De Patient am Mëttelpunkt

De 6. Dezember start d’LSAP hir Informatiounscampagne “De Patient am Mëttelpunkt: fir eng besser Fleeg a Gesondheetsversuergung” mat den zoustännege Ministeren. Véier ëffentlech Konferenze sinn am ganze Land programméiert:

07447_lsap_konferenz_headerfacebook_828x315_09-2016-v2

D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch informéiert iwwert dat neit Spidolsgesetz an déi ugestriefte Verbesserunge fir de Patient an eise Gesondheetssystem. De Sozialminister Romain Schneider geet op déi geplangte Verbesserungen an der Fleegeversécherung an an der Gesondheetskeess an.

Kommt an diskutéiert mat eis. Mir freeën eis, op all är Froen äntweren ze kënnen.

Facebook
Twitter