Den Horeca-Secteur no 6 Méint COVID-19

Säit engem halwe Joer schonn mussen d’Restauranten an d’Baren ouni e groussen Deel vun hirer Clientelle an hirem Ëmsaz liewen. De Gabriel Boisante, Restaurateur, kennt d’Problemer an d’Konsequenze vun der Pandemie an erkläert d’Situatioun an Secteur:

 

Wéi ass et säit dem Ufank vum Déconfinement gelaf? Komme vill Leit an d’Restauranten? A sinn d’Leit direkt komm oder huet et eng Zäit gedauert?

Gabriel Boisante: Eng bestëmmte Kategorie vu Leit huet sech direkt an de Restaurant gestierzt, frou fir erëm eraus ze goen an ënnert d’Leit ze kommen. Den Zweck vun der Restauratioun ass jo an éischter Linn e Sozialen. Déi meescht Leit ginn net just dohi fir ze iessen oder ze drénken, dat kann een och doheem am Confinement maachen. Mee an e Restaurant oder eng Bar, eng Buvette, e Bistro oder eng Brasserie ze goen, heescht zesummesetzen. A genau dat hu mer vermësst.

Mee dat Verhale gëllt net fir jiddereen. Et ginn och vill Leit, déi nach e bësse méi Zäit brauchen. Punkto Alter, zum Beispill, hu mer gemierkt, dass et vill méi Jonker waren, déi direkt erëm an de Restaurant komm sinn.

Elo wärend der Summerzäit huet dat Ganz och nach gutt funktionéiert a jidderee war scho vill méi eraus. Mir hate schéi Wieder an d’Leit konnten dobaussen op den Terrasse sëtzen, dat war ganz positiv. An trotzdeem ass et wäit vun der Norm. D’Leit kënne sech net mëschen, et gëtt ee vu Leit mat Masken zerwéiert, déi sech all 5 Minutten d’Hänn desinfizéieren an dat kreéiert eng ganz speziell Ambiance.

Elo kënnt awer d’Saison vum Hierscht a Wanter, wou d’Terrasse lues a lues zouginn. Dat gëtt nach eng ganz nei Etapp. Et gi Leit, déi setzen net gär dobannen, och wann eng Plexiglas-Scheif dotëscht ass. Et gëtt vill Leit, déi an dëser Situatioun net à l’aise sinn. Déi momentan Situatioun gëtt ville Leit e Bild vun Onsécherheet an doduerch gi se manner eraus.

 

Sinn d’Leit nach ëmmer esou opmierksam wéi am Ufank? Ginn d’Reegelen nach ëmmer esou exakt agehale wéi am Ufank vum Déconfinement?

GB: Vill Geste si mëttlerweil einfach zu enger Routine, zu engem Reflex ginn. D’Masken, d’Hygiènesreegelen an d’Distanzen, dat si Saachen déi mëttlerweil e ganz wichtegen Deel vum Alldag gi sinn. Natierlech muss ee weiderhin drubleiwen a kontrolléieren, mee dat ass an der Restauratioun mat Allem esou.

Bei eise Clienten ass eis säit kuerzem awer opgefall, dass se sech d’Fro stelle wou déi ganz Situatioun higeet. Et ass ganz kloer, dass eng gewëssen Ongedold opkënnt a vill Leit mat där dauerhaft ongewësser an och deelweis ugespaanter Situatioun net gutt eens ginn. Et gëtt natierlech och vereenzelt Leit, déi net kooperéiere wëllen. An deem Fall musse mer eis un d’Reegelen halen a mir kennen déi Persounen net zerwéieren oder wëllkomm heeschen.

An deem Sënn ass d’Industrie nach ëmmer ganz konzentréiert, et ass kee laisser-aller par rapport zu de Clienten. Mat verschiddene Leit fänkt et un e bësse méi komplizéiert ze ginn, mee am Groussen a Ganzen ass et méi einfach, well jiddereen den Oflaf an d’Reegelen integréiert huet. De Punkt ass awer, dass d’Leit ganz midd oder esouguer nervös sinn an ech gesinn e groussen Ënnerscheed am mentale Status vun de Leit.

 

Wéi geet et dem Secteur am allgemengen?

GB: Schlecht. Dem Secteur geet et schlecht. An dat just no enger Summersaison, wou et dem Secteur normalerweis misst gutt goen, well d’Reserven fir déi méi schwéier Méint am Wanter missten opgefëllt sinn. Mir hunn eng Situatioun, an där et onméiglech wäert sinn op och nëmme 70% vun eisem Ëmsaz schaffen. Sou vill Leit wäerten net kommen a mir hunn déi Plaz och net. Well d’Angscht ass nach ëmmer do. Mir wäerten nach ënnert déi 60-80% falen, déi mer soss am Wanter haten. Dat ass nach eng Menace fir d’Laangfristegkeet vun eisem Businessmodell. Et ass eng Menace fir d’Aarbechtsplazen, eis Fournisseuren a fir d’Attraktivitéit vun eise Gemengen a Stied.

Et gëtt spekuléiert, dass 10-15% vun de Baren a Restaurante wäerten zoumaachen. Ech hoffen dass et der vill manner wéi dat ginn, mee ech fäerten, dass et der vill méi wäerte sinn. Mat deene Mesuren déi mer elo hunn an och brauchen, verléiere mer vill Plazen an eise Restauranten. A mir schwätzen elo vu Restauranten, mee wéi funktionéieren d’Caféen? Wann d’Leit net kënne stoen an um Comptoir kuerz een huelen? A grad an der Saison wou et reent a schneit a kal dobaussen ass, wäerten d’Leit net um Trottoir waarde fir eng Plaz. Da gi se enzwousch anescht an ab engem bestëmmte Punkt wäerten se net méi kommen. Dat heescht Restaurant ass eng Saach, mee ech maache mer wierklech Suergen em eis Knäipen, eis Baren an eis Quartiers-Caféen. Dat sinn net nëmmen Entreprisen mee och sozial Dréiachsen. Dat sinn Treffpunkter an Deeler vun eiser Kultur, déi mer kéinte verléieren an déi sinn immens schwéier ze ersetzen.

 

Wéi kann een als Privatmënsch hëllefen d’Situatioun ze stabiliséieren?

GB: Keng Angscht hunn e Restaurant oder eng Bar ze besichen! Et ass wichteg dee Secteur wieder ze ënnerstëtzen. Et ass fir mech dee schéinste Beruff vun der Welt, mee am Moment brauche mer d’Leit a mir brauchen hiert Verständnis an hier Gedold. An dëser Branche schaffen eis Studenten, déi an d’Liewe starten, Leit, déi hei zu Lëtzebuerg ukomm sinn a sech e Liewe wëllen opbauen, Mammen a Pappen, déi eng Aarbecht brauchen, onqualifizéiert Leit, déi no verschiddenen Problemer oder Evenementer erëm zeréck an d’Aarbechtswelt wëllen a sou wieder. D’Aarbecht am Horeca-Secteur ass net ëmmer einfach a statistesch gesi mat Ofstand am schlechtste bezuelt, dofir gëllt et déi Leit ganz besonnesch elo weider ze ënnerstëtzen a fir d’Weiderbestoe vun eisen Entreprisen ze kämpfen.

 

Gabriel Boisante,

Restaurateur

Facebook
Twitter