De Schoulverweis – dat richtegt Mëttel?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

1670 SchülerInnen hunn wärend dem Schouljoer 2019/2020 hire Schoulparcours ofgebrach. Am Joresrapport vum Service de médiation scolaire (SMS), geet ervir, dass e Schoulofbroch dacks a Verbindung mat engem Schoulverweis steet. Vun esou engem Renvoi gëtt dem SMS no, ze séier an ze oft Gebrauch gemaach.

An deem Zesummenhang well ech dem Här Educatiounsminister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Schoulverweiser ginn pro Joer zu Lëtzebuerg ausgeschwat?
  • Kennt de Minister Zuelen, no wéi vill Schoulverweiser et zu engem Schoulofbroch komm ass?
  • Am Gesetz iwwert d’Lycéesorganisatioun ass eng präzis Prozedur fir en eventuelle Schoulverweis virgesinn. Sinn dem Minister Fäll bekannt, wou sech net un dës Prozedur, notamment wat d’Informatiounsflicht un d’Elteren an den Délais fir e Recours ugeet, gehale ginn ass? Wann jo, wéi gouf hei vu Säite vum Ministère reagéiert?
  • Aus dem Rapport vum SMS geet ervir, dass de Minister als Reaktioun op d’Recommandatioun 25/2020 e Courrier un d’Lycéeë geschéckt huet, an deem hien d’Prozedur fir e “Renvoi disciplinaire” nach emol präziséiert. Gouf et no dësem Courrier nach weider Problemer mat Schoulverweiser? Ass d’Zuel vun esou Renvoien zënterhier erofgaangen?
  • Wéi oft kënnt et no engem Renvoi zu engem Recours?
  • Wéi eng aner Sanktiounen, nieft oder virun dem Renvoi, wiere méiglech? Wéi oft ginn dës agesat?
  • Wéi reagéiert de Minister op d’Kritik vum SMS, et wier eng onnéideg duebel Bestrofung, dass e Jonken sech no engem Schoulverweis nëmmen ënner Oplagen an eng nei Schoul kann aschreiwen?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener
Deputéiert

Facebook
Twitter