de Schüler op 7e d’Digitalisatioun via fënnef grouss Thematiken méi no bruecht ginn. Vun der Rentrée 2022-2023 un soll dëst Fach an all Lycée ugebueden ginn, an derniewent och eng Pilotphase op 6e lancéiert ginn.

An deem Zesummenhang wëll ech dem Här Educatiounsminister dës Froe stellen:

  • Wéi fält, no engem Semester, de Bilan vun der Pilotphase vum Fach “digital scienes” aus? Gëtt un der Agenda festgehale, fir dëse Cour vun der nächster Rentrée un flächendeckend unzebidden?
  • Wéi eng Lycéeën wäerten un der Pilotphase fir d’6e deelhuelen?
  • An der Ëmsetzung vun dem Fach “digital sciences” gouf de Lycéeën eng gewëss Flexibilitéit zougestanen; sou konnte si zum Beispill iwwer d’Fach decidéieren, op deem seng Käschten dës nei Disziplin ugebuede gëtt. Wéi hu sech déi verschidde Lycéeën hei entscheet?
  • “Digital sciences” konnt vu ganz verschiddenen Enseignanten gehale ginn, vum Sproochen- bis zum Artistikprofesser. Wéi fält hei de Bilan aus? Wëll een weider un deem Wee festhalen, oder verstäerkt op beispillsweis Informatiker setzen? Wéi ginn déi interesséiert Enseignanten op dëst Fach virbereet?
  • Gëtt de Cour a sengem zweete Joer adaptéiert oder tel quel un deem aus der Pilotphase festgehale?
  • Via dëst neit Facht ass och eng “initiation au vocabulaire anglais” virgesi gewiescht – huet de Ministère heizou schonn e Fazit gezunn?
  • Wéi eng spezifesch Kompetenzentwécklung gëtt mam Fach“digital sciences” envisagéiert?

 

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener
Deputéiert

Facebook
Twitter