Catégorie : Chambre-Discours

« Eng fortschrëttlech Familljepolitik beschränkt sech net op d’Ausbezuele vu Suen »

Um Dënschdegmëtten stëmmt d’Chamber d’Neiregelung vun de Familljenzoulage. Zentrale Punkt vun dëser Reform ass d’Vereenheetleche vun der Kannergeldsätz. D’Riednerin vun der LSAP, d’Taina Bofferding, huet an hirer Interventioun erkläert firwat mat dem neie System net gespuert gëtt a firwat, mat der Ofschafung vun der « Allocation d’éducation » kenger Famill de Choix a Bezuch vun der Organisatioun vun hirem privaten a beruffleche Liewen ewech geholl gëtt.

Continuer à lire »

„Wou Police drop steet, muss och Police dra sinn“

Am Joer 1999 goufe per Gesetz d‘Gendarmerie an d’Police fusionéiert. Zënterhier a virun allem an deene leschte Joren huet Lëtzebuerg sech a Saachen Demographie, a Saache Kriminalitéit an awer och och wat d’Gewunnechten an d’Mentalitéite vun de Leit ugeet, vill weider entwéckelt. Eng Police-Reform gouf deemno noutwenneg. Nodeems eng Revisioun vum Gesetz vun 1999 an der vireschter Legislaturperiod net erreecht gouf, huet d’Regierung vun LSAP, DP an „déi gréng“ sech dem Dossier ugeholl fir an noer Zukunft en entspriechende Projet virzeleeën.
De Reformprojet, gouf um Dënschdegmëtten am Kader vun enger Konsultatiounsdebatt an der Chamber diskutéiert.

Continuer à lire »

“Etat de la nation”: 5 Débaten, 9 LSAP-Riedner

Eng Neierung beim “Etat de la Nation” 2016 war, dass nieft der uschléissender, genereller Debatt och sektoriell Diskussiounen opgeschlësselt no véier Themeberäicher an der Chamber gefouert goufen. Dës Themeberäicher waren: “Économie a Kompetitivitéit”, “Sozial Kohäsioun a Wuelbefannen”, “Nohalteg Entwécklung” an “Institutiounen a Reform vum Staat”. D’LSAP-Positiounen duergeluecht hunn Alex Bodry, Franz Fayot, Tess Burton, Georges Engel, Cécile Hemmen, Taina Bofferding, Roger Negri, Yves Cruchten a Claude Haagen. E klénge Resumé.

Continuer à lire »