“D’Familljepolitik an dat richtegt Liicht gesat!” – Tribune libre vum Simone Asselborn-Bintz

An hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch)  befaasst sech d’LSAP-Deputéiert Simone Asselborn-Bintz mat der Familljepolitik vun der Regierung am allgemengen a mat der Kannerbetreiung am speziellen. Zu dësem Thema gouf et an der Lescht zimlech vill – bewosst oder onbewosst gemaachte – falsch Behaaptungen. D’Simone Asselborn-Bintz setzt déi verschidde Beräicher vun der Familljepolitik erëm an dat richtegt Liicht.

Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

D’Familljepolitik an dat richtegt Liicht gesat!

 

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

 

D’Kanner an de Schoulen an an de Maisons Relaise wieren ëmmer méi aggressiv an hätten en opfällegt Verhale – dat war d‘Äusso, déi kierzlech op de soziale Reseauen héich Welle geschloen huet. Vun do war et natierlech just nach e Schratt bis bei d’Behaaptung, dat wier well d’Kanner vu moies bis owes an de Schoulen a Betreiungsstrukture geparkt wieren. Dat, well d’Elteren alle béid schaffen, an dass d’Famill vun der aktueller Regierung carrement dozou géife “gezwonge“ ginn.

Virun deem Hannergrond schéngt et Zäit fir mol nees d’Familljepolitik vun dëser Regierung an dat richtegt Liicht ze setzen:

Fakt ass: Gewalt a Verhalensopfällegkeete gouf et och fréier – haut ass een op esou Problemer vill méi sensibiliséiert, an dat ass och gutt esou.

Deenen, déi vun der Polemik wëlle profitéieren, fir d’Fraen nees heem ze schécken, fir do exklusiv d’Roll vun der Vollzäit-Mamm an -Hausfra ze spillen, wärend d’Männer d’Sue verdénge – deene muss ech a musse mär als LSAP eng kloer Ofso ginn.

Haut ass net fréier, d’Gesellschaft huet sech verännert, d’Frae maache Schoulen, studéieren a schaffen. Si solle net méi zréck an déi Ofhängegkeet, déi mécht, dass vill Fraen am Alter virum Näischt stinn, keng oder net genuch eege Pensiounsrechter hunn an op d’Ënnerstëtzung vun der Ëffentlechkeet ugewise sinn.

Dat bedeit net, dass d’Kanner solle vu moies bis owes a Strukturen ënnerbruecht ginn. Zil ass et, dass béid Elteren sech zesummen ëm d’Kanner an de Stot këmmeren an hier Responsabilitéiten iwwerhuelen. D’Reform vum Congé parental weist wouhin et soll goen: d’Pappe grad wéi d’Mamme solle kënne fir eng Zäit berufflech méi lues trëppelen, fir méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen. Éischt Zuele weisen, dass vill Pappe bereet sinn, dat ze maachen, wann d’Konditioune stëmmen – an dovu profitéieren all Bedeelegt.

E nächste Schratt muss sinn, dass jidderee muss kennen Deelzäit schaffen, mat engem Recht fir dono nees zréck op Vollzäit ze goen. Wa béid Elteren 30 oder 35 Stonne schaffen, hu se allen zwee d’Méiglechkeet, sech em hir Kanner ze këmmeren, ouni grouss an hirem Beruff zréck ze stiechen an ouni gréisser Aschnëtter an der Pensiouns-Carrière. Wa sech dee Modell bis agebiergert huet, wäert et selbstverständlech ginn, sech besser op der Aarbecht z’organiséiere fir méi Zäit mat der Famill kënnen ze verbréngen. An deem Kontext sinn och Aarbechtszäitverkierzung an Aarbechtszäitkonte wichteg Mesuren.

Iwwregens gëllt déi gedeelte Responsabilitéit och fir getrennten Elteren – Elengerzéiend Eltere mussen awer op alle Fall déi selwecht Méiglechkeeten hunn, méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen.

Viraussetzung ass natierlech eng qualitativ héichwäerteg a gutt organiséiert Kannerbetreiung. Si ass komplementar zum Elterenhaus, a kann de Kanner vill Positives bréngen: Interagéiere mat Gläichaltregen, Sozialiséierung oder Léiere vu Respekt a Reegele sinn nëmmen e puer Beispiller. Wichteg ass, dass déi néideg infrastrukturell, materiell a virun allem personell Moyene zur Verfügung stinn, fir dass ee kann op d’Besoine vun de Kanner agoen.

Och hei gouf en Ufank gemaach, mat der Qualitéitsoffensiv an der non-formaler Bildung – Verbesserunge sinn awer weider néideg, zB fir genuch a gutt qualifizéiert Personal ze suergen.

Mär kennen a wëllen net d‘Rad vun der Zäit zréck dréinen! D’Kanner sinn eis Zukunft – mär mussen zesummen dofir schaffen …

 

Facebook
Twitter