CETA: Gréng Luucht vun der Chamber fir de Ratifikatiounsprozess

Den Donneschden de Metten huet den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn an der Chamber eng Deklaratioun iwwert de globale Wirtschafts- an Handelsvertrag tëscht der EU a Kanada CETA gemaach. Dës Deklaratioun schléisst sëch dem europäesche Conseil « Affaires étrangères – Commerce » un, den den 18. Oktober zu Lëtzebuerg zesumme komm ass fir eng Rei vun  ofschléissende Konklusiounen ze zéien. Allerdéngs, well keng gemeinsam Positioun konnt erreecht ginn. hunn déi europäesch Ministeren decidéiert hir Decisioun ze vertagen.

A senger Interventioun huet de Jean Asselborn Explikatiounen heizou an zu deene verschiddene vun de CETA-Kritiker ugeféierte Punkte ginn.

Den aussen- an europapolitesche  Spriecher vun der LSAP-Fraktioun, de Marc Angel, huet sengersäits eng vun de Regierungsparteien a vun der CSV gedroe Motioun abruecht an där ënner anerem d’Regierung opgefuerdert gëtt, weider Demarchen am Sënn vun zousätzleche Clarificatiounen a Verbesserungen ze ënnerstëtzen.

 Hei dem Marc Angel seng Interventioun fir nozeliesen (woubäi dat geschwatent Wuert zielt) an déi ugeschwaten, majoritär ugeholle Motioun.


 

Här President,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Fir d’alleréischt well ech dem Ausseminister Jean Asselborn nach eng Kéier dofir Merci soen, dass hien sech an deem Dossier hei esou staark engagéiert huet an och ëmmer erëm an der Aussepolitescher Kommissioun ons Deputéierten Ried an Äntwert zu deene neisten Entwécklungen am CETA-Dossier gestanen huet.

An där Entwécklungen gouf et der genuch, ons ass an der Kommissioun wierklech net langweileg ginn.  Den CETA- Dossier huet enorm Entwécklungen matgemaach, an deen Text deen haut virleit, ass schonn laang net méi deen, deen virun 2 Joer um Dësch louch. Dëst ass ee Punkt, deen ech haut hei wierklech ënnersträichen well.

Dobaussen op der Place publique gëtt jo leider en bësschen dat Bild vermëttelt, dass an deem Dossier hei op der enger Säit Zivilgesellschaft steet, an dausende Leit op d’Strooss ginn fir hier Fuerderungen ze stellen, an op der anerer Säit d’Politiker, déi awer maachen wat si wëllen.

Dobäi ass et dach villméi esou, dass d’Zivilgesellschaft, zesummen mat enger ganzer Rei Politiker, an deem Dossier hei immens vill erreecht huet. Den éischten Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun, den Frans Timmermans, huet ons dat nach virun 2 Deeg hei an dësem Sall bestätegt: d’europäesch Handelspolitik huet sech duerch dësen Débat fundamental verännert. Et fënnt haut en Débat iwwert en Thema statt, dat laang Zäit keen wierklech intresséiert huet. An dobäi geet et net nëmmen dorëms, op wéien Aart a Weis mer esou Accorden verhandelen, mee virun allem och, wéi mer den Welthandel an Zukunft gestalten wëllen. An dofir sollen mir all den Acteuren, déi sech agesat hunn an nach ëmmer asetzen, Merci soen.

An et huet sech och inhaltlech vill um CETA geännert. Den Text, iwwert deen et haut geet, ass net méi deen, deen am August 2014, beim Ofschloss vun den Verhandlungen, um Dësch louch. Am Text vun deemools waren am Kapitel zum Investitiounsschutz privat Schiedsgerichter nom alen Modell virgesinn. Dank den Protester aus der Zivilgesellschaft an dem décidéierten Asaz vun den sozialisteschen Ministeren aus 6 Länner – ënnert anerem onsem Ausseminister – sinn déi privat Schiedsgeriichter aus dem Text geholl ginn. Et ass eng Alternativ dozou entwéckelt ginn, déi en ëffentlecht Investitiounsgeriicht tëschent den EU-Länner an Kanada virgesäit, mat professionellen Riichter an mat der Méiglechkeet op en Recours. Eng Alternativ, déi laangfristeg dozou féieren soll, dass mer en internationaalt Investitiounsgeriicht schafen an alleguerten déi nach bestehend privat Schiedsgeriichter ofschafen. Dat ass en reellen, en wichtegen Fortschrëtt um Wee zu engem méi gerechten Welthandel!

D’Protester hunn och erreecht, dass en Zousazprotokoll ausgeschafft ginn ass, fir op enger ganzer Rei Punkten Kloerheet ze schafen, op deenen d’Interpretatiounen dovun, wéi den CETA auszeleeën ass, auserneen gaangen sinn. Dësen Zousazprotokoll, zumindest an senger aktueller Fassung, hunn mir jo och an der Aussepolitescher Kommissioun mam Minister diskutéiert.

Verschidden Kritiker soen elo, dësen Zousazprotokoll hätt nëmmen den Wäert vun enger Werbebroschure. Dat ass net esou. D’Interpretatiounen, esou wéi se vun dësem Protokoll virginn sinn, wäerten verbindlech sinn. Dëst ass duerch den Artikel 31 vun der Wiener Konventioun iwwert Recht vun Verträg geséchert, op deen sech explizit bezunn gëtt. Dësen Artikel 31 schreift fir, dass d’Interpretatioun vun engem Vertrag am Sënn vun allen zousätzlech Accorden tëschent den Partenairen muss erfollegen. Matt aneren Wieder: Wann am Zousazprotokoll steet, dass d’Artikelen vum CETA esou ze verstoen sinn, dass ëffentlech Déngschtleeschtungen net mussen privatiséiert ginn, dann mussen se och net privatiséiert ginn. Wann am Zousazprotokoll steet, dass all Wueren déi importéiert ginn eisen Standarden mussen entspriechen, dann mussen se dat och maachen. 

Wichteg ass et dofir ze kucken, wat an dem Zousazprotokoll genau drasteet an dann ze décidéieren, op dat duergeet. Domat kommen ech op d’Positioun vun der LSAP an dësem Dossier.

D’LSAP hat vun Ufank un eng kloer Linn an den Fräihandelsdossieren: Mir hunn d’Verhandlungen konstruktiv, mee awer ëmmer kritesch, begleet, an mir hunn zesummen matt onsen europäeschen Schwësterparteien Fuerderungen gestallt an Verbesserungen virgeschloen an ënnerstëtzt. D’LSAP huet sech ganz intensiv a laang mam CETA beschäftegt. Mir waren déi eenzeg Partei hei bannen, déi den Dossier och an aller Transparenz mat sengen Memberen op engem ëffentlechen Kongress diskutéiert huet. Mir hunn eis op deem Kongress virun allem mat Inhalter beschäftegt, anescht wéi dat leider vun verschiddenen do baussen verstanen gouf, an mir hunn vill gutt Argumenter vun béiden Säiten ausgetosch. An zum Schluss hunn mir en demokrateschen Vote geholl, en Vote, bei deem eng grouss Majoritéit vun onsen Memberen sech op enger Positioun ralliéiert huet.

Mir hunn an onser Motioun éischtens ons Ënnerstëtzung fir d‘Fuerderungen vun der Chamber vum 7. Juni ënnerstrach, dass den CETA en Accord mixte muss sinn an dass déi definitiv Décisioun iwwert d’Investitiounsgeriicht bei den nationalen Parlamenter leien muss.

Virun allem awer hunn mir ons Fuerderungen un Zousazprotokoller, déi zu deem Zäitpunkt jo eréischt verhandelt goufen, festgeluecht an kloer gesot, dass mir géint den CETA wäerten stemmen, wann des Punkten an den Zousazprotokolle net drastinn. Dëst waren déi Punkten, op deenen mir der Zivilgesellschaft Recht ginn hunn, dass den Text hei zevill Interpretatiounsspillraum léisst an wou mir dofir wollten, dass hei séchergestallt gëtt, dass den CETA an onsem Sënn interpretéiert ginn muss.

Als éischt hunn mir kloergestallt, dass den Protokoll eng juristesch Valeur muss hunn, well soss bréngt en jo effektiv guer näischt. Déi inhaltlech Fuerderungen dunn waren 1. D‘Sécherstellen vun der Neutralitéit an der Onofhängegkeet vun den Riichter, 2. D’Kloerstellung, dass d‘ëffentlech Déngschtleeschtungen net vun CETA betraff sinn an 3. D’Garantie, dass den Vorsorgeprinzip vun der EU an Kraaft bleift.

Ons Parteileitung gouf domat beoptraagt, ze iwwerpréiwen, op des Punkten vun den Zousazprotokolle erfëllt ginn. An hei sinn mir zum Schluss komm, dass den Zousazprotokoll an senger jëtzeger Fassung, dësen Punkten Rechnung dréit. Op d’juristesch Valeur sinn ech jo lo grad schonn agaangen, dat brauch ech also net méi ze widderhuelen.

Den Zousazprotokoll enthält en ganzt Kapitel zu den ëffentlechen Déngschtleeschtungen, wou konfirméiert gëtt, dass des vun all Staat an op allen Niveauen kennen esou regléiert ginn, wéi den Staat et fir richteg hält. Den CETA verlaangt weder Privatiséirungen vun dësen Déngschtleeschtungen, nach verhënnert en et, se erëm ze verstaatlëchen oder ze rekommunaliséiren.

Zum Vorsorgeprinzip steet dran, dass béid Säiten frei sinn, Regelungen zum Schutz vun der Ëmwelt an der Gesondheet ze treffen, déi si wëllen, an, dass all Wueren an Leeschtungen, déi importéiert ginn, sech un des Standarden an Normen halen mussen. Ausserdeem gëtt kloer gestallt, dass d’géigesäiteg Unerkennung vun Standarden fräiwëlleg ass an also nëmmen dann erfollegen wäert, wann och eng reell Gleichwäertegkeet do ass. Praktesch bedeit dat, dass den Vorsorgeprinzip, esou wéi en an der EU ugewannt gëtt, net a Gefor ass. Dest gëtt iwweregens och an engem zweeten Dokument, enger Déclaratioun vun der Europäescher Kommissioun, nach eemol bestätegt, wou si explizit schreift, dass den Vorsorgeprinzip, wéi en an den europäeschen Traitéen steet, an Kraaft bleift an vun der Kommissioun weider wäert ugewannt ginn.

Bei der Neutralitéit an der Onofhängegkeet vun den Riichter schlussendlech verflichten sech d’EU an Kanada dozou, direkt mam Ausschaffen vum „Code of conduct“ unzefänken, deen des Neutralitéit an Onofhängegkeet garantéieren soll. Eng ofschléissend Bewäertung vun dësem Code of conduct ass natierlech eréischt méiglech, wann dësen dann och virleit. Allerdéngs ginn mir dovunner aus, dass dat virun enger Ratifikatioun vum entspriechenden Deel vum Accord hei an der Chamber wäert de Fall sinn an mir des Bewäertung dann le moment venu kennen virhuelen.

Zu dësem Zäitpunkt awer gesinn mir ganz kloer, dass ons Bedingungen erfëllt sinn, fir dass den CETA Accord kann ënnerschriwwen ginn an an d’demokratesch Prozedur goen.


 

Motion CETA_20161020

Facebook
Twitter