Catégorie : LSAP News

De Patient am Mëttelpunkt

De 6. Dezember start d’LSAP hir Informatiounscampagne “De Patient am Mëttelpunkt: fir eng besser Fleeg a Gesondheetsversuergung” mat den zoustännege Ministeren. Véier ëffentlech Konferenze sinn am ganze Land programméiert: D’Gesondheetsministesch

Continuer à lire »

Nei Konventioune mat de Kierchen: « E weidere Punkt vum LSAP-Wahlprogramm ass ëmgesat! »

Nodeems am Februar dëst Joer dat neit Gesetz zur Finanzéierung vun de Kierchefabricken ugeholl an déi lescht Woch d’Aféierung vun engem neutrale Wäerterunterrecht am Secondaire gesetzlech beschloss gouf, huet d’Chamber haut e weidere Schrëtt a Richtung Trennung vu Kierch a Staat gemaach.

D’Deputéiert hunn an hirer Sëtzung vun haut d’Neiregelung vun de Konventiounen tëscht dem Staat an de Glawensgemeinschafte gutt geheescht. E weidere Punkt vum LSAP-Wahlprogramm ass domadder ëmgesat.

Continuer à lire »

Aus Ulass vum GAYMAT 2016 zu Esch-Uelzecht: LGBT? LSAP!

An deene leschte Joren a Joerzéngten huet sech um Gebitt vun der Gläichstellung vu Lesben, Schwulen, Bisexuellen, transidenten an intersexuelle Mënschen scho villes zum Positiven verännert. Gläichgeschlechtlech Koppelen kënnen sech “pacsen” a neierdéngs och bestueden, a si net méi vum Adoptiounsrecht ausgeschloss. Am Aarbechtsrecht an a villen anere Beräicher ass d’Discriminatioun opgrond vum Geschlecht oder vun der sexueller Identitéit an Orientatioun verbueden. D’LSAP huet dës gesellschaftspolitesch Reformen dacks mat ugestouss an ëmgesat.

Continuer à lire »