Catégorie : Tribune libre

Gesundheits- und Pflegeberufe: Einmalige “Prämien sind gut aber attraktive Laufbahnen sind besser!” – Standpunkt von Yves Cruchten

Eng ‘Prime Unique’, esou wéi d’CSV se virgeschloen huet, fir dem Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur Merci ze soe fir hiren Asaz an der ablécklecher Kris, ass e schéine Gest. Dat seet den Yves Cruchten an engem Standpunkt. “Ech sinn awer der Meenung, dass dës Initiativ ze kuerz gräift, dass den Effekt dovunner schnell erëm verpufft”, ass den LSAP-President iwwerzeegt. A sengen Ae wier eng Opwäertung vun de Karriäre vun dëse Beruffer an en eenheetleche Kollektivvertrag eng besser a virun allem eng méi nohalteg Manéier fir de Concernéierten déi néideg Unerkennung ze ginn. Gläichzäiteg géifen doduercher wuel och déi eenzel Beruffer am Gesondheets- a Fleegesecteur, alles Beruffer déi a groussem Mooss perséinlechen Asaz géife verlaangen, méi attraktiv fir Jonker.

Continuer à lire »

“Séparation des pouvoirs?” – Den Alex Bodry ass “zu Gast” am “Land”

An engem Bäitrag am “Lëtzebuerger Land” vun dëser Woch geet den Alex Bodry op déi rezent Diskussioun iwwert d’Gewaltentrennung an. Den LSAP-Fraktiounschef beschreift de Rôle an d’Zesummespill vun deenen eenzelen Pouvoiren, weist mat Beispiller aus anere Länner op d’Gefore vun der Konzentratioun vun ze vill Muecht an enger Hand hin an erkläert schliisslech wéi hei zu Lëtzebuerg esou Situatiounen ausgeschloss ginn.

Continuer à lire »

“Datenschutz: eine gemeinsame Verantwortung” – Den Alex Bodry am “Land”

An engem “Zu Gast”-Bäitrag am neiste Lëtzebuerger Land befaasst den Alex Bodry sech mam Thema Dateschutz. Dass d’gesetzlech Reegele fir de Schutz vu persounebezunnen Donnéeën nëmmen ongenügend sinn, wier säit laangem, der Majoritéit an der Oppositioun, kloer gewiescht. Dofir sollt een sech elo zesummen ob déi komplex Léisung vun de Problemer konzentréieren, esou den LSAP-Fraktiounschef. Dëst wier fir d’Chamber och eng gutt Geleeënheet fir sech ze emanzipéieren.

Continuer à lire »

Alex Bodry: “Datenschutz, keine Bagatelle”

“Datenschutz, keine Bagatelle”: Am Journal vun haut schwätzt den Alex Bodry Kloertext a Saachen Datebanken vu Police a Justiz. Den LSAP-Fraktiounspresident erkläert a senger Tribun, virwat et an dësen Dossieren eng kollektiv politesch Verantwortung gëtt an proposéiert mat – virwat net – enger parteiiwwergräifender Gesetzesinitiative méi genau a streng Regelen festzeleeën.

Continuer à lire »