“D’Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt: Eng Erausfuerderung mat ville Chancen!” – Tribune libre vun Taina Bofferding a Georges Engel

“Digitaliséierung? Do hunn ech kee gutt Gefill. Dat Thema mécht mir e bëssen Angscht” – Taina, dee Saz kréien ech oft ze héieren, wann ech mat Kollegen, Frënn a Bekannte schwätzen.

Wäerten an Zukunft d’Roboter eis ganz Aarbecht maachen? Wat gëtt aus eis? Wat sollen eis Kanner da nach schaffen, fanne si iwwerhaapt nach eng Plaz?

Déi Ängscht a Suergen si verständlech.

Als LSAP als fortschrëttlech Partei, als eng Partei déi no vir denkt, huele mir dës Ängschten a Suergen eescht. Mir gesinn et als eis Aufgab, d’Problemer an d’Schwieregkeete kloer ze benennen, ouni mat den Ängscht vun de Bierger ze spillen an no Léisungen. A mir sichen no Léisunge fir d’Land op dëse Wiessel an der Aarbechtswelt beschtméiglechst virzebereeden.

Genau! Fir iwwert d‘Roll vun der Aarbecht an Zäite vun der Digitaliséierung nozedenken, fannen ech datt grad d‘sozialistesch Partei gefuerdert ass. Wëll d’LSAP war a bleift d’Partei vun de schaffende Leit.

Intressant ass an deem Kontext ass eng nei EU-Studie DESI, wat fir “Digital economy and society index” steet. Dës huet Lëtzebuerg eng gutt Zensur ausgestallt, wat d’Virbereedung op den digitale Fortschrëtt ugeet. Hei si mer déi 5. an Europa, hannert de skandinavesche Länner an Holland.

Dës gutt Plaz erkläert sech doduerch, dass mer elo schonn ouni Viruerteeler a mat enger positiver Astellung d‘Chancen vun der Digitaliséierung gesinn, ouni d’Froen an d’Suerge vun de Bierger aus den Aen ze verléieren. Lëtzebuerg steet also zimlech gutt do a punkto Infrastruktur an digitaler Ausbildung. Dat ass berouegend an d‘Resultat vun enger proaktiver Politik.

A vergiesse mär net Digitaliséierung beaflosst och haut schonns eist deeglecht Liewen, zum Beispill duerch digital Verwaltungen, denkent Maschinnen oder Autoen déi selwer fueren.

Changementer sinn deemno an der Aarbechtswelt onvermeidbar, dat muss een éierlech soen: verschidden Aarbechtsplaze wäerten ewech falen, anerer wäerten entstoen.

Effektiv… Haut ginn et Studien, déi weisen, dass zwar bestëmmte Beruffsbiller méi vun der Digitaliséierung betraff sinn, dass awer d’Zuel vun den Aarbechtsplazen net onbedéngt erofgoe muss.

Eng Rei vu peniblen a schwéieren Aarbechten kënne ganz gär vu Robotere gemaach ginn, d’Wësse vun den Aarbechter kann dofir besser agesat gi fir déi méi komplex Aarbeschtsgäng ze assuréieren. Och wäert ni op de Mënsch am Sozial- a Bildungsberäich kënne verzicht ginn. Hei besteet – trotz bzw. wéinst der Digitaliséierung – och an Zukunft en enorme Besoin u qualifizéiertem Personal.

An et wär paradox, wann duerch nei Technologien, d’Produktivitéit sech allgemeng géif verbesseren an d‘Leit awer net dovunner kéinte profitéieren. Mär däerfen déi eemoleg Chance net verpassen den digitale Wandel matzebestëmmen, sozialgerecht matzegestalten an esou d’Chancen déi sech fir d’Gesellschaft bidden, optimal ze notzen.

Genau Georges, dofir setze mär Sozialisten eis an!

Fir dass déi Leit déi schaffe bei deenen Ännerungen net verléieren, wäerte mär eis ëm se këmmeren an d‘Gesetzer upassen.

Mär wëlle keng nei Aarbechtsformen, wou d’Leit herno kee richtegen Aarbechtskontrakt méi hunn an aus dem Sozialsystem erausfalen. Besonnesch déi sozial Ofsécherung, am Fall vu Krankheet, Fleeg a Chômage, muss och an Zukunft garantéiert sinn, esou wéi och d’Recht op eng Pensioun.

Weider setze mär eis fir Schaffmodeller an, déi hëllefe Famill a Beruff ënnert een Hutt ze kréien.

Digitaliséierung ass eng Erausfuerderung, ouni Zweiwel, mä se bitt awer och eng Helle Wull vu Chancë fir eis alleguerten. Mär loosse keen zeréck! Dofir kämpfe mär als LSAP.

 

AUDIO: Tribune libre vum Taina Bofferding a Georges Engel.

Facebook
Twitter