Brexit: “Et geet net duer, mam Fanger op alles ze weisen, wat an Groussbritannien falsch gelaf ass.”

De sougenannte Brexit huet um Donneschdegmëtten och d’Chamber beschäftegt. De Premier Xavier Bettel huet eng Regierungserklärung ofginn iwwert d’Konsequenze vum britesche Referendum vum 23. Juni. Spriecher fir d’LSAP am uschléissenden Debat war den Deputéierten a President vun der europapolitescher  Kommissioun, Marc Angel. Hei seng Interventioun fir nozeliesen (woubäi dat gesprachent Wuert zielt):


 

 

Här President,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

 

Ech hunn elo 23 Minutten Zäit vir iwwert eng Zukunft ze schwätzen, déi ech net kennen.

Déi keen vun ons haut hei bannen kennt.

Schold dorunner, dass mer haut nach net vill soen kennen, ass den David Cameron.

Net nëmmen war hien et, deen aus renger Muechtpolitik eraus en internen Tories-Konflikt op EU-Niveau ausdroen gelooss huet an seng 27 Partnerstaaten quasi gezwongen huet, sech mat briteschen Sonderwënsch auserneenzesetzen, statt sech em EU-Politik kennen ze këmmeren.

Erlaabt mir di kleng Freed, dass mir deen Deal den den Cameron am Februar ausgehandelt hat mam Europäeschen Conseil, elo an d’Dreckskëscht kënnen geheien.

Ech hunn et am Februar schonn hei op dëser Tribün gesot: d’Verschlechterung vun den sozialen Standarden war vir ons Sozialisten net akzeptabel. Ech sinn erliichtert, dass mer deen Virstouss elo endgülteg lass sinn.

Nodeems den Cameron dunn den Referendum verluer hat, huet en sech net wei en Staatsmann beholl, den Vote vum Vollek respektéiert an mat der Ëmsetzung ugefaang, wéi en et versprach hat, mee en huet säin Hutt geholl an well am September trëppelen.

 

Domat huet en dann Groussbritannien zousätzlech och nach mat engem Machtvakuum zréckgelooss, dat Period vun der Onsécherheet weider wäert verlängeren an souwuel Briten wei och 440 Milliounen EU-Bierger am Donkelen doriwwer léisst, wéi Zukunft wäert ausgesinn.

Des Onsécherheet schued net nëmmen der Wirtschaft , dem Maart mee virun allem och de Mënschen.

Ech denken do net nëmmen un di bal 7000 Britten di hei zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, mee och ganz konkret un de briteschen Student zu Paräis den net weess op en säin Studium kann an der EU zu Enn feieren oder di litauesch Famill di säit Joren an England lieft a schafft an sech elo do net méi wëllkomm fillt.

Säit dem Lissabonner Vertrag gëtt et jo mam Artikel 50 eng Prozedur fir en Austrëtt ze regelen, an un déi muss sech gehalen ginn.

Eréischt wann Groussbritannien d‘Prozedur aleet, wäerten Verhandlungen lassgoen.

Et wäerten keng Virverhandlungen ginn. Do waren sech di 27 Memberstaaten schnell driwwer eens – et ass een bal iwwerrascht, dass eng Decisioun an der EU awer nach sou séier falen kann, wann een well.

Villes iwwert Zukunft vun der EU an vun Groussbritannien hänkt vun deene Verhandlungen of.

Et ass awer ganz kloer, dass den Vote Konsequenzen wäert hunn, negativ Konsequenzen. An dëst natierlech um wirtschaftlechen mee och um politeschen an um strategeschen Plang.

An den UK waren déi Konsequenzen zumindest wirtschaftlech, iwwer Nuecht ze spieren. D‘britescht Pond huet 7% un Wäert verluer an ass op den déifsten Stand säit 1985 gefall. D’Boursen sinn weltwäit an de Keller gaangen, net nëmmen an Europa, mee och an den USA, China, Japan oder Australien. Fir d’EU schätzt d’Europäesch Zentralbank, dass den BIP em 0.3-0.5 % manner wäert wuessen, wéi virgesinn.

Hei zu Lëtzebuerg hunn mer bis elo keen direkten Impakt op ons Wirtschaft gespuert. Mee ons Regierung, ( wie mer gëschter vum Finanzminister an elo och vum Premier héieren hunn)war och op den Zeenario virbereet, och wann se, wéi mer alleguerten, mat engem aneren Resultat gerechent a gehofft hat.

Den Austrëtt vum UK ass net gutt fir onst Land , mee vue dass mer virbereet sinn, och keng Katastroph.

Et wäerten wuel eng Rei Firmen an Banken Aktivitéiten vun London op Lëtzebuerg verleeën.

Mer verléieren awer London och als direkten Partner an Alliéierten an Finanzfroen.

Ech well mech hei awer net ze laang mat der Wirtschaft ophalen, éischtens sinn dat vill Spekulatiounen, zweetens wäert dat Thema ons nach méi laang begleeden an mir wäerten en cours de route vun den Verhandlungen nach sécher méi wéi eemol drop ze schwätze kommen.

Populisten

Här President, Leif Kolleginnen a Kollegen,

De briteschen Referendum huet zu engem Resultat gefouert, dat d’Populisten an eng absolut nei Situatioun befördert.

Si hunn gewonnen.

Dat mussen mer unerkennen, déi Lektioun aus der Aart a Weis, wéi si d’Campagne dominéiert hunn, mussen mir léieren.

Jo, d’Populisten hunn gewonnen. An elo?

Statt ze meckeren an géint di aner ze hetzen, mussen si elo liwweren.

An si mussen mat deem eens ginn, wat se geschaafen hunn. Wat waren hier wichtegst Messagen a wéi gesäit et elo domadder aus?

–          D’Verspriechen, Suen déi op Bréissel ginn amplaz an hiren NHS ze stiechen, huet keng 24 Stonnen iwwerlieft. Net weider verwonnerlech, vue dass d’EU mam briteschen Gesondheetssystem näischt ze dinn huet an et ganz einfach den fehlenden Wëllen vun der neoliberaler Politik vun den Tories war, net méi Suen an den NHS ze stiechen.

–          Si wollten och keng Suen méi op Bréissel an den EU Budget schécken – mee elo entdecken ganz Regiounen, dass si vun Strukturfongen vun der EU ofhängeg sinn, oder dass an Nordirland Agrarsubventiounen 90% vum Akommes vun de Baueren ausmaachen.

An dass se des Subsiden vun hirer nationaler Regierung wäerten ersat kréien, ass méi wéi onsécher.

–          Matt am schlëmmsten ass awer den Haass innerhalb vun der Bevëlkerung, deen duerch déi populistesch Parolen geschuer gouf. Wann ee mat auslännerfeindlechen Parolen hantéiert, brauch ee sech net ze wonneren wann elo Rassisten all Hemmschwellen falen loossen.

En polnescht Kand, dat kräischt, well an senger Schoul een Ziedelen verdeelt wou drop steet, si missten elo endlech all eraus hei a Platz vir richteg Englänner maachen, ass kee Bild, dat ech je well hei erliewen. Leider hunn sech des Zort vun Berichter explosiounsaarteg vermehrt, säit der Decisioun zum Brexit. Et ass traureg, wéi schnell Leit hier Empathie iwwer Bord geheien.

Zu allem Iwell ass dem Boris Johnson näischt Aneschtes agefall wéi ze behaapten, dass Immigratioun keen grousst Thema beim Referendum gewiescht wier.

Hoffentlech fannen di Hären Johnson an Farage genuch Kräid fir ze friessen… di schéin Kraidfielsen vun Dover wäerten jo hoffentlech duer goen.

 

–          Den offiziellen Slogan vun der Brexit-Campagne war “Take back Control”. Ween iwwerhëllt Kontroll? Tories a Labour zerfleeschen sech intern, an et ass nach net kloer wien dann neien Premier vun den Tories soll ginn.

Kontrolle wouriwwer? Iwwert e Land, deem seng Bevëlkerung déif gespalten ass an Befürworter an Géigner vum Brexit, an Jonker, déi sech vun der aler Generatioun em hier Zukunft bedrunn villen, an Experten vun deenen een jo scheinbar d‘Nues voll hat.

Kontrolle wouriwwer? Iwwert eng Natioun, vun der net kloer ass, wéi laang hier Grenzen nach existéieren, wou d’Schotten sech op en zweeten Referendum virbereeden an Nordiren net wëssen, wéi et fir si weidergoen soll, an hoffen, dass et weder zu neien Grenzen an Nordirland nach zu neien Gewaltausbréch wäert kommen?

EU-Bashing

EU-Bashing ass einfach. Der EU hier Feeler opzezielen, sech bei onpopulären Decisiounen hannert der EU ze verstoppen, dat konnten Brexit– Leit richteg gutt. Elo mussen se Alternativen liwweren. Mee bis elo ass hinnen näischt aneschtes agefall, wéi den Erhalt vun den EU-Errungenschaften, déi se elo scheinbar nees entdecken, ze fuerderen. Vum Boris Johnson hunn mer bis elo just héieren, dass hien den vollen Zougang op den EU-Bannemaart erhalen well, an dass Briten och hier voll Reesfräiheet sollen behalen, genausou wéi Méiglechkeet, iwwerall an der EU ze wunnen an ze schaffen. Et ass vir ons, an ech denken vir d’EU allgemeng, ganz kloer dass des Fräiheeten, déi hien elo awer gären erhalen géif, just am gemeinsamen Pak vun allen 4 Grondfräiheeten kommen – an dass dat op Géigesäitegkeet muss berouen.

Iwwersat géif dat heeschen, dass Groussbritannien awer den Norwegeschen Modell unhëllt. Iwwersat géif dat heeschen, dass si sech weiderhin un EU-Regulatiounen halen mussen, mee keen Vote méi hunn. Iwwersat géif dat heeschen, dass si näischt gewonnen, mee vill verluer hunn.

Ech mengen, dass all dëst huet misste gesot ginn. Mee et geet net duer, mam Fanger op alles ze weisen, wat an Groussbritannien falsch gelaf ass.

Dësen Referendum ass och en Signal un di aner Memberen vun der EU. En Signal vun Onzefriddenheet.

Mir wëssen am Moment net, wei Referenden an aneren Länner ausgoen géifen.

Also, jo: och eng Portioun Selbstkritik ass ubruecht.

Mee och en Wee no vir gëtt gebraucht. An dësem Sënn hunn mer säit dem leschten Freiden schonn eng ganz Rei un – sorry– europäeschen Platituden héieren.

Ech well se net widderhuelen, well et sinn déi selwecht Saachen, déi mer alleguerten, och ech, säit Joren ëmmer erëm priedegen.

Ech gleewen och ëmmer nach un Visiounen vun engem méi staarken an engem méi sozialen an engem méi gerechten EUROPA, nëmmen: wann mer just a groussen Visiounen fuerderen, ouni konkret eppes ze maachen, verstinn Leit net firwat mir et dann net einfach dat maachen wat mer soen. An dorop well ech elo agoen.

Wat ass d’EU?

D’EU sinn schlussendlech mir alleguerten. D’EU ass dat, wat mir se sinn loossen – a se ass eben och dat net, wat mir se net sinn loossen. D’Leit hunn oft Gefill, dass si an der EU souwisou näischt ze soen hätten.

Dobäi hunn si wierklech alles ze soen – wann si konservativ wielen, an dat egal op an nationalen Wahlen oder an europäeschen, da kréien se eng konservativ EU, wann se progressiv wielen, kréien se eng progressiv EU.

Bei den leschten Europawahlen huet sech di konservativ Parteiefamill mam Verspriechen vum Jean-Claude Juncker duerchgesat Motto „ big on big things, a small on small things“ ze handelen.

D’ Iddi dohanner war, dass et näischt bréngt, bis an de leschten Detail alles ze reguléieren, wann een bei wichtegen Themen, wou mer europäesch Léisungen manifestement brauchen, näischt mëscht.

Dat war richteg – nëmmen, wat dobäi erauskomm ass, ass dass Europäesch Kommissioun haut effektiv manner an bestëmmten Beräicher reguléiert – ouni awer dass mer op den groussen Dossieren an am sozialen Beräich wierklech méi EU kritt hätten.

Firwat ass dat esou? Ganz einfach dowéinst, well dat eng Fro vun politeschen Majoritéiten ass. An et gëtt am Conseil, d.h. ënnert den nationalen Regierungen, momentan keng Majoritéit vir méi EU, z.b. op Themen wéi Migratioun , Grenzschutz, Energieunioun oder am Digitalen Beräich.

Dat gesäit een dorun, dass Länner wie Ungarn an d’Slowakei kloen virum EUGH, well si an der Flüchtlingsfro am Conseil iwwerstëmmt goufen, statt ze akzeptéieren, dass seen an engem demokratesche System eben och mol eng Kéier verléiert.

Dat gesäit een och dorun, dass déi nei Grenzschutzagentur, déi Kommissioun virgeschloen huet, am Conseil schonn nees verwässert gouf an e Nicolas Sarkozy am Frankräich sech schonn mol a Positioun bréngt a Stëmmung mëscht, bulgaresch Polizisten sollten keng franséisch Grenzen sécheren.

Déi Froen hei spillen och net eleng op der Brochlinn méi vs manner EU – et ass souguer schiedlech, wann mer déi Fro ëmmer nees dobäi stellen. Fänken mer dach net ëmmer nees bei null un. Wann mer bei all Kris erëm Institutiounen diskutéieren, komme mer inhaltlech net virun. An der Vergaangenheet ass d‘EU ëmmer doduerch virun komm, dass mir ons dorop konzentréiert hunn, a wéi engen Themen mer gemeinsam Léisungen brauchen.

Komm mir ginn fest dovun aus, dass mer d’EU als wichteg a richteg empfannen – an da streiden mer iwwert hier inhaltlech Ausriichtung. D’Méiglechkeeten vum Lissabon Vertrag sinn nach laang net ausgeschöpft. Mir Sozialisten sinn iwwerzeecht, dass mer gemeinsam sozial Mindeststandarden brauchen, vir op engem gemeinsamen Marché den Konkurrenzkampf „vers le bas“ ofzefiederen. Mir brauchen d’EU och an Ëmweltfroen, well de Klimawandel kann net national gestoppt ginn an d’Atomkraaftwierker halen sech eben och net un national Grenzen, falls eppes geschitt.

Gëschter Owend huet den Jean Asselborn sech mam Wolfgang Schäuble iwwert d’Ausriichtung vun der europäescher Politik gestridden. Béid sinn kloer vir d’EU – mee si hunn sech iwwert d’Inhalter vun der Politik gestridden. Dat brauchen mer an Zukunft méi, vill méi!

D’Europäesch Sozialdemokraten hunn eng Visioun vun engem sozialen, ökologeschen a fortschrëttlechen Europa, déi sech op villen Punkten vun dem momentanen Europa ënnerscheet. Mir wäerten se an Zukunft méi staark vertrieden.

Facebook
Twitter