Aus Ulass vum GAYMAT 2016 zu Esch-Uelzecht: LGBT? LSAP!

An deene leschte Joren a Joerzéngten huet sech um Gebitt vun der Gläichstellung vu Lesben, Schwulen, Bisexuellen, transidenten an intersexuelle Mënschen scho villes zum Positiven verännert. Gläichgeschlechtlech Koppelen kënnen sech “pacsen” a neierdéngs och bestueden, a si net méi vum Adoptiounsrecht ausgeschloss. Am Aarbechtsrecht an a villen anere Beräicher ass d’Discriminatioun opgrond vum Geschlecht oder vun der sexueller Identitéit an Orientatioun verbueden. D’LSAP huet dës gesellschaftspolitesch Reformen dacks mat ugestouss an ëmgesat.

Mee d’Welt ass nach net ganz rosa-rout ënnert dem Reebou! Villes bleift nach am Alldag vun de Concernéierten ze verbesseren. De Coming out ass nach ëmmer eng schwiereg Phas am Liewen vun de Betraffenen, déi negativ Réactiounen vun der Famill an der Gesellschaft fäerten. Bullying um Schoulhaff ass grad esou eng Réalitéit wéi Mobbing op der Aarbechtsplaz. De Suicide-Taux bei LGBTIQ-Jugendlechen läit ëm e Villfaches méi héich wéi am Altersgrupp insgesamt.

Dofir ass et wichteg, dass mir weider Efforten maachen, fir de Gedanken vun der Toleranz, dem Respekt an der Gläichberechtegung nach méi staark an eiser Gesellschaft ze verankeren, an déi vill Fortschrëtter, déi an de leschte Joren erreecht goufen, weider ze festegen a géint all Versuch ze verteidegen, fir se erëm réckgängeg ze maachen.

Dofir sti mir als LSAP.

SCHOUL a FRÄIZÄIT. D’Schoul, d’Maison-relais, d’Jugendhaiser a -clibb, an déi vill Sport- a Kulturveräiner sinn déi Plazen, wou Toleranz a Respekt geléiert a virun allem gelieft ginn.

De neie Wäerteunterrecht bitt sech un, fir mat Kanner a Jugendlechen altersgerecht iwwer Themen wéi Famill, Rollebiller vu Fra a Mann, Frëndschaft, Léift, Partnerschaft a Sexualitéit ze schwätzen. D’Léierpläng sollen der Diversitéit vun de Familljemodeller an Liewensentwërf Rechnung droen. Mobbing a Bullying hunn um Schoulhaff näischt verluer a mussen ënnerbonne ginn. D’Schoulen an d’Lycéeën sollen encouragéiert ginn, sech nach méi fir extern Intervenant’en (wéi z.B. de Planning Familial oder de Cigale) opzemaachen.

Mee och am paraschoulesche Milieu an an der Fräizäit muss de Prinzip gëllen : null Toleranz géintiwwer Intoleranz. All Kand an all Jugendlechen, och aus der LGBTIQ-Communautéit, muss sech an sénger Fräizäit sécher, acceptéiert an zougehéireg kënne spiren.

GESONDHEET… ass dat wichtegst am Liewen, seet de Volléksmond.

HIV an aner sexuell iwwerdrobar Infektiounen a Krankheeten sin zwar keen exklusiven LGBTIQ-Thema, mee besonnesch Männer déi (ongeschütze) Sex mat Männer hun, stellen nach ëmmer e Risikogrupp duer. Och wann et Fortschrëtter ginn an der Fuerschung a beim Traitement vun MST’en, bleiwen Opklärung a Preventioun kruzial. Als LSAP setze mir eis dofir an, dass d’Efforten an dësem Beräich nach verstäerkt ginn.

De pauschalen Ausschloss vun homosexuelle Männer vun der Bluttspend ass eng Form vun Diskriminatioun. Eenzeg an eleng dat tatsächlecht Risikoverhaalen soll den Ausschlag ginn, op eng Persoun zur Bluttspend zougelooss gëtt oder net.

TRANS* an INTER*. D’LSAP setzt sech an fir d’Rechter vun transidenten an intersexuellen Mënschen.

Fir Transgender muss et méi einfach ginn, hiren Etat civil ze änneren : duerch eng administrativ Prozedur, ouni medizinesch Agrëffer oder psychiatresch Behandlungen.

Intersexuell Kanner a Jugendlecher sollen d’Recht hunn, selwer iwwer hir Geschlechtsidentitéit kënnen ze décidéieren. Sie mussen dofir besser geschützt ginn géint (medezinesch onnéideg) geschlechtszouweisend Operatiounen an Therapien.

INTERNATIONAL. Och wann sech d’Situatioun fir LGBTIQ-Communautéit a ville Länner op der Welt verbessert huet, steet Homosexualitéit gréistendeels nach ënner (Doudes-)Strof. Och Trans- an Inter-Mënschen ginn Affer vun Discriminatioun, Mësshandlung a Gewalt.

Fir d’LSAP sinn d’LGBTIQ-Rechter och en Deel vun den universelle Mënscherechter, a fir de Respekt an d’Duerchsetzung vun dëse Mënscherechter setzte mir eis och um internationale Plang an.

Verfolgung opgrond vun der sexueller Identitéit oder der sexueller Orientatioun sinn als Asylgrond unzeerkennen.

Facebook
Twitter